De Schreiwer vun dësen Zeilen hat dat Kannergedicht, wat och an engem Cabaretslidd vum Josy Christen opdaucht, schonn 2020 emol an engem Konterbont-Text iwwer Lëtzebuerger Wochemäert zitéiert, mä et passt wuel nach besser bei d’Foire Agricole zu Ettelbréck. A wann s de hautdesdaags och zimmlech sécher kee Källefche méi derzoukriss, de Schwänzche fir dee klenge Fränzchen dierft beim Partner Ettelbrécker Schluechthaus oder bei soss engem Metzler nach ëmmer ze kréien oder ze bestelle sinn.
Wuel keng Stad hei am Land ass esou enk mat der Landwirtschaft verbonne wéi Ettelbréck, op der Grenz tëschent Guttland an Éislek, an zugläich Synonym fir d’Bauerestad vum Land. D’Foire Agricole Ettelbréck (FAE) ass dobäi wuel déi gréisste Manifestatioun, déi iwwer d’Joren op der Plaz organiséiert gëtt an och déi meeschte Visiteuren an d’Däichwise lackelt.
Wa mir ë bëssen an der Geschicht zeréckbliederen, da steet do geschriwwen, datt alles mat engem Randbéischtmaart ugefaangen huet. Deemools sinn déi sougenannt „Foueren“ an deene gréissere Stied vum Land ouni fixe Kalenner organiséiert ginn. 1983 huet de Lycée Technique Agricole säin 100-järegt Bestoe gefeiert an zesumme mat der Ettelbrécker Gemeng eng besonnesch Foire zu Ettelbréck an den Däichwisen organiséiert ‒ déi éischt Landwirtschaftsfoire, wéi mir se haut kennen. An Zesummenaarbecht mat de Ministèrë fir Bildung a fir Landwirtschaft a verschiddene landwirtschaftleche Verbänn war et vun Ufank un eng spezialiséiert Ekipp, déi sech ëm d’Organisatioun gekëmmert huet, an d’Nimm Pol Schmitz, Nicolas Krack an Yvonne Scholtes si jidderengem e Begrëff, dee jee mat der FAE ze dinn hat. Vun der éischter Ausgab u goufen an dësem Kontext Déiereconcoursen organiséiert, a wuel net zulescht dofir ass d’FAE och esou beléift bei Famillje mat Kanner, déi aus dem ganze Land op Ettelbréck pilgeren, fir do de Kanner ze beweisen, datt d’Mëllech net am Cactus gemaach gëtt, mä am Auder!
Fréier waren och nach eng sëllege Päerdsconcoursen ze gesinn, zum Beispill de Galopp vu ganzen Ardennerpäerd-Familljen op den Däichwisen, déi aktuell awer éischter an der Robbesscheier zu Munzen iwwer Land bëselen (mä och haut nach ginn et Concoursen a Showen an zwou verschiddenen Arenaen op der FAE). No der Industrialiséierung vum Bauerenhaff koumen dunn déi éischt Landmaschinnen an déi mechanesch Dieselpäerd, déi se gezunn hunn, ouni ze houschten. Ëm 2010 ass du ronderëm ë Maart entstanen, wou déi regional Produzenten eng sëllege Produkter aus der Véizuucht weisen.
Hautdesdaags huet d’FAE mat hirer Ausstellungsfläch vu méi wéi 34.000 m2 scho laang en iwwerregionale Charakter, an et komme reegelméisseg bis zu 50.000 Visiteuren, digital gesurft oder op d’Plaz, dorënner eppes ëm déi 5.000 aus dem Agrarsecteur. Op iwwer 300 Aussteller vu Lëtzebuerg an aus dem Ausland huet sech dës Landwirtschaftsfoire an der Tëschenzäit agependelt.
Gewise gëtt, wat méi oder manner (an och alt emol iwwerhaapt näischt) mat der aktueller Landwirtschaft ze dinn huet. Nieft enger Partie Administratiounen a Ministèrë fanne mir an der Ausstellerlëscht natierlech de spezialiséierte Landmaschinnebau (méi), Ourdaller a CGDIS (manner), Airbrush a Glitzer-Tattoos (iwwerhaapt näischt), an natierlech ass fir dat leiflecht Wuel esou gutt gesuergt, datt wuel och deemnächst Dieteticienen a Weight Watchers e Stand do wäerte buchen.
Ë béise Schlag fir d’Organisateure waren d’Covid-Joren, mä si hu sech souzesoen op déi hënnescht Bee gestallt an hir Manifestatioun noutgedrongen deelweis digitaliséiert, mat engem Studio an der Däichhal, aus deem alles iwwer Internet, Radio an Tëlee iwwerdroe ka ginn. Dës modern Versioun vun der FAE an de Joren 2020 (komplett digital) an 2021 (hybrid) war eigentlech gläichzäiteg d’Preparatioun vum 40. Gebuertsdag am Joer 2023. D’lescht Joer haten d’Organisateure sech an dësem Kontext eppes ganz Besonnesches afale gelooss, an zwar eng Ännerung vum Konzept fir de Beräich vun de regionale Produiten, andeems se e kulinaresche Parcours ugebueden hunn, wou déi eenzel Produiten aus de verschiddene Regioune konnten entdeckt ginn.
D’FAE ass iwwregens dëst Joer vum 5. bis de 7. Juli ënner dem Motto „Houfreg op eis Regioun“. Weider Informatiounen an deen aktuelle Programm fënnt een ënner fae.lu.
En Artikel vum Sully Prud’homme
Fotoen: © Foire Agricole Ettelbruck