Grillen, méi ewéi nëmmen en Hobby?

Seng Terrass huet hien an eng Baussekiche, ekipéiert mat héichwäertege Grillapparaten, vun deene mir déi meescht komplett onbekannt sinn, verwandelt. Am Hannergrond: gréng Wisen esou wäit d’A kucke kann. Ganz wäit ewech erbléckst een en Trapp Kéi, déi gemittlech viru sech hi grasen. Keng Mënscheséil wäit a breet. E Plakat un der Mauer gëtt den Toun un: „Deen, deen du stees am Gaart. Helleg sief däi Feier. Däin Damp soll kommen, däin Doft soll geschéien. Am Dag ewéi an der Nuecht.“ Ewéi wa Grillen eng Relioun wier. Mee iwwerdreiwe mer emol net. Den Daniel Fischer ass keen normalen Hobby-Brutzler, dat ass sécher. „Grillen ass fir mech e richtegen Challenge“, verréit hien. „Mir geet et haaptsächlech drëm, ëmmer erëm nei Kreatiounen auszeprobéieren.” Den 49-Järegen ass President an Ekippechef vun den Taste Exploders. E Veräin, deen an de Joren 2016 an 2019 d’Lëtzebuerger Grillmeeschterschaft gewonnen huet. Dësen Event gëtt säit 2014, vun der Lëtzebuerger Grill Federatioun ASBL alljoers zu Munneref organiséiert. Seng Leidenschaft fir d’Grillen huet den Dan virun zwielef Joer entdeckt. Allerdéngs net mat engem klassesche Grill mat Holzkuelen, mee mat engem Monster aus Stol dat mir direkt an der Outdoor-Kichen opgefall ass. „Dat ass e Smoker“ erkläert mir de Grillmeeschter. „Sechs Millimeter décke Stol huet dat gutt Stéck a weit net manner ewéi 300 Kilo.“ Am Internet ass hien deemools op dee gelungenen Apparat, deen haaptsächlech an den USA verbreet ass, opmierksam ginn.

„Mir geet et haaptsächlech drëm, ëmmer erëm nei Kreatiounen auszeprobéieren.“

Daniel Fischer, zweefachen Landesmeeschter am Grillen

„Am Smoker gëtt d’Iessen am waarmen Damp lues gekacht oder gereechert a läit net direkt iwwer der Glous oder dem Feier”, erkläert hie begeeschtert. „D’Feier ass an enger separater Kummer, d’Iesswueren an enger anerer. Bis d’Iesse fäerdeg ass, dauert et e puer Stonnen, well d’Temperature méi niddereg sinn ewéi op engem klassesche Grill. Se leien tëschent 100 an 120 Grad.“ Gegrillt hat den Dan virdrun eigentlech nach ni. Et erfuerdert schonn e Grapp voll Mutt, fir sech als Ufänger en 3000 Euro deieren BBQ-Smoker zouzeleeën, dat muss ee schonn zouginn. Well einfach an der Manipulatioun ass dat Monster aus Stol net. „Plaz fir Improvisatioun gëtt et hei net“, betount den zweefache Landesmeeschter. „Fangerspëtzegefill muss ee schonn hunn. Léisst een zum Beispill ze vill Damp an d’Reecherkummer, verdierft een de Geschmaach vum Fleesch.“

Niewent dem Smoker fält mir e klengen, eefërmege Grill aus Keramik op. Och hei muss mech de Grillmeeschter opklären, well ech hätt net geduecht, datt dëse Grill säin Ursprong a Japan huet. „E Kamado“, verréit den Daniel mir. „Dat ass mäi Liblingsstéck“, betount hien. Mat deem Keramikgrill ass bal alles méiglech. Grillen, broden oder reecheren, kaum ee Grill léisst sech esou villsäiteg asetzen ewéi dësen. En anere Virdeel ass déi prezis Temperaturreegelung.

„Dat ass nach laang net alles” verréit den Daniel ganz stolz. „Am Keller hunn ech nach e puer Grillapparater stoen.“ Vum Dutch Oven, deen ausgesäit ewéi en Dëppen op an ënner dat Kuele geluecht ginn bis bei e Pelletsgrill dee mat Holzpellets funktionéiert, an dem Iessen duerch dee waarmen Damp e ganz speziellt Aroma verpasst. An senger Baussekichen ass den Daniel dat ganzt Joer iwwer aktiv. „D’Grillsaison geet bei mir vun Neijoerschdag bis Silvester“, verréit hien ameséiert. „Et ass eng reegelrecht Entspanung, déi mech vum Alldagsstress oflenkt.“

Bei Meeschterschafte mécht hien net nëmme mat, fir op déi iewescht Plaz vum Podest ze klammen, mee fir dem Publikum ze weisen datt net nëmme Bifdecker a Grillwurschte hir Plaz um Grill verdéngt hunn. Am Géigendeel. E qualitativ héije Niveau soll eigentlech keng Seltenheet sinn.

„Et ass eng reegelrecht Entspanung, déi mech vum Alldagsstress oflenkt.”

„Et gëtt esou eng grouss Vilfalt u Platen, déi sech ouni Problem um Grill zoubereede loossen” betount den Daniel Fischer. „Ech fannen et schued, wa Leit sech en deiere Grill uschafen an sech eigentlech net bewosst sinn, wat si domat alles zoubereede kënnen. Dat selwecht gëllt fir d’Qualitéit vun de Produiten, déi si benotzen. Loosst d’Fanger vu Fäerdegproduiten a mannerwäertegem Fleesch, dat bei der Keess manner kascht ewéi eng Béchs Hondsfudder.”

Den Drang, seng Léift fir héichwäerteg Produkter a seng Leidenschaft fir eng ambitionéiert Grillkonscht ze vermëttelen ass grouss, awer sécherlech net verkéiert. Fir eis Lieser huet sech de passionéierte Grillmeeschter véier fruuchteg a séiss Desserten ausgeduecht, déi sech op engem klasseschen Holzkuele- oder Gasgrill relativ schnell an ouni groussen Opwand zoubereede loossen. Och fir Ufänger gëeegent.

An Artikel vum Jérôme Beck
Fotoen vum Georges Noesen

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.