Virun zimmlech genee 14 Joer, den 13. Juli 2011, huet d’Chamber a Presenz vu ville Betraffenen d’Konventioun vun de Rechter fir Leit mat enger Behënnerung ratifizéiert. Zu dësem Zäitpunkt hat sech d’Zouversiicht, datt de gewënschte Paradigmewiessel endlech stattfënnt, breetgemaach. D’Resultat geet och zwee Aktiounspläng duerno allerdéngs kaum iwwer gutt Virsätz, Walkampfverspriechen an e puer gutt Initiativen eraus. A Wierklechkeet huet sech den Inhalt vun der UN-BRK (Behënnerterechtskonventioun vun de Vereenten Natiounen) iwwer d’Joren als eng zimmlech variabel Mass erausgestallt:
Et gëtt zwar zënter 2018 eng formell Unerkennung vun der däitscher Gebäerdesprooch, d’Geleeënheet fir eng substanziell Ënnerfidderung vun dësem Gesetz duerch Unerkennung an Opwäertung vun den néidege Beruffsgruppen (Pedagoge fir d’Gebäerdesprooch, Dolmetscher asw.) gouf allerdéngs verpasst. Dat hat als Konsequenz, datt heefeg Funktiounen, Qualifikatiounen an Interessie vermëscht ginn, woubäi ëmmer déi méi finanzkräfteg gewannen. A Wierklechkeet koum et nach 2021 an der Chamber zu Peinlechkeeten, ewéi bei enger Diskussioun iwwer den Aarbechtsmaart fir Leit mat enger Behënnerung oder bei enger parlamentarescher Fro zur Gebäerdesprooch, ouni datt hei wéinstens e Gebäerdedolmetscher an den Asaz koum.
Zënter de virgezunnene Wale vun 2013 gëtt eis perséinlech Ënnerstëtzung versprach: Fir dësen Zweck gouf an der Vollekszielung vun 2021 eng statistesch Erhiewung gemaach, laut där 14,7 % vun der Bevëlkerung vun enger méi oder manner staarker Beanträchtegung betraff sinn. Fakt ass allerdéngs, datt d’Fleegeversécherung dësen am Artikel 19 vun der UN-BRK zertifizéierte Rechter bei hirer Reform tëschent 2014 an 2017 kaum Rechnung gedroen huet. Tatsächlech gouf eréischt Mëtt 2018, no massive Protester a Startschwieregkeeten, duuss nogebessert. Och e Rechercheprojet vum Familljeministère an dem LISER zum Theema, bei deem Behënnertenorganisatiounen 2023 net manner wéi 40 Aarbechtsstonnen investéiert hunn (ouni dofir vun hirer eigentlecher berufflecher Tätegkeet fräigestallt ginn ze sinn) huet bis haut nach keng Verännerungen an eisem Alldag respektiv iwwerhaapt en Dokument mat Schlussfollgerungen a Propose vum Ministère ervirbruecht.
Obwuel spezialiséiert Bildung „net verbueden“ ass, wéi de Staatsrot an den Educatiounsminister Meisch am Zesummenhang mam Gesetzesprojet 7181 betount hunn, bleiwen awer wichteg Impulser, déi d’Recht op Inklusioun an der Schoul fërderen, aus.
D’Accessibilitéit vun der ëffentlecher Infrastruktur gehéiert onbedéngt derzou; allerdéngs ass et och hei e Fakt, datt dat Ganzt, ofgesi vun enger Rei gudder Initiativen um Terrain vun der Stad Lëtzebuerg (Luxtram, CFL, Stad Lëtzebuerg), nëmme lues virukënnt. De Gesetzesprojet 7346 ass schonn zënter dräi Joer gestëmmt, an eng zäitno Ëmsetzung (virun der festgeluechter Deadline vum Januar 2032) ass awer net a Siicht. Tatsächlech gëtt et Gemengen, ewéi zum Beispill Diddeleng, déi d’Interessie vun hire Bierger a Biergerinne mat enger Behënnerung nëmme ganz ongenügend ëmsetzen oder heefeg guer net berücksichtegen. Beispill Miersch: Obwuel d’Blannenheem hei zënter Joerzéngte säi Sëtz huet, gouf bis elo op zentrale Plazen ewéi der Méchelsplaz (no bei der Gemeng) a bei aneren neie Stroossebauten op e globaalt Konzept fir d’Accessibilitéit verzicht.
Wéi schonn erwäänt, gëtt et allerdéngs och positiv Beispiller, déi bestätegen, datt e konsequent Ëmsetze vun den Ufuerderunge vun der UN-BRK kee Luxus, mee zilféierend ass:
Virreider ass hei tatsächlech d’Stad Lëtzebuerg, déi zënter 2008 mam Madeleine Kayser eng Behënnertevertriederin huet, déi mat vollem Asaz déi betraffen Acteuren an Aktiounen an dësem Beräich koordinéiert: Sou fannen zum Beispill zënter 2009 reegelméisseg Reflexiounsdeeg, bei deenen Entscheedungsträger a Betraffener zesummekommen, statt. Zënter 2012 sinn och Sensibiliséierungswoche fir d’Ëffentlechkeet e feste Bestanddeel vum Joresprogramm vun der Stad a vu ville Veräiner. Esou eng Koordinatioun gëtt och op nationalem Plang gefuerdert.
Luxtram ass e weidert perfekt Beispill dofir, datt nëmmen zesumme mat eis Betraffenen zefriddestellend Léisunge kënnen erreecht ginn. Déi am Zesummenhang mam Tram gebauten Infrastrukturen (Funiculaire, Pafendaller Gare asw.) gehéiere mat zu den zougänglechsten am ganze Land. Dës Errongenschaften um Terrain vun der Stad Lëtzebuerg, zu Miersch, Ettelbréck a Péiteng déngen op nationalem Niveau als Schutzschëld, fir ze argumentéieren, datt d’Accessibilitéit schonn erreecht ass an dowéinst villen Notzer zum Beispill den Zougang zum Adapto ka gestrach ginn. D’Zougangskonditiounen op der Beetebuerger Gare (a villen aneren) an zu den Intercity-Bussen (ouni Lift, ouni akustesch Ukënnegunge vun den Arrêten a mat héijen Träppleker) schwätzen eng ganz aner Sprooch.
Am kulturelle Beräich gëtt et och gutt Initiativen, mat Audiodeskriptiounen am Theater (Stad Lëtzebuerg an Esch) z. B., mee wann et ëm daagdeeglech Bankgeschäfter geet, wou d’Guicheten (och no der Pandemie) nëmme méi 3 Stonne pro Schaffdag disponibel sinn, wärend d’Accessibilitéit vu Bancomaten, Appen a Websäiten op sech waarde léisst, muss ee souguer vun engem bedenkleche Réckschrëtt schwätzen.
D’Motiv fir Diskriminatioun, dat zënter 2011 am heefegsten an de Statistike vum Zenter fir Gläichbehandlung (CET) optaucht, ass net fir näischt d’Behënnerung. D’Theemen Accessibilitéit an Net-Abezéie vun de Besoine stiechen och hei kloer eraus. An eisen direkten Nopeschlänner gëtt et zwar méi kloer gesetzlech festgeluechte Bekenntnisser zum Recht op Accessibilitéit a perséinlech Ënnerstëtzung, mee et stellt sech och hei eraus, datt den Däiwel heefeg am wirtschaftlechen Detail stécht. Allerdéngs weisen déi skandinavesch Länner schonn zënter Joerzéngten, datt et hei keng Géigesätz gëtt – am Géigendeel: Als Gesellschaft, déi ëmmer méi al gëtt, si mir gutt beroden, den Design-for-all, déi onofhängeg Liewensféierung an d’Abezéie vu Veräiner net méi als Luxus, mee als néidege Schrëtt unzeerkennen an d’Defiziter konkreet a virun allem schëtzeg unzegoen.
En Artikel vum Patrick Hurst
President vun „Nëmme Mat Eis!“ an Ex-President vum Zenter fir Gläichbehandlung (CET)