D’Geschäftsleit riichte fir d‘Braderie hir Stänn virun hirem Buttek op, a presentéieren hir „bradéiert“ Wueren. Haut huet all gréisser Geschäftsuertschaft am Land all Joer hir Braderie.
D’Wuert Braderie kënnt iwweregens aus der flämescher Regioun an ass ofgeleet vu braaden, (broden op Lëtzebuergesch). Deen Dag goufen op ville Stänn gebroden Iesswueren ewéi Fleesch an Hierken ugebueden. Zu Lëtzebuerg waren dat am Ufank Thüringerwurschten, spéider dann och Mettwurschten a Kotletten.
D‘„Luxemburger Wort“ huet no der éischter Braderie am Joer 1929 geschriwwen: „Déi al Avenue ass voll beluecht mat Verkafsstänn, déi vu Bummler ëmzéngelt sinn. D‘Geschäft schéngt ze floréieren. D‘Stëmmung ass excellent“, sou huet et geheescht – och wann anscheinend net jiddereen un en Erfolleg gegleeft hat: „Frou Gesiichter iwwerall, … E richtege Kiermesdag, wéi sech e warscheinlech de Jang de Blanne virgestallt hat, wéi hien d’Fouer geschaf huet. D‘Skeptiker hunn alt erëm Onrecht kritt.“
„Déi éischt lëtzebuergesch Braderie war (…) e vollen Erfolleg, deen esouguer déi stäerkst Optimisten net erwaart haten. Eises Wëssens huet d‘Haaptstad nach ni esou vill Visiteure gesinn ewéi bei der éischter Braderie“, schreift den LW-Redakter am September 1929. „D‘Stroossen an déi ëffentlech Plaze si voll vu kaflëschtege Mënschen, an et ka keen Zweiwel ginn, datt d‘Bradéierer op hir Rechnung koumen.“
No der gelongener éischter Ausgab war d‘Braderie aus der Stater Geschäftswelt net méi ewechzedenken. Just an den Krichs- a Krisejoeren tëschent 1938 an 1948 ass d‘Stater Braderie ausgefall. Vun 1949 un huet d’Braderie direkt erëm un den Erfolleg vun de Virkrichsjoren ugeknäppt.
Wärend ville Jore war de Fouerméindeg an der Stad e „Feierdag“, d’Leit hate fräi a konnten a Rou akafen an op d’Fouer goen.
Bis haut lackelt d‘Stater Braderie dausende Mënschen an d‘Uewerstad an an de Garer Quartier. Och wann de „Braderiesméindeg“ sech scho laang net méi op d’Stad eleng begrenzt. Och d’Akafszentren oder d’Miwwelgeschäfter lackele mat villen aneren Ubidder d’Clienten de ganze Weekend iwwer mat Braderiesofferen.
Fir hiren 90. Gebuertsdag goufen et extra vill Iwwerraschungen, Animatiounen a Concoursen. Villes konnt ee gewannen, ënner anerem e Gebuertsdagskuch, Akafsbongen, eng Rees, fréier Spillsaachen aus Holz … Et war fir d’Kanner e Baby-Foot, Pingpong, Sprangschlässer, Sumo-Kämpf do. Fir déi Grouss Musek an Danz an déi éischt 250 konnte gratis parken.
Wien Honger an Duuscht hat, dee konnt sech ënner anerem bei de Food-Trucks mat kulinaresche Spezialitéiten aus aller Welt op der Paräisser Plaz verwinne loossen.
Haut ass d‘Braderie awer nach ëmmer Traditioun. D’Stater Braderie ass a bleift och mat hiren iwwer 90 Joer ëmmer nach en Erliefnes fir déi ganz Famill – a fir d‘Stater Geschäftswelt och a schwéieren Zäiten dee wichtegste Verkafsdag vum Joer.
Hautdesdaags ass d’Braderie ee vun de gréisste Stroosseverkeef an Europa, deen op 5 Kilometer laange Stroossen ongeféier 400 Verkafsstänn an iwwer 200.000 Visiteuren d’Joer unzitt.
Op der Stater Braderie kritt der alles, wat ee bradéiere kann: Kleeder, Schong, Schminksaachen, Elektronik, z’iessen an ze drénken, … Et sinn awer och niewent de Geschäftsleit ëmmer och 15 Vereenegungen esou wéi politesch Parteien do, déi een Informatiounsstand hunn.
D’Geschäftsleit an der Stad hate schonn zënter ewell zwee Joer mam Tramsschantjen ze kämpfen an dëst Joer hu se och nach méintlaang net schaffen däerfen. Wéinstens op d’Braderie hu si sech verlooss fir e bëssen Ëmsaz ze maachen. Dëst Joer war d’Braderie dann e bësse méi speziell, si gouf amplaz op engem Dag iwwer e ganze Weekend geluecht. Et waren awer keng Food-Trucks oder aner Iessgeleeënheeten erlaabt.
Loosse mer hoffen, datt d’nächst Joer erëm alles beim Alen ass an d’Leit sech erëm kënnen op der Stater Braderie Rendez-vous ginn.
En Artikel vum Tania Hoffmann