D’Sue regéieren d’Welt. Dëse Sproch, dee gäre benotzt gëtt, fir eis sougenannt modern Zivilisatioun ze beschreiwen, hat och fréier schonn seng Bedeitung. Haut schwätze mer vu Kotéierunge vun den Aktien, Kryptowärungen a grousse Banke mat gliesene Fassaden, déi ëmmer méi héich aus dem Buedem schéissen. Fréier, éier d’Lëtzebuerger Finanzplaz gebuer war, waren et Schätz an enger Tru, gefëllt mat Goldmënzen, gëllene Béck oder Källwer, déi iergendwou ënner dem Buedem, an engem Bësch oder bei enger Buerg verstoppt waren. Fréier wéi haut ass d’Sich nom grousse Geld e Reiz, deen och vill mat Verféierung a Gier ze dinn huet.
A well esou Erzielunge jo ëmmer och eng Moral hunn, kënnt meeschtens – ganz zouverlässeg am onpassendste Moment – genee dann, wann een de Schatz bal an den Hänn hält, eng dramatesch Wendung. De Schatz léist sech op oder et kënnt zu engem Äerdbiewen, dacks begleet vun donkele Gestalten oder Geeschter, déi e Fluch ausschwätzen. Dës al Erzielunge weisen, datt d’Gold zwar blénkt, unzitt a verféiert, mee nëmme rar hält, wat et versprécht. Dës Geschichten erziele manner iwwer de Räichtum, mee vill méi iwwer eis Relatioun zu dësem.
Déi lëtzebuergesch Schatzlegende sinn dowéinst keng harmlos Märercher, mee fréi Wirtschaftserzielungen. Se fokusséieren sech op Besëtz, Aarbecht, Gier a Verloscht a stellen sech eng Fro, déi bis haut aktuell ass: Wat kascht eis de Wonsch no Räichtum wierklech?
Viru ronn 250 Joer huet sech zu Rammerech, am Wëlle Weste vum Land, d’Gerücht verbreet, datt am Habicher Bësch e bedeitende Schatz vergruewe wier. Dësen hätt enger räicher Awandererfamill gehéiert, déi en an der Zäit vun der Franséischer Revolutioun do verstoppt hätt. Well kee wousst, wou de Schatz genee verstoppt war, hunn sech zwee Männer op de Wee iwwer d’Grenz an dat belscht Habay-la-Neuve gemaach, fir eng al Warsagerin ze besichen. Dës huet hinne geroden, eng Rutt ënner präzise Virgaben ze schnitzen, mat där se dunn de Bësch ofgesicht hunn.
Op eemol huet d’Rutt dräi Mol hannereneen op de Buedem geschloen. Ëm Mëtternuecht haten sech du bal alleguerten d’Duerfbewunner op dëser Plaz afonnt a fläisseg de Buedem ausgegruewen, bis den Deckel vun enger schwéierer Këscht aus Eisen opgedaucht ass. Wéi se probéiert hunn, d’Këscht aus dem Gruef ze zéien, huet de Buedem ugefaange mat biewen. D’Beem hu gekeimt a gekraacht, d’Blieder geheimnisvoll gedauscht a schwaarz Gestalte si ronderëm d’Schatzgriewer geflunn. Dat war kengem méi geheier. Alleguerten d’Duerfbewunner hunn hir Been an de Grapp geholl a sinn sou séier, wéi se konnten, heemgelaf.
Den Dag drop hunn sech e puer daper Männer getraut, op déi Plaz zeréckzegoen. Se hunn net schlecht gestaunt, wéi se do ukoumen: D’Lach, dat se gegruewen haten, war erëm zou an hir Geräter waren iwwerall am Bësch verstreet. Se hunn et nach eemol probéiert, mee ouni Erfolleg. Beim drëtte Versuch hunn se erëm misste fortlafen a wéi se doheem ukoumen, hunn déi zwee Männer, déi an der Belsch d’Warsagerin besicht haten, hir Kanner, déi bis dohinner ëmmer gesond waren, schwéier krank virfonnt. Säit deem Dag huet ni méi ee probéiert, de Schatz auszegruewen. Och an de geheimnisvollen Habicher Bësch huet een sech just nach mat Angscht a Respekt eragetraut.
Vill Legenden a Seeërcher iwwer mysteriéis Schätz queesch duerch d’Lëtzebuerger Land erzielen änlech Geschichten. Sou stoung zu Gilsdref op Häschelt e Strauch, ënner deem siwe Klafter (jeeweils 1,8 Meter) déif e Schatz vergruewe war. Alljoers ass de Schatz ee Klafter eropgeréckelt. All siwe Joer, op Mëtternuecht, war de Schatz da ganz uewen an huet gebrannt. Zwee Männer aus dem Duerf haten de richtege Moment erwëscht an hunn déi bis uewenhi mat Gold gefëllte Këscht konnte mathuelen. D’Bedéngung war awer, datt ee beim Transport net huet dierfte schwätzen. Wéi déi zwee ënnerwee waren, ass wéi aus dem Näischt eng Runnebei opgedaucht, déi iwwer der Këscht hin- an hiergeflunn ass. Ee vun de Männer sot: „Wat der Däiwel! Déi Runn wëll eis picken.“ Dee selwechte Moment ass de Schatz hinnen aus den Hänn entwutscht a fir weider siwe Jore siwe Klafter déif ënner der Äerd versonk.
Viru ronn 200 Joer hunn d’Leit sech gezielt, datt an der Wiss niewent dem Raemericher Bësch, tëschent Bieles an Esch-Uelzecht, e gëllent Kallef vergruewe wier. Trëtt een op déi Plaz, op där sech de Kapp vum Källefche soll befannen, da gëtt een iergeféiert, och wann een d’Géigend gutt kennt. Weider am Oste vum Ländchen, net wäit vun Elleng, gouf et fréier der Seechen no eng ganz räich Stiedchen. D’Awunner haten e gëllene Bock oder, jee no Quell, e gëllent Källefchen. Bei der Zerstéierung vun der Stad haten si dës Figur ënnerierdesch vergruewen. Enges Nuechts, ëm Mëtternuecht, hunn zwee Jonker vu Réimech e Feier ënne bei de Ruine vun der aler Stad gesinn. Wéi se méi no koumen, hunn se allerlee Schätz erbléckst: gëllen Dëscher, Käerzestänneren, vergëllten Zëmmeren an och de gëllene Bock, deen aus puerem Gold bestanen huet.
Déi zwee Réimecher hunn e Knall héieren, wéi wann d’Äerd géif baschten. Se goufen ewechgeschleidert a wéi se aus hirer Schwächt erwächt waren, war alles verschwonn. Waren se also zum falsche Moment op der falscher Plaz? Oder war de Schatz net fir si geduecht?
Wärend dat gëllent Källefchen e bibeleschen Ursprong huet, ass de gëllene Bock an de Vollekserzielungen entstanen an huet dacks eng dämonesch Konnotatioun. De gëllene Bock, d’gëllent Kallef an de Schatz am Allgemenge stinn an den ale Seeërcher fir Räichtum mat schlechte Manéieren, well se duerch hiert staarkt Blénke verblenden a moralesch éischter wackeleg do stinn. Wien hinnen noleeft, lant seele beim Schatz, mee geet dofir ganz dacks mat eidelen Hänn an enger gudder Léier heem.
A wat ass d’Moral vun der Geschicht? Déi al lëtzebuergesch Erzielunge woussten also schonn deemools, datt Sue besonnesch da geféierlech ginn, wann se ze vill eng zentral Roll spillen oder een hinne blann hannendruleeft. Kuckt een sech déi aktuell Finanzwelt un, da kéint ee mengen, de Bock hätt an der Tëschenzäit e Kostüm mat Krawatt ugedoen an d’Källefchen hätt eng All-you-can-buy-Flatrate op der Bourse.
En Artikel vum Eric Rings