Wat am Ufank e geheimnisvollt Waasser war, an deem d’Melusina gelieft huet a méi spéit och verschwonnen ass, wäit ewech vun de Blécker vun de Leit, dat huet sech am Laf vun der Zäit ëmgewandelt an ass a Form vu bestëmmte Pëtzer a Quellen zu enger allgemeng heelender Kraaft fir d’Leit ginn. Dofir hu mir dräi ënnerschiddlech lëtzebuergesch Seeërcher erausgepickt, an deenen d’Waasser an d’Persounen allkéiers eng aner Roll spillen.
Fir d’éischt hu mer d’Erzielung aus dem 9. Joerhonnert iwwer d’Heelwaasser fir de Keeser Karl de Groussen zu Helpert. Wéi de mächtege Karl de Grousse krank gouf, huet him weder säi Räichtum nach seng Muecht gehollef, erëm gesond ze ginn. An der So heescht et, datt e seng Heelung net a senge Palaise fonnt huet, mee an enger Quell zu Helpert – der haiteger Gemeng Helperknapp am Kanton Miersch. D’Quellwaasser aus deem klenge lëtzebuergeschen Duerf, wäit ewech vun der politescher Muecht vum Keeser, huet gewierkt, am Géigesaz zu den anere mënschlechen a keeserleche Mëttelen, déi bis dohinner alleguer versot haten.
Dës Erzielung sprécht dem Waasser eng besonnesch Autoritéit zou, well et den Herrscher heelt, awer gläichzäiteg och seng Roll als Keeser bestätegt. Et ass zwar net de Karl de Groussen, deen d’Waasser beherrscht, mee et ass d’Waasser, dat de Keeser legitiméiert. D’Heelung gëtt an dëser So zu engem gëttlechen Zeechen, dat seng Muecht zwar bestätegt, awer net garantéiert. D’Quell steet deemno iwwer dem Keeser, net ënner him.
Ganz anescht ass et an der So ëm de Sankt Pirmin. Hien ass am Géigesaz zum Karl de Grousse keen Herrscher, mee e Wanderpriedeger, dee sech de Kranken, Schwaachen an Ausgegrenzten zouwent. Wou hien erschéngt, entsprange Quellen, deenen hiert Waasser net nëmmen eenzeler, mee direkt ganz vill Leit heele kann. Am 8. Joerhonnert koum de Sankt Pirmin an dat lëtzebuergescht Duerf Kauneref am haitegen Naturpark Uewersauer an huet och do d’Quell um Fouss vum Bierg geséint.
Hien ass am Schlass zu Wolz ënnerkomm, wou hie vun der Schlasshärin, där hire Mann am Schlass vu Veianen a Gefaangenschaft war, opgeholl gouf. De Bouf vun der Schlasshärin war an enger schlechter gesondheetlecher Verfaassung an d’Séinung vum Hellege Pirmin sollt net duergoen, fir dee jonken Här ze heelen. De Wanderpriedeger huet der besuergter Mamm ugeroden, mat hirem Bouf bei déi vun him geséinte Quell zu Kauneref ze goen, fir do e bestëmmtent Ritual duerchzeféieren, fir datt de Bouf seng Gesondheet erëm sollt zeréckkréien.
Hei gëtt d’Heelwaasser an engem gewëssene Sënn demokratesch, well et net nëmme fir de Bouf vun der Schlasshärin agesat soll ginn, mee fir jiddereen zougänglech ass. Et ass also net exklusiv. De Pëtz gëtt an dëser Erzielung zum Uert vun der Hoffnung, bei deem sech d’Leit begéinen, versammelen, wäschen, drénken a bieden. De Prozess vun der Heelung ass éischter onspektakulär, well e méi am Hannergrond geschitt. Hei spillen de Glawen an d’Gemeinschaft eng méi wichteg Roll. Et kann ee soen, datt d’Waasser eng heelend Wirkung huet, well et gedeelt gëtt.
An der So vum Hellege Quirin an den dräi Jongfrae léisst dësen am Gronn vun der Stad Lëtzebuerg, no bei der Péitruss, eng Quell entstoen, déi krank Leit heele soll. Dräi Jongfrae bewaachen dës Quell a bezeien domadder, datt d’Wonner vun dësem Heelwaasser wierkt. Déi dräi sti symbolesch fir Glawen, Rengheet a Moral, wat wichteg Viraussetzunge sinn, fir datt d’Heelwaasser wierke kann. Niewent der Quell gouf eng Kapell mam selwechten Numm gebaut.
Enges Daags koumen dräi Nonnen, déi u Skrofele gelidden hunn – enger Zort vun Tuberkulos, déi kaum heelbar war – bei d’Sankt-Quirin-Quell op Lëtzebuerg. Si hate groussen Duuscht, hunn allen dräi Waasser aus der Quell gedronk a goufen direkt geheelt. D’Noriicht vun dësem Wonner huet sech séier verbreet, sou datt d’Quell an d’Kapell säitdeem zu engem beléifte Wallfaartsuert goufen.
An dëser Erzielung gëtt d’Heelung un eng gewësse Verantwortung geknëppt. D’Waasser heelt net automatesch, mee nëmmen dann, wann d’Gemeinschaft seng Bedeitung respektéiert. Opfälleg ass an dëser Erzielung d’Roll vun de weibleche Figuren. Wéi schonn an der Erzielung iwwer d’Melusina stinn och hei Fraen tëschent dem Waasser an der Baussewelt. Net méi als wëll Wiesen, mee als Hidderinne vum Hellegen. D’Waasser ass hei gezäämt, awer net entmuecht.
Vun der Melusina-Erzielung iwwer de Karl de Groussen, den hellege Pëtz a bis zu der Quell vum Hellege Quirin zitt sech e Roude Fuedem: D’Heelwaasser heelt ni just de Kierper. Et uerdent och d’Welt, bestätegt d’Muecht, stëft Gemeinschaft oder fuerdert Respekt. D’Lëtzebuerger Quelle berichten eis bis haut doriwwer: lues, bestänneg an ëmmer fléissend.
Och hautdesdaags zitt et d’Leit zu Lëtzebuerg ëmmer erëm bei d’Waasser. Beléift Aktivitéite wéi e Besuch am Domaine thermal zu Munneref, bei de Weieren zu Rëmerschen oder aktive Waassersport un der Musel oder Ausflich un d’Our an d’Sauer. Hei sichen d’Awunner an d’Touristen Erhuelung, Entspanung a virun allem eng Auszäit vum stressegen Alldag.
D’Roll, déi fréier d’Heelwaasser hat, fir eis gesond ze kréien, iwwerhuelen haut Aktivitéite wéi Wellness, Schwammen oder Ausflich an d’Natur oder bei déi sëllege Flëss a kleng Quellen am Ländchen. D’Bedierfnes no Regeneratioun a banneschter Balance bleift bestoen, just d’Bezeechnung huet sech geännert.
Eis Quellen am Land sinn also méi wéi nëmme Plaze mat frëschem Waasser: Se si lieweg Zeie vun enger laanger Traditioun, an där d’Waasser Liewe spent, verbënnt a Kraaft schenkt. Wien haut op enger vun dëse Plaze verweilt, spiert vläicht onbewosst oder och bewosst déi ural Verbindung zu der legendärer Waassernix Melusina an zu den hellege Pëtzer a Quellen aus den alen Erzielungen. Se fungéieren als Bréck tëschent Vergaangenheet a Géigewaart, tëschent Mythos an Erliefnes.
En Artikel vum Eric Rings