D’kathoulesch Kierch
D’réimesch-kathoulesch Kierch dominéiert duerch hir laang Traditioun zu Lëtzebuerg. Méi wéi 68% vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung ass kathoulesch. Dir fannt iwwerall am Land an an Ärer Gemeng kathoulesch Kierchen, wou Masse gehale ginn. Och déi meescht Feierdeeg hunn e reliéisen Hannergrond. Déi meescht Kanner ginn nach traditionell gedeeft. D‘kathoulesch Kierch kritt vum Lëtzebuerger Staat nom Artikel 7 vun der Konventioun vum 26. Januar 2015 eng finanziell Ënnerstëtzung vu 6.750.000 Euro d’Joer.
D’protestantesch Kierch
De Protestantismus war laang Zäit déi zweet Relioun am Land. Haut schéngt se awer mat 1,8% vun der Bevëlkerung vum Islam iwwerholl ginn ze sinn. Et ginn e puer protestantesch Gebietshaiser am Land, d’Dräifaltegkeetskierch an der Stad, de protestantesche Parzenter a Clausen, d’Kapell vum Spidol zu Ettelbréck an d’Maison Faber zu Wolz. D‘protestantesch Kierch vu Lëtzebuerg kritt eng Enveloppe vu 450.000 Euro d’Joer.
D’anglikanesch Kierch
Vun deene 6.000 Briten, déi zu Lëtzebuerg wunnen, sinn der bal 60% Anglikaner. D‘anglikanesch Kierch vu Lëtzebuerg fannt Dir am Centre Convict an der Stad. Déi engleschsproocheg Kierch gëtt et schonn zënter 50 Joer am Land a gouf 1956 gegrënnt. Zënter 2004 ass déi anglikanesch Kierch vu Lëtzebuerg vun der Lëtzebuerger Regierung als Kierch unerkannt an huet d’Konventioun mam Staat ënnerschriwwen. Déi anglikanesch Kierch vu Lëtzebuerg kritt eng finanziell Ënnerstëtzung vun 125.000 Euro d’Joer.
D’orthodox Kierch
D’orthodox Kierch vun den Hellegen Apostele Pier a Pol (Peter a Paul / Pierre a Paul) ass an der Stad. D’orthodox Kierch kritt eng staatlech Hëllef vun 285.000 Euro d’Joer.
D’Moslemen an den Islam
Den Islam ass haut déi zweet Relioun am Land mat 2% praktizéierenden Awunner. Duerch Awanderungen aus den nordafrikanesche Länner an de 70er Joren, an duerno an den 90er Joren aus dem Balkan, ass déi islamesch Gemeinschaft am Land gewuess. Haut hunn d’Mosleme Gebietshaiser a Kulturzentren am Land verdeelt. D’islamesch Gemeinschaft hei zu Lëtzebuerg, déi an der Konventioun als «Shoura» bezeechent gëtt, kritt 450.000 Euro d’Joer.
D’jüddesch Synagog
Mir fannen d’Haaptsynagog an der Stad, an der Avenue Monterey. Et gëtt nach eng zweet Synagog zu Esch/Uelzecht. Et ginn ongeféier 1200 Judden am Groussherzogtum. D’jüddesch Kierch kritt eng finanziell Ënnerstëtzung vun 315.000 Euro d’Joer.
D’Konventioun vum 26. Januar 2015 tëscht dem Staat an de Glawensgemeinschaften
De 26. Januar 2015 gouf eng bilateral Konventioun tëschent de reliéisen Instanzen an dem Staat ënnerschriwwen. Fir als Glawensgemeinschaft zu Lëtzebuerg unerkannt ze ginn an esou eng Konventioun ënnerschreiwen ze kënnen, musse folgend Kritären erfëllt sinn:
et handelt sech ëm eng Relioun, déi weltwäit unerkannt ass,
si ass zu Lëtzebuerg etabléiert a gëtt vu genuch Unhänger ënnerstëtzt,
d’Anhale vum Verfassungsrecht, vun de Verfassungsfräiheeten, vun der ëffentlecher Uerdnung an den demokratesche Wäerter, d’Fërdere vun de Mënscherechter an der Gläichbehandlung tëschent Männer a Frae musse garantéiert sinn.
An dëser Konventioun gëtt och ënnert anerem gereegelt, datt de Staat d’Glawensgemeinschafte finanziell ënnerstëtzt an datt als Géigeleeschtung all Persoun, déi Hëllef freet, spirituelle Bäistand vun dëser Gemeinschaft kritt.
Ausserdeem gëtt festgesat, datt dës Relioun hire Glawe fräi an ëffentlech ausüben däerf, natierlech am Respekt vun de gültege Gesetzer a Reglementer. Si dierf sech selbstänneg, fräi, territorial a personell organiséieren. D’Kierchen engagéiere keng Mataarbechter méi op Staatskäschten. All neie Mataarbechter gëtt ënner dem Privatregime agestallt. D’Gemeinschaft muss hire Sëtz am Lëtzebuerger Land hunn. Dës Konventioun gëllt fir 20 Joer. Si erneiert sech, mat Ausnam vun neie Verhandlungen, stillschweigend fir déiselwecht Dauer.
En Artikel vum Tania Hoffmann