Den Datum vun der Hochzäit ass endlech fonnt. Et war e ganz grousst Stéck Aarbecht bis dohin. Wou fanne mer e Paschtouer, deen nach Zäit huet, wou gëtt et e Restaurant, dee genuch Plazen huet, oder eventuell e Festsall vun enger Gemeng, deen nach fräi ass? Entscheede mer eis fir e Festsall, da musse mer eng Cateringsfirma fannen, déi hiert d’Commande-Buch nach net voll huet. Wéi ass et mat der Dekoratioun, mat de Blummen, mam Fotograf? Loosse mer Invitatiounskaarten drécken oder gi mer bei all déi Leit heem, déi mer wëllen invitéieren? Kënne mer eis selwer ëm alles bekëmmeren oder brauche mer eventuell e «Wedding-Planer»? A wéi ass et mam Brautkleed? Muss dat bestallt ginn a wéi laang dauert dat dann? Léiwer also mol en Datum an engem oder zwee Joer eraussichen, oder?
De Besuch beim Restaurateur mat der Wiel vum Menü fir déi 80 Leit dauert scho seng Zäit. Den Devis räisst deen een oder anere ganz séier aus sengen Dreem. Da kuckt een sech eben no engem Festsall ëm. Keng einfach Saach, nach e fräie Sall ze fannen. E puer Honnert Euro Loyer an e puer Honnert Euro fir d‘Kautioun – allez hopp, dat geet. Elo muss de Catering bestallt ginn… an… an… an!
Dës Geschicht kéint een elo weider verzielen, mee dat géif hei ze wäit féieren. Mee et kann een sech awer d’Fro stellen, wien haut nach un enger Hochzäit verdéngt. Fréier war dat mol de Blummenhändler, fir mat deem unzefänken. „Jo, fréier ass d’Brautpuer bei eis komm, an hunn alles bestallt, vun dem Brautbouquet bis zur Dëschdekoratioun an de Blumme fir an der Kierch oder fir op der Gemeng oder och nach fir als Dekoratioun vum Brautauto. Et goufen dann herno och nach vill Blummen a Planze vu Leit bestallt, déi dem Brautpuer domat wollten e Cadeau maachen,“ sou déi laangjäreg Fleuristin Christiane Wetzel. „Haut ass dat ganz anescht. D’Braut kënnt nach, fir e Brautbouquet erauszesichen, mee wat d’Deko ubelaangt, do heescht et oft, datt eng Frëndin, eng Cousine oder soss een dat mécht, well déi dat esou gutt kann. An der Kierch sinn et oft Veräiner, déi sech ëm d’Blumme bekëmmeren, déi se dann iergendwou an engem Supermarché akafen. Am Resumé: Hochzäite spigelen sech an eisem Joresbilan kaum nach erëm.“
Ganz aner Téin ginn et bei de Cateringsfirmaen. „Mir hunn an deene leschte Joren een immensen Zouwuess, wat d’Commandë fir Hochzäiten ubelaangt. Eis Offeren hunn sech deem och ugepasst. Haut kënne mer alles liwweren, wat gebraucht gëtt. Mir bekëmmeren eis ëm d’Iessen, ëm d’Gedrénks, ëm d’Still an d’Dëscher, ëm d’Dekoratiounsartikelen an d’Blummen, ëm Dëschnappen an Zerwéiten, ëm de Parzeläin an d’Läffelsgeschir, ëm de Service, eben ëm alles, wat gebraucht gëtt.“ Déi dräi Caterer, déi mir ugeschwat hunn, soten eis unisono: „D’Ausriichte vun Hochzäiten ass fir eis e ganzt wichtegt Geschäft ginn.“ Och wann et ganz schwéier ass, een Duerchschnëttspräis unzeginn, sou muss een awer tëschent 120 bis 160 Euro pro Gaascht rechnen. Mee wéi gesot, de Präis hänkt vu ganz ville Facteuren of, wéi z.B. dem Menü, dem Schampes an dem Wäin, der Zuel vum Personal, fir nëmmen dat ze nennen. „Mir haten och alt schonn eng Hochzäit mat 150 Leit an engem Pro-Kapp-Präis vun 220 Euro.“
„Ech kann net soen, datt et nach e grousst Geschäft ass, awer ëmmerhin …“ sou e Beruffsfotograf. D’Leit wieren haut net méi esou drop aus, e Beruffsfotograf mat den Hochzäitsfotoen ze beoptragen. „Am digitalen Zäitalter gëtt oft ugeholl, datt et och mam Kolleg sengem Fotoapparat duergeet, fir d’Fotoe vun der Hochzäit ze maachen. Et gëtt a ville Fäll absolut kee Wäert méi op e flotten Hochzäitsalbum méi geluecht. D’Brautpuer kënnt eventuell nach fir Portraitsfotoen oder déi eng oder aner Foto, fir herno grouss ze zéien.“ D’Präisser fir eng Hochzäit sinn och hei ganz verschidden. De Fotograf kann do „Artistepräisser“ froen, hie kann awer och mat de Féiss um Buedem bleiwen. Laut eisen Ëmfroe reecht d’Präisspan vu 600 Euro fir en Album bis 2800 Euro.
Wat Drocksaachen ubelaangt, do goufe fréier d’Invitatiouns-, d’Menüs- an och Remerciementskaarten an enger Dréckerei bestallt. Haut maachen déi meescht dat selwer doheem um Computer, och wann dat eng schlechter Qualitéit ass, wéi beim Dréckermeeschter.
Fir d’Kleederbranche ass eng Hochzäit nach interessant. Vum Brautkleed bis dem Mann säi Smoking oder extravagante Kostüm, vun de schéine Kleeder fir d‘Virbraut bis zum spezielle Kleed oder Kostüm fir d’Familljememberen, asw. Fir e Brautkleed muss een haut tëschent 900 a 4000 Euro op den Dësch leeën. Och hei ass et erëm schwéier, méi genau Präisser unzeginn, well et hänkt ganz vum Design, vum Stoft an der Veraarbechtung of, wat um Präisschëld steet.
Da ginn et och nach déi Geschäfter, déi de System vun enger »Liste de mariage« ubidden. Hei ginn haaptsächlech Elektro-Haushaltsapparater oder soss Artikele fir an dee spéidere Stot gefrot. „Dat ass schonn eng wichteg Einnahmequell fir eis“, sou e Geschäftsmann, „mee et huet awer och an deene leschte Jore schonn erëm ofgeholl. Vill Brautpuere ginn op dee Wee, datt si einfach e Bankkont uginn, wou déi Leit, déi hinnen e Cadeau wëlle maachen, eppes drop iwwerweise kënnen.“
Zu gudder Lescht nach eppes, wat och hei zu Lëtzebuerg esou lues awer sécher opkënnt: Den Asaz vun engem „Wedding-Planer“, deen sech ëm alles bekëmmert. Dat mécht deen natierlech net wéinst de schéinen Ae vun der Braut, mee dee léisst sech seng Aarbecht mat borer Mënz bezuelen. Am Duerchschnëtt verdéngt e „Wedding-Planer“ bis zu 20 Prozent vum gesamten Hochzäitsbudget, deen an der Moyenne hei zu Lëtzebuerg bei geschätzten 18000 bis 28000 Euro läit.
En Artikel vum Roger Infalt