Frëschmäert zu Lëtzebuerg

Gees d’op de Maart,
Keef’s de eng Kou,
Kriss e Källefchen derzou,
An e Schwänzchen,
Fir dé klenge Fränzchen…

Dëst Kannergedicht, wat och an engem Kabaretslidd vum Josy Christen optaucht, ass an der Zäit an enge sëllegen Versiounen duerch d’Kannerzëmmeren heizuland gegeeschtert.

Queesch duerch d’ganzt Land ginn esou Wochefrëschmäert ofgehalen, zum Beispill zu Lëtzebuerg mëttwochs a samschdes, zu Dikrech dënschdes, zu Esch-Uelzecht dënschdes a freides an zu Ettelbréck freides, op anere Plazen nëmmen all zweet oder all véiert Woch, mee eppes hunn se all gemeinsam: si loossen engem d’Waasser am Mond zesummelafen mat saisonale Friichten, frëschem knackege Geméis a lokale Fleeschprodukter. Doniewent Kéis, Gebeess, Sirop, Brout, Eeër, Blummen a Planzen, Häerz wat begiers de. Ass et och vläicht e puer Cent méi deier wéi am Supermarché, méi frësch ass et allefalls, wëll gréisstendeels d’Leit vum Maart selwer Producteure sinn a keng Tëschenhändler hir Fangere mat am Spill hunn an domat fir Verzögerunge suergen.

Ausserdeem kann et jo nëmme vu Virdeel sinn, gesond Liewensmëttel an der frëscher Loft anzekafen, an déi lokal Produzenten ginn och nach ënnerstëtzt. Ganz nei um Stater Maart ass iwweregens och ë Stand, dee fir de large scale testing Promotioun mécht, och dat gehéiert an déi aktuell Maartsituatioun!

Kafen a verkafe vu Wueren op enger zentraler Handelsplaz gëtt et vum 10. Joerhonnert un. Ee vun deenen éischten historesch beluechte Mäert ass den Trierer Hauptmarkt, dee schonn am Joer 958 ageriicht ginn ass, an et waren deemools virun allem Kléischter oder awer de Bëschof, déi dës Mäert organiséiert hunn, dunn och nach mat Handwierksgeschier oder Holzaarbechten bis no der Trennung vun Handwierk a Landwirtschaft op dëse Verkafsplazen. Deemools war iwweregens och nach op all Maartplaz e Pëtz ze fannen, fir d’Transportdéieren an d’Schluechtvéi kënnen mat Waasser ze versuergen. D’Ausgesinn vun de Mäert huet sech am Laf vun de Joerhonnerten duerch déi jeeweileg historesch Bedéngungen a villen Detailer geännert, an haut geet et éischter a Richtung gesond Bioprodukter, mee de Maart gëllt nach ëmmer als gesellschaftlechen Zentrum vun de Stied, mat flotten a sympathesche Bistroe ronderëm.

Et ass an dësen Zäiten och fir d’Maartleit net esou einfach, wëll si sech natierlech och un déi vun der Regierung verhange Moossnamen mussen halen, an esou si säit geraumer Zäit déi eenzel Maartstänn ëmgebaut ginn, fir datt d’Clienten déi richteg Distanz anhale kënnen. Meeschtens gëtt dofir e Seel gespaant oder eng Barrière opgeriicht, déi eng Säit geet et eran an de Stand, an op der anerer Säit erëm eraus. Am Géigesaz zu villen anere Geschäfter bleift hei den Ëmsaz relativ stabil. Wuel kommen e puer Leit manner luussen, mee si kafen ëmsou méi, vläicht esouguer fir déi ganz Woch, „wa mir schonn hei sinn“ sot d’Bomchen mam faarwegen Akafskuerf.

Och vill Jonker hunn a Corona-Zäiten de Maart entdeckt, fir anerer ass et the place to be, zum Beispill fir d’Patricia, dat all Samschdeg op de Maart pilgert fir ze kucken, ze schmaachen a gesinn ze ginn.

Den Nicky Kirsch war 27 Joer laang d’Aushängeschëld vun de Maartleit, an der Press, um Radio, jiddereen huet den Nicky kannt, dee sech net gescheit huet, och emol de Fanger an oppe Wonnen ze leeën. Den neie President, de Jeff Burg, kënnt vun Eeschwëller bei Wolz a produzéiert ënner anerem déi wuel bescht Mettwurschten op dëser Säit vum Äquator, fir mäi Goût emol op alle Fall! De Jeff Burg, deen also elo d’Relève vum Nicky Kirsch geholl huet, wëllt zesumme mat sengem Comité, datt an deenen eenzele Gemengen eng verstäerkt Attraktivitéit vun de Mäert dem Client vu muer eng attraktiv Plattform soll gebuede ginn. Esou solle speziell Aktiounen ënnerholl ginn, fir zum Beispill Ouschtereeër, Knippercher fir Mammendag a Lëtzebuerger Äppel am Hierscht ze verdeelen, an Aktiounen wéi Kachen um Maart sollen d’Leit nach méi virwëlzeg maachen. Hie freet sech iwwerdeems driwwer, dass de Groussdeel vun de Clienten aktuell wierklech ganz disziplinéiert sinn a gutt beim Akafe mat de Corona-Consignen eens ginn.

Betount frëndlech a familiär geet et um Frëschmaart souwisou ëmmer zou, d‘Maartvollek ass eeben opgeschloss an éierlech, vläicht awer just mat Ausnam vun där Maartfra dëser Deeg samschdes um Stater Maart, déi mir e relativ onfrëndlecht „vun eis ginn hei keng Fotoe gemaach“ ouni Wannechgelift a Merci dohi gebaupst huet, amplaz emol ze froen, firwat ech hiert Geméis geknipst hunn. Mee vläicht hat si jo just e schlechten (Maart)-Dag …

En Artikel vum Sully Prud‘homme

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.