Der OAI-Presidentin no ginn et vill verschidden Ursaachen, firwat d’Wunne sou deier ass. Do gëllt et, un deene richtege Schrauwen ze dréien, wat aus Siicht vum OAI virun allem un de Reglementer läit. Dat kënne Reglementer sinn, déi einfach iwwerholl oder iwwerflësseg sinn an trotzdeem ëmmer nach gëllen, wéi si eis erkläert. Den OAI misst sech mat Reglementer auserneesetzen, déi kontradiktoresch sinn a wou een net ëmmer weess, u wat een sech dann elo misst halen.
© OAI
„Zäit kascht Suen an och Etudë kaschte Suen“, seet d’Michelle Friederici. „Mir mussen éierlech soen, datt mir eis Sue léiwer géifen anescht verdénge wéi mat den Etuden, déi allkéiers ufalen, déi awer oft kee qualitative Plus bréngen.“ Ee Probleem géif doranner leien, datt all Gemeng zu Lëtzebuerg en eegent Bautereglement huet. Bei ronn honnert Gemenge wier dat zimmlech opwändeg. An där enger Gemeng misst een zwou Parkplaze fir eng Wunneng bauen, an där anerer just eng. Och zum Beispill sinn déi virgeschriwwe Gréisste vun Zëmmeren an Appartementer vu Gemeng zu Gemeng ënnerschiddlech. Da kéim nach de Cahier des charges vum Logementsministère dobäi, deen och net ëmmer kohärent géigeniwwer den ënnerschiddleche Bautereglementer wier.
„Ech wëll lo keen accuséieren, jiddwereen huet warscheinlech seng „bonne intention“ do hannendrun“, seet si. „Mee wat mir awer gären hätten, wär, datt dat sech géif openeen ofstëmmen, well dat mécht de Bau méi deier.“ Dat géif nämlech allkéiers laangwiereg Etudë verlaangen, déi de Bau méi deier maachen. En plus kéint een och net modular bauen, well een an all Gemeng aner Normen huet. Zum Beispill géifen a ville Gemenge fir Trapen oder Plafondshéichten aner Reegele gëllen. An et wier net logesch, datt allgemeng de Parkplazen oder Garagë méi Meterkareeën zougesprach géife gi wéi enger Kannerkummer. E weidere Probleem wier, datt haut ouni Keller gebaut soll ginn, fir manner Buedemaushiewungen ze hunn. „Wou solle mir dann alles hibauen, wa mer net méi kënnen an de Buedem goen?“, esou d’Michelle Friederici. Da misst een engem op d’mannst zougestoen, méi an d’Héicht ze bauen. Mee och dat ass net méiglech. D’Héicht wier limitéiert, well soss d’Fëllement méi deier géif ginn. D’Leit, déi hiren Terrain verkafen, kréien dat natierlech mat a soen, datt hiren Terrain dann eng méi grouss Valeur hätt. „An da si mer erëm am Däiwelskrees, deen d’Regierung probéiert ze duerchbriechen.“
D’OAI-Präsidentin nennt nach e weidert absurd Beispill. Wann an enger Zon just Eefamilljenhaiser dierfe gebaut ginn an eng Bauplaz awer grouss genuch wier fir der zwee dohinnerzesetzen, da muss d’Plaz an zwee gedeelt ginn. En Zweefamilljenhaus (Maison bifamiliale) däerf dorobber awer net gebaut ginn, monéiert si. „Wisou eigentlech net?“, freet si sech. Esou en Zweefamilljenhaus hätt de Virdeel, datt ee villes kéint gemeinsam bauen, wat duerno kéint gemeinsam genotzt ginn, an doduerch kéinte vill Käschten agespuert ginn. Um Gesamtbild vun enger Strooss géif dat näischt änneren, ob do een oder zwee Eefamilljenhaiser stinn oder een Zweefamilljenhaus, erkläert d’Michelle Friederici. „Dat si Contrainten, déi net misste sinn.“
Den Uerde vun den Architekten an Ingenieure setzt sech dowéinst fir en eenheetleche Code de la Construction an. D’OAI-Präsidentin weist drop hin, datt et jo schliisslech och e Code de Travail an e Code de la Route gëtt, deen iwwerall am Land d’selwecht ass. Genee esou misst och e Code de la Construction geschafe ginn, wou d’Reglementer an all Gemeng identesch sinn. D’Michelle Friederici wëll op kee Fall de Gemengen hir Autonomie ewechhuelen, mee e Reegelwierk fir all d’Konstruktioune géif den Opwand am Bau enorm vereinfachen. Da wären d’Reegele fir zum Beispill eng Trap oder eng Kannerkummer iwwerall déi selwecht. Et däerf jo och kee soen, datt dat Stoppschëld a senger Gemeng méi grouss misst sinn, fir datt een dat besser gesäit. Natierlech sollen d’Gemenge weider an hire PAGen hir Zone festleeë kënnen. „Et ass jo net sou, wéi wann si derno guer keng Fräiheete méi hätten“, erkläert si. Esou ee gemeinsame Code vun der Konstruktioun géif net nëmmen de Logement, mee all eis Gebaier betreffen.
Ass dann elo de politesche Wëlle gefrot, fir déi Saach unzegoen? „Jo“, seet d’OAI-Presidentin. An hiren Ae misst sech zudeem eng eenzeg Persoun dorëms këmmeren. „Och dat ass eng Fuerderung vun eis.“ Si zielt op: „Am Moment hu mir e Logementsminster, e Ministère vun den ëffentleche Gebaier, den Développement durable, den Ëmweltministère, den Inneminstère asw. Jiddweree sollt säi Minister behalen, mee et misst een se all koordinéieren“, seet si an ergänzt: „Ee Bauteminister, deen dat Ganzt geréiert an harmoniséiert; een, deen alles, wat ausgeschafft gëtt, vun deenen eenzele Plazen eng Kéier iwwerteneeleeë soll a kontrolléiere kann, ob dat och iwwerteneepasst.“
D’Michelle Friederici fënnt och, datt een erëm misst méi einfach bauen. Si nennt d’Beispill an Däitschland, wou säit engem Joer un der „Gebäudeklasse E“ geschafft gëtt. „E“ wéi einfach oder experimentell. „Mir sollten eis d’Fro stellen, ob mir all Dag alles, wat an eisen Haiser verbaut ass, zum Beispill déi ganz Technik, och wierklech brauchen. Si plädéiert fir méi Pilotprojeten an deem Beräich, fir ze gesinn, wat wierklech néideg a méiglech ass, a fir datt d’Leit sech dat besser virstelle kënnen an et dann och éischter akzeptéiere géifen. Si kéint sech och virstellen, méi héich ze bauen an dofir de Bausseraum mat Gréngfläche qualitativ opzewäerten. Vill Leit géifen nei oder onbekannte Projeten ofleenen, aus engem Nimby-Effekt eraus (not in my backyard – net bei mir virun der Dier; Umierkung v. d. Red.). Si hunn Angscht, datt dat si dann och betreffe kéint.
E weideren neien Trend ass dee vun den Tinyhaiser. Den OAI ennerstëtzt deen Trend a fuerdert, datt dat erlaabt gëtt, och wann et am Kontext vun der Logementsproblematik an den Ae vum Michelle Friederici just eng Drëps op de waarme Steen ass. Och ass si sech bewosst, datt en Tinyhouse net d’Léisung fir all Mënsch ka sinn. „Net jiddweree wëll a sou engem klengen Haische wunnen.“ Mee déi, déi dat wëllen, sollten d’Méiglechkeet kréien..