Food Trucken an der Kris

Nëmmen dräi Restauranten op Rieder waren a Betrib

Et war an ass eng schwiereg Zäit fir den Horesca-Secteur. Déi meescht Baren a Restaurante waren am Abrëll an am Mee am Stëllstand. Wien nach schaffe wollt, deen huet missen op Liwwerungen oder Take-outen, also Menüen fir matzehuele setzen – op der Plaz gëtt et kee Service méi. Zu deene wéinegen, déi hire Kachläffel nach net onbedéngt un den Nol hu mussen hänken, hunn dräi vun de Lëtzebuerger Food Trucken gehéiert.

Nëmme vereenzelt trëfft een an dësen Zäiten op ëffentleche Parkplazen nach d’Kichen op véier Rieder un, well och bei de Lëtzebuerger Food Trucken ass d’Auswiel mëttlerweil ferm kleng ginn. Nëmmen dräi Trucke si momentan nach am Déngscht. Zu hinne gehéiert och den éischte Food Truck am Land: Zanter 2013 zerwéieren de Kim Conrardy a seng Ekipp vun The Food Truck Company Burger an hausgemaacht Fritten. Wärend der Kris mussen awer och si ëmdisponéieren.

„Mir falen ënner de Regimm vun de Plate fir matzehuelen, wat jo souwisou d’Basis vun engem Food Truck ass. Op der Plaz iessen däerf eis Clientèle aktuell net, Dëscher stelle mir also keng op“, seet de Kim Conrardy, deen och President vum nationale Food Truck-Verband ass. D’Menüskaart vum Imbisswon huet sech trotz dem Corona net geännert, beim Briefing vu senge Mataarbechter muss deen 38-Järegen elo awer besonnesch virsiichteg sinn: „Mir hunn eist ganzt Personal sensibiliséiert, fir datt se wëssen, wéi si sech ze verhalen hunn, fir sech an eis Clienten ze schützen.“ Méi haart schwätzen am relativ héije Camion, nach méi Hännwäschen, wéi dat normalerweis schonn de Fall ass, an d’Ëmstellung zeréck bei d’Bezuelen ouni Boergeld – sou déi aktuell Devise vun der Company.

Ofwiesslung vun der Kichen doheem.

Nei sinn niewent de méi strenge Virschrëften, och déi vereenzelt Diskussioune mat Clienten, wéi de Kim Conrardy verréit: „D’Santé zitt Hännwäschen dem Droe vun Händsche vir, vu muenche Leit kréie mir dozou allerdéngs Kommentaren. Et gëtt elo einfach e méi staarkt A op d’Hygiène gehäit, do muss een eebe wëssen, wat een äntwert. Dofir informéiere mir eis stänneg op de Säite vum Gesondheetsministère an der WHO.“ Maske komme fir de Food Truck-Besëtzer awer net a Fro – d’Hëtzt hanner der Kachmaschinn an d’Kachen op enkstem Raum géifen déi Aarbechtsbedéngunge fir seng Männer einfach onerdréiglech maachen.

Generell sinn d’Clienten awer positiv gestëmmt, well d’Offer vum Food Truck ass eng wëllkommen Ofwiesslung zum Kascht aus der eegener Kichen. „Mir sinn zanter e puer Méint zu Wickreng am Asaz. D’Gemeng huet d’Awunner informéiert an du goung et richteg lass”, esou de Kim Conrardy. Och d’Zäitëmstellung spillt dem Burger-Team an d’Kaarten, esou datt dës Plaz elo zur Haapteinnahmequell ginn ass. Anescht gesäit et allerdéngs beim Verkaf an den Industriezonen aus, an och Festivalle falen dëst Joer zum groussen Deel an d’Waasser: „Zesumme mam Escher Syndicat d’initiative hate mir am Mäerz de Culture Forest Festival, deen elo an den August huet musse verluecht ginn, geplangt. Den Event u sech konnt zwar doduerch gerett ginn, de Benefice feelt eis elo awer trotzdeem.”

Nëmmen dräi vu 25 am Asaz

Änlech gesäit et bei der Besëtzerin vum T-Wraps Food Truck, dem Michèle Goethals aus. Ekipéiert mat enger Schutzmask an Händschen, hält si mat hirem Frënd de Betrib um Liewen – och wann dat eigentlech guer net geplangt war: „Mir wollten ab Abrëll ënner der Woch manner Service proposéieren, well mir d’nächst Joer e neie Projet mat fester Plaz starte wëllen. Well Weekends elo awer keng Eventer méi sinn, hu mir musse kuerzfristeg ëmdisponéieren an och eist kierzlech agestallt Personal erëm entloossen.” No éischtem Gefill vun der Erschëpfung ass bei der 26-Järeger de Knuet geplatzt an si huet ugefaangen, d’Gemengen unzeschreiwen – mat Erfolleg. Fir si heescht et elo: méi Aarbechtsstonne fir manner Geld – awer d’Ëmstellung huet och eppes Positives: „Nei Plazen bedeiten nei Clienten. Eis Routine huet sech zwar elo massiv verännert, awer op d’mannst kënne mir esou eis Rechnunge bezuelen.”

Manner gutt gesäit den Ament d’Nathalie Bretin vun Streatchef d’Lag. An hirer Roll als Vizepresidentin vun der Luxembourg Food Truck Associatioun ass si zoustänneg fir d’Vermëttlung vun Iessween un d’Organisateure vu Fester, a permanent a Kontakt mat hire Kolleegen. „Mir hunn eng 25 Memberen, déi zu Lëtzebuerg ageschriwwe sinn. Vun hinne sinn et momentan nëmmen nach dräi, déi hallefdaags schaffen”, erkläert déi 49-Järeg. Si selwer ass mat hirem Truck op grouss Eventer spezialiséiert, den Ausfall vum St. Patrick’s Day, esouwéi d’Ongewëssheet bei geplangte Concerten an der Abtei Neimënster rappen e Lach an de Portmonni. „Et ass wierklech katastrophal an ech weess net, wéi vill Food Trucks et no der Kris nach wäerte ginn.”

D’Fro vun der Verantwortung.

Bei d’Tatsaach, datt déi mobil Kichen op eng fest Plaz mat Stroumuschloss ugewise sinn an esou Liwwerungen op der Dot esou fir déi meescht onméiglech sinn, kënnt déi kollektiv Feststellung dobäi, datt bis haut all Äntwert vum Staat feelt. „Déi meescht vun eis hunn Aarbechtslosegkeet fir hiert Personal ugefrot oder si selwer Elteren an hu Congé gefrot, awer bis elo leider ouni Réckmeldung”, seet d’Nathalie Bretin rosen. Si selwer léisst hire Food Truck wärend der Kris stoen: „Ech hunn decidéiert, net erauszefueren, well et ufangs relativ wéineg Infoen zur Situatioun gi sinn an dëst mir perséinlech méi sécher virkomm ass. Ech wëll net an e puer Woche gewuer ginn, datt sech ee bei mengem Truck ugestach huet.”

Eng Alternativ zum kompletten Néierleeë vun der Aarbecht huet de Gregory Hell vun So Food – Foodtruck fonnt. Scho virun der Quarantän huet sech dës Kris beim Selbstännege bemierkbar gemaach. Nëmmen nach wéineg Leit si fir ze iesse bei den Truck komm: „Bal jiddwereen ass schonn am Teletravail gewiescht an nëmmen nach zéng Platen am Verglach zu de soss 40 bis 50 zouzebereeden, war den Opwand fir eis leider net wäert. „Den Truck ass op der Dot bei den Employé heem gewandert. Hei kacht hien allerdéngs och wärend dem Confinement. „Mir kommen aus dem Eck vu Suuftgen, wou et vill kleng Dierfer mat eeleren Awunner gëtt. Mir wollte weiderhin e Service proposéiere kënnen, also si mir op Catering ëmgeklommen”, erkläert de 37-Järegen. Zwee Platen aus lokale Produkter ginn elo donneschdes a freides vum Truck-Proprietär ausgeliwwert, dat an engem Ëmkrees vun zwielef Kilometer.

Suergen ëm d’Kolleegen

„Mäi Problem war vun Ufank un, datt jiddwerengem matgedeelt ginn ass, et soll een doheem bleiwen, an ech meng Aarbecht net als liewenswichteg Tätegkeet gesinn. Weider erauszefueren huet mir net kohärent genuch geschéngt, awer esou, wéi mir elo schaffen, kënne mir dat ouni jiddwer Kontakt matenee maachen an awer weiderhin eis Clientèle zerwéieren”, sou den Gregory Hell. Hie wéilt sech iwwer d’Ëmstellung net bekloen, well him géing et vill manner schlëmm ewéi de meeschte vu senge Kolleegen ergoen. „Ëm si maachen ech mir méi Suergen, als Burger Truck wäerte mir och no der Kris erëm Aarbecht hunn. Elo heescht et fir eis all emol ofwaarden, wat geschitt an dobäi de Mutt net ze verléieren. Vläicht bréngt eis dat Ganzt jo op nei Weeër.”

The Food Truck Company

Dënschdeg – Donneschdeg: 17.00-20.00 Auer zu Wickreng (rue des 3 Cantons), Mëttwoch: 11.30-14.00 Auer um Kierchbierg (rue Jean Monnet) (all Zäiten op www.foodtrucklu.com)

T-Wraps Food Truck

Mëttes 11.30-14.00 Auer: Dënschdeg zu Monnerech, Mëttwoch zu Bartreng, Donneschdeg zu Leideleng, Freideg um Kierchbierg / Owes 17.30-20:30 Auer: Mëttwoch zu Reckeng op der Mess, Donneschdeg zu Bartreng, Freideg zu Peppeng (all Zäiten op www.twraps.lu)

Streatchef

No der Kris erëm zu Hamm an op der Cloche d’Or, bis dohi kënne sech Interesséierter iwwer d’Mailadress nathalie@luxfta.lu ëmfroen, fir elo schonn e Food Truck fir zukünfteg Eventer ze buchen (all Infoen op www.streatchef.lu oder www.luxfta.lu)

So Food – Foodtruck

Zwee Menüe pro Woch, ze bestellen bis Mëttwochs 12 Auer, Liwwerung den Donneschdeg an de Freideg (all Infoen op Facebook ënner So Food – Chef & Traiteur)

E Stéck Amerika zu Lëtzebuerg

E Stéck amerikanesch Traditioun ass scho säit enger Zäit zu Lëtzebuerg gelant – d’Food Trucken. Säit méi ewéi 7 Joer fiert de Kim Conrardy elo schonn mat senger The Food Truck Company duerch Lëtzebuerg a verkeeft Hamburger an alle Varianten.

De Kim Conrardy war mat senger 12 Quadratmeter grousser Kichen een vun deenen éischten, deen déi amerikanesch Iddi vum Iessen op Rieder op Lëtzebuerg bruecht huet. Säitdeem ginn et mindestens néng aner Food Trucken, déi hiren Tuer duerch Lëtzebuerg dréien.

Zesummeschloss

Sechs Food Trucks hunn sech an enger ASBL, der Luxembourg Food Truck Association, zesummegedoen.

Firwat eigentlech Hamburger an net eppes anescht? „Hamburger a Grille ware schonn ëmmer meng Leidenschaft. Ech hu schonn ëmmer gär gegrillt“, erkläert deen 33-Järege begeeschtert. Wéinst senger Leidenschaft zum Grillen huet hie vu Frënn den Numm Burger Kim kritt, ofgeleet vum Numm vun enger bekannter amerikanescher Fast-Food Chaîne, erkläert hien. Aus senger Leidenschaft huet hien, no laanger Iwwerleeung, e Beruff gemaach.

Virdrun war hie schonn als Art Director selbstänneg an huet vun Zäit zu Zäit och fir e Betrib geschafft. „Mee dat permanent Geklunschels um Büro huet mir net gefall“ erzielt de Kim Conrardy. Hie wollt eraus aus dem Büro, mat Leit a Kontakt sinn, seet hien.

„Ech wollt wëssen, wéi d’Wieder dobaussen ass, ob et reent, schneit oder d’Sonn schéngt“. Aus dësem Drang a senger Motivatioun ass dunn seng Food Truck Company entstanen.

E klengen Camion aus den USA

D’Iddi hat hie schonn am Kapp, an dunn ass et och direkt lassgaang: hien huet sech en Truck organiséiert – mee net egal wat fir een, mee e Frightliner, eng amerikanesch Camionnette. „Wa schonn amerikanesch, dann och richteg. Mäi Food Truck soll un déi zu New York oder Los Angeles erënneren erkläert hien. Sober, awer e wéineg Retro sollt et sinn, dofir huet och e Kolleeg, deen zu New York geschafft huet, de Logo entworf.

Wat seng Wueren uginn, verkeeft de Kim Conrardy net iergendee Fleesch, hie kuckt ganz genee drop, datt et regional Produite sinn. Fir datt seng Burgeren dee gewëssen Extra kréien, deen déi aner net hunn, wëll hien och geschwë bei den Zoossen nëmmen nach lëtzebuergesch Produite benotzen. Bei der Wiel vun den Hamburger hunn ech dono gekuckt, datt se all ewéi eng kleng Rees duerch d’Welt an d’Kulturen sinn”, erkläert dee begeeschterte Grillmeeschter.

Säi Food Truck fënnt een därzäit op diverse Parkinge vun Betriber an der Stad an Ëmgéigend. Awer och op Festivaller heizuland, wéi zum Beispill dem Rock-a-Field oder an de Nopeschlänner um Brussels Food Truck Festival oder um Street Food Market zu Tréier begéint een dem Kim säi Food Truck. E Grapp voll Clientë fueren esouguer extra bis bei de Food Truck, fir an de Genoss vun engem leckeren, hausgemaachte Burger ze kommen, och wann et net direkt an der Géigend ass.

Wou de Food Truck grad steet, gëtt de Client op der Internet- oder der Facebooksäit gewuer. Oder awer, Dir benotzt déi Lëtzebuerger Food Truck App: www.snack-track.com

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.