Beim Theema Naturschutz a Landschaftsfleeg leien d‘Meenungen an der Politik, de Medien an Doheem um Familljendësch meeschtens wäit auserneen. Datt eppes muss ënnerholl ginn, ass kloer, mee wéi een déi ganz Saach soll ugoen, war an ass bal ëmmer de Problem. Ma aus engem Enn den 80er-Joren entstanene Projet huet sech bis haut e regionalen Naturschutzsyndikat mam Numm Sicona entwéckelt.
Vu Reisduerf bis Déifferdeng ass de Sicona an iwwer 40 Gemengen täteg an dëst haaptsächlech am Süden an am Weste vum Land. Niewent de Gemenge setzt sech dëse Syndikat mat Universitéiten, dem Ministère fir Nohaltegkeet, den zoustännege Verwaltungen, dem Geschichtsmusée a villen aneren Organisatiounen an Ariichtungen zesummen, fir nei Weeër anzeschloen.
D‘Kenneléiere vun der Natur an de respektvollen Ëmgang mat dëser si weider Punkten, fir déi de Sicona sech ewell bei de Jéngste probéiert anzesetzen. Am Detail geet et dreems, d‘ekologesch Zesummenhäng an der Natur ze verstoen an e Bezuch zu der Struktur vun der Natur ze entwéckelen. Well Kompetenzen, déi doduerch um perséinlechen ewéi och um sozialen Niveau am respektvollen Ëmgang mat der Natur entwéckelt ginn, droen zum nohaltegen Erhale vun eiser Ëmwelt bäi.
D‘Noutwendegkeet an den Zweck vu sou enger Organisatioun brauch een net laang a Fro ze stellen, wann ee sech mol duerch de Kapp goe léisst, datt een am Dezember an de Supermarché fuere kann, fir e Kuerf Äerdbieren ze kafen. Fir eis fréier Generatioune war esou e Luxus ondenkbar, zu hirer Zäit gouf gekacht, wat op de Stécker oder am Bongert gewuess ass. Deemno war d‘Freed ëmsou méi grouss, wa sonndes en Déier aus dem Stall geschluecht an et mol e Stéck Fleesch fir dem Metti seng Hochzäit zum Beschte gouf.
D‘Globaliséierung huet hei d‘Fanger am Spill, an de Sicona setzt sech och an dësem Sënn dofir an, datt Friichten, Geméis an aner Produite saisonal a regional konsuméiert solle ginn an net nom Motto „Ech wëll dat elo“. Esou eng Haltung probéiert de Sicona och aktiv ze bekämpfe mat sengem Projet „Natur genéissen“, wou vereenzelt Maison-relaisen an hir Kichen op regional Fournisseuren a saisonal Produiten zeréckgräifen fir hire Menü zesummenzestellen.
Dernieft dréit sech beim Sicona vill ëm d’Erhale vun den natierleche Liewensraim an ëm d‘Biodiversitéit. An der Vergaangenheet gouf ouni Rücksicht op Verloschter an de Liewensraim vun e sëllegen Déieren agegraff, an doduerch sinn elo eng Rëtsch Planzen a Liewewiesen um Bord vun hirer Existenz. De Sicona féiert dowéinst en enken Dialog mat dem zoustännege Ministère an den eenzelen Acteuren, déi an där Thematik involvéiert sinn. Allerdéngs probéiert de Sicona och den Eenzelen op d‘Situatioun vun eiser Ëmwelt opmierksam ze maachen. Dëst mat Hëllef vu Sensibiliséierungscampagnen, Erwuessenebildung an enger Offer u pedagogeschen Aktivitéite fir Kanner a Jugendlecher.
D’Aarbecht vum Sicona dréit och schonns éischt Friichten. An de Kooperatiounsgemenge konnt bis haut e gudden Deel vun den europäeschen Naturschutzrichtlinnen ëmgesat ginn. Ob zu Fouss, mam Auto oder mam Vëlo, an dëse Gemenge fënnt een erëm méi Gréngs a Fiichtgebidder, ewéi dat virun zéng Joer de Fall war. D‘Resultat vun deem Projet ass net nëmme vu Virdeel fir d’Erhale vun eisem nationalen Ökosystem, mee et hëlleft och, eisen Image géigeniwwer eisen Noperen ze poléieren.
Organisatiounen ewéi de Sicona droen e wichtegen Deel zum Naturschutz an eisem Ländche bäi, allerdéngs muss jiddweree selwer mat sengem Gewëssen ausmaachen, awéiwäit hien zum Schutz vun eiser Natur bäidroe wëll. Jiddefalls wäerte mer eis mussen drop astellen, datt mer an den nächste Jore méi streng Fuerderunge vun eiser Regierung an der Europäescher Union beim Ëmgang mat der Ëmwelt an dem Konsum vu Waasser wäerte kréien. Och déi individuell Fräiheet zum Erhale vun eisem Planéit op laang Dauer wäert mussen ageschränkt ginn.
Am Endeffekt muss een sech nämlech froen, wat méi wichteg ass: datt mer weiderhin däerfen ouni Angscht viru Verloschter eis Ëmwelt verschmotzen oder datt eis Kanner a 50 Joer nach eppes fir ze iessen hunn.
Do kann een nëmme soen: „Besser eng Kuuscht an der Täsch wéi eng Fieder um Hutt.“