Fir eisen aktuelle Walsystem ze verstoen, musse mer e kuerze Bléck an d’Vergaangenheet geheien. Bis an d’Joer 1919 gouf et zu Lëtzebuerg dat sougenannt Zensuswalrecht, wou d’Fraen net wielen duerften a bei de Männer nëmmen déi, déi e festgesate Minimum u Steiere bezuelt hunn. Dat ware ronn 25 Prozent vun de Maansleit. E Referendum am selwechte Joer huet d’Walrecht dunn op all d’Lëtzebuerger, Frae wéi Männer, déi méi wéi 21 Joer haten an am Land gewunnt hunn, ausgedeent. Kuerz nom Referendum hunn déi éischt geheim an demokratesch Walen zu Lëtzebuerg stattfonnt.
Déi deemooleg Sozialisten haten sech mat de Konservativen drop gëeenegt, datt nom Proporzprinzip sollt gewielt ginn, well dësen am meeschten demokratesch sollt sinn. D’Sozialisten haten sech allerdéngs fir e renge Proporzsystem ausgeschwat, ouni dem Wieler d’Méiglechkeet op d’Panaschéieren ze loossen. Och haten si de Prinzip vun der Preferenz, also engem Kandidat méi wéi eng Stëmm ze ginn, net consideréiert. Un dësen zwee Prinzippien hunn déi Konservativ awer festgehalen, well se sech doduerch e Virdeel erhofft haten. Um Enn konnten si sech mat dësem Prinzip duerchsetzen.
Nom Ausziele vun de Walziedele gouf festgestallt, datt déi Konservativ déi richteg Strategie gewielt haten. Si haten doduerch e puer Sëtz gewonnen an d’Sozialisten der e puer verluer. Och haut nach gëlle bei de Parlamentswalen déi zwee Prinzippie vum Panaschéieren a vun der Preferenz, kombinéiert mam Proporzprinzip. Laang Zäit hunn éischter déi méi grouss Parteie vun deem System profitéiert, virun allem wa se bekannt Nimm op hire Lëschte stoen haten. Engersäits kann doduerch eng gewësse Stabilitéit am Politbetrib garantéiert ginn, anerersäits hu kleng Parteie mat vläicht méi onbekannte Leit et méi schwéier, fir sech duerchzesetzen. Bei de Walen 2013 ass festgestallt ginn, datt duerch d’Panaschéiere virun allem d’DP, awer och d’LSAP an e bësse manner d’CSV hu misste Plomme loossen. Si hu manner perséinlech Stëmme kritt.
Vill Stëmme kritt nëmmen deen, deen sech schonns en Numm gemaach huet, spréch bekannt ass. Dat kënne fréier oder aktuell Ministeren, Buergermeeschteren oder aner Politiker sinn. Ganz uewen op der Bekanntheetslëscht stinn och Journalisten a Sportler. Virun allem déi, déi een dacks op der Tëlee gesäit oder am Radio héiert. Do stellt sech natierlech erëm d’Fro vun der Kompetenz. E Kandidat kann also vill Stëmme kréien, well e bekannt ass. Dat bedeit awer net onbedéngt, datt en och déi richteg Kompetenzen huet, fir vläicht an enger Regierung de Werdegang vun eisem Ländche matzebestëmmen. Dat selwecht gëllt och fir perséinlech Bekannter. Ween huet net schonn eng Kéier enger Frëndin, engem Kolleeg oder Monni eng Stëmm ginn, just well en se kennt oder Famill mat hinnen ass?
Laut enger Etüd vun der Chamber an Zësummenaarbecht mat der Uni Lëtzebuerg an der „Chaire de recherche“ ën ner dem Numm „Principaux résultats de l’étude ELECT – Législatives 2018 – Enquête post-électorale“ ass d’Panaschéieren tëschent 1974 an 1979 staark zeréckgaangen, fir an de Joerzéngten dono ëmmer weider ze klammen. No enger Stagnéierung tëschent 1989 an 1999 huet d’Panaschéieren dunn erëm zougeluecht. Vun 2009 op 2013 huet dëse laangjäregen Trend sech schlussendlech gedréit, an de Wieler huet éischter de Rondel vun enger ganzer Lëscht geschwäerzt ewéi panaschéiert. D’Zuele vun de Walen 2018 sinn an dëser Etüd net berücksichtegt ginn.
Interessant ass och, wann een sech ukuckt, wéi genau panaschéiert gëtt. Bis 1984 hunn d’Wieler bal sou vill Kandidate queesch duerch all d’Lëschten ugekräizt, wéi Kandidaten aus der selwechter Lëscht ausgewielt. No 1984 ass den Trend fir duercherneenzewielen ëmmer méi zeréckgaangen. D’Panaschéieren huet sech säitdeem ëmmer méi op d’Erauspicke vun eenzele Kandidate bannent där selwechter Lëscht beschränkt.
79 Prozent vun de Wieler hunn sech 2018 bei enger Ëmfro am Kader vun der uewen erwäänter Etüd dofir ausgeschwat, d’Panaschéieren an d’Favoriséiere vu Kandidate bäizebehalen. Et kann een also ëmmer nach vun engem Vollekssport schwätzen, och wann e vläicht e bësse manner bedriwwe gëtt. Donieft hunn och 79 Prozent vun de Wieler sech fir d’Ofschafe vun de véier Walbezierker ausgeschwat. Allerdéngs passen dës zwou Fuerderungen net zesummen. Well bei just nach engem Walbezierk missten d’Wieler da 60 Kräizer fir déi 60 Parlamentarier verginn. Géif een d’Panaschéieren hei nach bäibehalen, géif dat warscheinlech zimmlech oniwwersiichtlech ginn. Hei kann een sech déi berechtegt Fro stellen, ob d’Wieler ëmmer nach fir d’Ofschafe vun de véier Walbezierker wieren, wann dat beléift Panaschéiere misst ageschränkt oder ganz ofgeschaaft ginn.