Gutt Virsätz ginn net duer!

Virun zimmlech genee zéng Joer, den dräizéngte Juli 2011, huet d’Chamber a Presenz vu ville Betraffenen d’Konventioun vun de Rechter fir Leit mat enger Behënnerung ratifizéiert. Zu dësem Zäitpunkt hat sech d’Zouversiicht, datt de gewënschte Paradigmewiessel endlech stattfënnt, breetgemaach. D’Resultat geet allerdéngs kaum iwwer gutt Virsätz, Walkampfverspriechen an e puer gutt Initiativen eraus. A Wierklechkeet huet sech den Inhalt vun der UN-BRK (Behënnerterechtskonventioun vun de Vereenten Natiounen) iwwer d’Joren als eng zimmlech variabel Mass erausgestallt:

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Et gëtt zwar zënter 2018 eng formell Unerkennung vun der däitscher Gebäerde­sprooch, d’Geleeën­heet vun enger substanzieller Ënner­fidderung vun dësem Gesetz duerch Uner­kennung an Opwäertung vun den néidege Beruffs­gruppen (Pedagoge fir d’Gebäerdesprooch, Dolmetscher asw.) gouf allerdéngs verpasst. Dat hat als Konsequenz, datt heefeg Funktiounen, Qualifikatiounen an Interessie vermëscht ginn, woubäi ëmmer déi méi finanz­kräfteg gewannen. A Wierklechkeet kënnt et nach 2021 an der Chamber zu Peinlech­keeten, ewéi bei enger Diskussioun iwwer den Aarbechtsmaart fir Mënsche mat enger Behënnerung oder bei enger parlamentarescher Fro zur Gebäerdesprooch, ouni datt hei wéinstens e Gebäerdedolmetscher an den Asaz koum.

Zënter de virgezunnene Wale vun 2013 gëtt eis perséinlech Ënnerstëtzung versprach: Fir dësen Zweck soll och eng statistesch Ermëttlung vun de Besoine vun de Betraffene gemaach ginn. Fakt ass allerdéngs, datt d’Fleege­versécherung dësen am Artikel 19 vun der UN-BRK zertifizéierte Rechter bei hirer Reform tëschent 2014 an 2017 kaum Rechnung gedroen huet. Tatsächlech gouf eréischt Mëtt 2018, no massive Protester a Start­schwiereg­keeten, duuss nogebessert.

Obwuel spezialiséiert Bildung „net verbueden“ ass, wéi de Staatsrot an den Educatiounsminister Meisch am Zesummenhang mam Gesetzesprojet 7181 betounen, bleiwen awer wichteg Impulser, déi d’Recht op Inklusioun an der Schoul fërderen, aus.

D’Accessibilitéit vun der ëffentlecher Infrastruktur gehéiert onbedéngt derzou; allerdéngs ass et och hei e Fakt, datt, ofgesi vun enger Rei gudder Initiativen um Terrain vun der Stad Lëtzebuerg (Luxtram, CFL, Stad Lëtzebuerg), dat Ganzt nëmme lues virukënnt. De Gesetzesprojet 7346 ass schonn zënter dräi Joer um Instanzewee an eng séier Ëmsetzung ass aktuell net a Siicht. Tatsächlech gëtt et nach Gemengen, ewéi zum Beispill Diddeleng, déi d’Interessie vu hire Bierger a Biergerinne mat enger Behënnerung nëmme ganz ongenügend ëmsetzen oder heefeg guer net berücksichtegen. Beispill Miersch: Obwuel d’Blannenheem hei zanter Joerzéngte säi Sëtz huet, gouf bis elo op zentrale Plazen ewéi der Méchelsplaz (no bei der Gemeng) a bei aneren neie Stroossebauten op Mesurë fir d’Accessibilitéit verzicht.

Wéi schonn erwäänt, gëtt et allerdéngs och positiv Beispiller, déi bestätegen, datt e konsequent Ëmsetze vun den Ufuerderunge vun der UN-BRK kee Luxus, mee zilféierend, ass:

Virreider ass hei tatsächlech d’Stad Lëtzebuerg, déi zënter 2008 mam Madeleine Kayser eng Behënnerte­vertriederin huet, déi mat vollem Asaz déi betraffen Acteuren an Aktiounen an dësem Beräich koordinéiert: Sou fannen zum Beispill zënter 2009 reegel­méisseg Reflexiouns­deeg, bei deenen Entscheedung­sträger a Betraffener zesummekommen, statt. Zënter 2012 sinn och Sensibiliséierung­swoche fir d’Ëffentlechkeet e feste Bestand­deel vum Jores­programm vun der Stad a vu ville Veräiner. Esou eng Koordinatioun gëtt och op nationalem Plang gefuerdert.

Luxtram ass e weidert perfekt Beispill dofir, datt nëmmen zesumme mat eis Betraffenen zefriddestellend Léisunge kënnen erreecht ginn. Déi am Zesummenhang mam Tram gebauten Infrastrukturen (Funiculaire, Pafendaller Gare asw.) gehéiere mat zu den zougänglechsten am ganze Land. Dës Errongenschaften um Terrain vun der Stad Lëtzebuerg mussen allerdéngs op nationalem Niveau als Schutzschëld déngen, fir ze argumentéieren, datt d’Accessibilitéit schonn erreecht ass an dowéinst villen Notzer zum Beispill den Zougang zum Adapto ka gestrach ginn. D’Zougangskonditiounen op der Beetebuerger Gare (a villen aneren) an zu den Intercity-Bussen (ouni Lift, ouni akustesch Ukënnegunge vun den Arrêten a mat héijen Träppleker) schwätzen eng ganz aner Sprooch.

D’Motiv fir Diskriminatioun, dat zanter 2011 am heefegsten an de Statistike vum Zentrum fir Gläichbehandlung (CET) optaucht, ass net fir näischt d’Behënnerung. D’Theemen Accessibilitéit an Net-Abezéie vun de Besoine stiechen och hei kloer eraus. An eisen direkten Nopeschlänner gëtt et zwar méi kloer gesetzlech festgeluechte Bekenntnisser zum Recht op Accessibilitéit a perséinlech Ënnerstëtzung, mee et stellt sech och hei eraus, datt den Däiwel heefeg am wirtschaftlechen Detail stécht. Allerdéngs weisen déi skandinavesch Länner schonn zanter Joerzéngten, datt et hei keng Géigesätz gëtt – am Géigendeel: Als Gesellschaft, déi ëmmer méi al gëtt, si mir gutt beroden, den Design for all, déi onofhängeg Liewensféierung an d’Abezéie vu Veräiner net méi als Luxus, mee als néidege Schrëtt unzëerkennen an d’Defiziter konkreet a virun allem schëtzeg unzegoen.

En Artikel vum Patrick Hurst
President vun Nëmme mat eis a vum Centre pour l’égalité de traitement (CET)

Placeholder Dummy template

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.