Gesongene Glawen: Kierchegesang zu Lëtzebuerg

Ween a senger Kandheet an engem Kierchechouer matgesongen huet, verbënnt wahrscheinlech gréisstendeels flott Erënnerungen mat där Zäit: Gemeinschaftlech Prouwen, dat stëmmlecht „Aus-sech-erausgoen“ an zu gudder Lescht de grousse Moment, wann déi vum Dirigent mat vill Méi geschafen Harmonie an der Mass voll zum Droe komm ass waren Experienzen, déi een net vergësst. Dat selwecht gëllt och fir d’Texter a Melodien vun esou muenche Kierchelidder vun deemools, déi een haut nach am Ouer huet. An sou freet ee sech heiansdo, wéini a firwat een eigentlech aus dem „Kannerchouer“ erausgaangen, a firwat ee ni bei déi „Grouss“ matsange gaangen ass…

Fir den Albert Brauch, President vum Piusverband, dem Daachverband vun de lëtzebuergesche Kierchechéier, ass et genee dës feelend Transitioun, déi de Choralen och haut nach ze schafe mécht. Zwar géifen sech vill jonk Leit fir d’Musékmaachen interesséieren an och gären en Instrument spille léieren, mee wann et drëm géif goen, hir eege Stëmm anzesetzen, géife si éischter zécken. Méi jonk Kanner hätten zwar Freed um Sangen, mee mat de Jore géif sech dat lues a lues verléieren. Dozou kéim, seet den Albert Brauch, deen allgemenge Réckgang vun de Kierchegänger, deen ee säit Joren an de westleche Länner registréiert. „Fir et grëffeg ze formuléieren:“, sou de President vum Piusverband, „aus engem Net-Kierchegänger gëtt ni e Kierchesänger!“

Haut gëtt et zu Lëtzebuerg ronn 250 Kierchechoralen. Dat schéngt op den éischte Bléck vill, mee ongeféier 230 dovun hunn héchstens 10-20 aktiv Sänger, a fréieren Zäiten waren et der duerchschnëttlech 50. Ze erklären ass dat net nëmme mam Réckgang vun deene Leit, déi sech an der Kierch engagéieren, mee och mat der enorm gewuessener Zuel vun anere Sport-, Fräizäit- a Veräinsaktivitéiten, déi iwwerall am Land gebuede ginn an déi de sozialen Aspekt, deen de Kierchechouer soss emol hat, mat der Zäit an den Hannergrond gedréckt hunn.

E weidere Problem ass de Manktem un Dirigenten, déi sech amplaz bei engem Kierchechouer mat nëmme wéinege Sänger léiwer bei enger vun de „weltleche“ Choralen engagéieren – déi hirersäits allerdéngs och iwwer réckgängeg Sängerzuele ze kloen hunn…

E Géigemëttel, schléit den Albert Brauch vir, kéint sinn, datt lokal Chéier bereet wieren, sech – dauerhaft oder fir eenzel Aktiounen – zesummenzeschléissen. Dozou géif natierlech dann och gehéieren, datt d’Sänger averstane wieren, fir sech fir Prouwen a Massen ze deplacéieren, z. B. an hir Nopeschuertschaften. D’Devise misst deemno heeschen: Schluss mat der Kierchtuermpolitik, zesumme si mer staark!

Et besteet trotz deene Contrainten awer beileiwe kee Grond, fir a Saache Kierchechéier an de Pessimismus ze verfalen. Déi renomméiert Chorale Saint Michel um Stater Fëschmaart, déi ënnert hirem Dirigent Gerry Welter éischtklasseg kierchlech Wierker mat Orchesterbegleedung spillt, d’Éisleker Kanner- a Jugendchorale „Adesso“, wou d’Kanner a verschidden Alterskategorie sangen oder de Chouer Helvetia Tandel, bei dem den Andy Loor, deen am Maastrichter Conservatoire säi Master gemaach huet, den Takt ugëtt, sinn illuster Beispiller fir den héije Niveau, dee Kierchemusek a Chouergesang zu Lëtzebuerg kënnen erreechen.

Och déi staatlech Autoritéiten sinn sech dem Wäert vum lëtzebuerger Lidderpatrimoine, zu deem natierlech och d’Kierchelidder gehéieren, voll bewosst a sinn am Gaang, Kompositiounen aus kierchlechen Archiven an aus Privatbesëtz no a no an de Fundus vun der Nationalbibliothéik opzehuelen, fir datt si der Nowelt erhale bleiwen.

De Piusverband selwer setzt nieft der enker Zesummenaarbecht mam Daachverband vun de weltleche Museksveräiner UGDA an dem INECC Luxemburg („Institut Européen de Chant Choral“) op aktiv Fërderungsmoossname wéi zum Beispill d’Organisatioun vu Gesang- a Liturgieseminairen. De Verband beschäftegt ausserdeem en experimentéierte Beruffsmuséker, dee Kierchelidder nei an zäitgerecht arrangéiert.

Fir den Albert Brauch ass et niewent de schonn zitéierten Ustrengungen virun allem en interessante Mix aus traditionellen a moderne Kompositiounen an Arrangementer, deen dozou bäidroe kann, datt an Zukunft méi Sänger an Dirigenten sech erëm am Kierchegesang engagéieren!

En Artikel vum Patrick Calzi

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.