National Strategie géint d’Obdachlosegkeet an d’Ausgrenzung um Wunnengsmaart

Den 18. Januar 2013 huet d‘Lëtzebuerger Regierung eng „National Strategie géint d’Obdachlosegkeet an d’Ausgrenzung um Wunnengsmaart“ (Stratégie nationale contre le sans-abrisme et l’exclusion au logement) an d‘Liewe geruff.

Corinne Cahen

1) Wéi eng Ziler goufe mat dëser Strategie ugestrieft?

De roude Fuedem an der Strategie ass de Prinzip vum „Housing First“. Déi Betraffe solle fir d’éischt eng Wunneng zur Verfügung gestallt kréien, an an engem zweete Schrëtt soll da mat hinnen zesumme gekuckt ginn, wéi eng Ënnerstëtzung si wëllen a brauchen.

D’Strategie hutt véier prioritär Ziler:

  • adequate Wunnraum besuerge fir Persounen, déi scho laang ouni Daach iwwert dem Kap sinn, déi a schlechte Konditioune wunnen oder déi aus Institutiounen erauskommen;
  • d’Reaktiounsméiglechkeeten an Noutfäll verbesseren;
  • verhënneren, dass et iwwerhaapt zu der Wunnengslosegkeet kënnt;
  • déi eenzel Mesuren an d’Politik besser openeen ofstëmmen an domadder d’Ressourcë méi geziilt asetzen.

Dës Strategie gouf zesumme mat verschiddene Ministèren, Gemengen, engem Recherche-Institut an den Associatiounen aus deem Beräich ausgeschafft.

2) Wéi eng Aktioune goufen zanter 2013 schonns ëmgesat?

Et goufe well eng ganz Rei Aktiounen ëmgesat, dorënner:

  • Maison Michels (Abrisud)
  • Stëmm Caddy (Stëmm vun der Strooss)
  • Housing First (CNDS)
  • Bereetstellung vu Wunnengen (Infomann – actTogether)
  • Villa Armand (Jugend- an Drogenhëllef)
  • soziale Bistro „Le Courage“ (Caritas)
  • „Communal Housing First” (Caritas)
  • Casa Mia (Jugend- an Drogenhëllef)
  • Bereetstellung vu Wunnengen (Abrisud)
  • Parachute (Gemeng Lëtzebuerg an CFL)
  • Housing First „Haus 1“ (Croix-Rouge)
  • Halte de jour (Croix-Rouge)
  • Gemeinschaftshaus (Femmes en détresse)
  • Service „Le Premier Appel” (Inter-Actions)
  • Halte de nuit (Caritas)
  • Halte de nuit (Croix-Rouge)

Doriwwer eraus gëtt u weidere Projete geschafft.

3) Obdachlosegkeet huet vill Facetten. Eng dovunner ass, dass een déi Léit, déi keen Dag iwwert dem Kapp hunn, och emol op der Strooss heesche gesäit. Wéi soll e Passant Ärer Meenung no an dëser Situatioun reagéieren?

All Mënsch soll mat Respekt behandelt ginn. Den Clocharde Suen ze ginn, ass allerdéngs keng Léisung, well domadder ass hinnen net gehollef. Eng Méiglechkeet wier, déi Léit unzeschwätzen an se ze froen, ob se Hëllef brauchen. Duerno kann ee si dann un déi Servicer verweisen, déi Leit, déi op der Strooss liewen, encadréieren, wéi zum Beispill d’Caritas Accueil et Solidarité, de CNDS, d’Croix-Rouge, d’Equipe vum Streetwork oder d’Stëmm vun der Strooss.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.