Gutt gekleet fir dee wichtegsten Dag vum Liewen

Wou d‘Braut an hire Bräitchemann sech akleeden

De Restaurant ass scho laang reservéiert, de Menü ass erausgesicht a geschmaacht, d‘Blumme fir op den Dësch si bestallt an och d‘Invitatioune si scho verschéckt, am Prinzip hu mir un alles geduecht! Awer eppes ganz Wichteges feelt nach! En Hochzäitskleed! An e Kostüm!

No engem kuerzen Telefonsgespréich maache mir eis op de Wee Richtung Mëtt vun eisem Ländchen. Zu Rolleng bei Miersch fanne mir d‘Boutique Élégance, e Lëtzebuerger Betrib, spezialiséiert op Brautmoud. An dat scho säit 22 Joer.

An enger flotter Ambiance gi mir vum Ghislaine, der Cheffin vum Haus, empfaangen. „2007 sinn ech am Betrib gelant, deemools nach zu Ettelbréck“ erzielt si eis. De Betrib selwer gëtt et scho säit 22 Joer. Haut gëtt de Buttek vum Ghislaine eleng, zesumme mat sengem Liewenspartner, gefouert.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Wann een erakënnt, fillt een sech direkt wuel, jo bal ewéi doheem. „A genee esou soll dat och sinn,“ seet d‘Ghislaine. „Hei soll kee Stress entstoen, schliisslech sicht een hei seng Kleeder fir dee schéinsten Dag vum Liewen eraus“. An der Boutique Élégance fënnt ee vun allem, vu buedemstänneg bis ausgefalen. Awer eppes ass sécher, bal all Kleed ass en Eenzelstéck, loosse mir eis soen. An och wann d‘Kleed oder de Kostüm net vun Ufank u passt, am Ghislaine senger Boutique gëtt dat, wat net passt, passend gemaach. Natierlech schwätze mir hei vum Gezei an net vun der zukünfteger besserer Hallschent! „Mir ass et egal, wéini de Client bei eis kënnt a wéi laang mir mussen dru schaffen, bis et passt. D‘Haaptsaach ass, datt et um schéinsten Dag vum Liewen net iergendwou zwackt“.

Eng Cliente ass extra aus der Schwäiz op Lëtzebuerg komm, fir e Brautkleed erauszesichen an duerno op Paräis weidergefuer, fir sech nach anerer unzekucken. Awer zum Schluss huet sech e Brautkleed aus dem Ghislaine senger Boutique op d‘Rees an d‘Schwäiz gemaach. „Wann s de moies d‘An opméchs an du gesäis als éischt dat Kleed, da weess du, datt et dat Richtegt ass,“ seet d‘Ghislaine senge Clienten.

„Et freet een sech zesumme mam Client a féiwert praktesch mat op dee groussen Dag hin. Et begleet een de Client op senger Rees, an och wann een dee groussen Dag net live materlieft, ass ee vun de schéinste Momenter, wann een erëm eng Kaart mat flotte Fotoen an e puer léiwe Wierder an der Bréifkëscht fënnt.“

An och no 11 Joer an der Boutique Élégance erlieft een emol eppes Neies. Esou huet d‘Ghislaine virun e puer Joer däerfen déi éischt gläichgeschlechtlech Koppel akleeden. Zwou Dammen. „Et war ongewinnt, awer richteg, richteg schéin!“

De Buttek ass dem Ghislaine säi Kandheetsdraam an dat mierkt een. Seng Häerzlechkeet a seng Passioun fëllen de ganze Buttek, geneesou ewéi d‘Brautkleeder, eent méi schéin ewéi dat anert. Vu wäiss bis faarweg, hei fënnt een alles, wat d‘Häerz begiert.

Gutt gekleet fir dee wichtegsten Dag vum Liewen?
Och op de leschte Stëppel?

Rendez-vous zu Rolleng bei Miersch an der Boutique Élégance!

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.