D‘Fondatioun fir den Accès um Logement ass 2009 gegrënnt ginn, well et och schonn deemools e Logementsproblem gouf, erzielt de Gilles Hempel, Direkter vun der Stëftung. Allerdéngs hätt dee Problem deemools d‘Allgemengheet nach net sou betraff, wéi dat haut de Fall ass. Wéi den Numm et scho verréit, ass d‘Fondatioun dofir do, vulnerabele Leit bei hirem Zougang op eng Wunneng ënner d‘Aerm ze gräifen. De Gilles Hempel huet och eng Iddi, wéi een d‘Präisdeierecht zu Lëtzebuerg kéint an de Grëff kréien.
De Gilles Hempel ass säit der Grënnung 2009 Direkter vun Agence immobilière sociale (AIS) a säit 2018 och Direkter vun der Fondation pour l‘accès au logement (FAL). Hien ass donieft och Grënnungsmember vun der ASBL Mieterschutz zu Lëtzebuerg an och Member vun der Koordinatiounsgrupp Ronnen Dësch, eng Plattform vun aktiven Akteuren beim Empfang a bei der Integratioun vu Flüchtlingen. (Foto: © Eric Devillet)
D‘Stëftung ass virun allem entstanen, fir der Agence immobilière sociale (AIS), déi der Fondatioun ënnersteet, eng Struktur ze ginn. „Mir hunn deemools festgestallt, datt d‘Sozialaarbechter um Terrain ee Problem haten, fir hir Leit ze logéieren“, erkläert de Gilles Hempel. Dat heescht, datt déi Persounen, déi vu Sozialaarbechter betreit goufen, gläichzäiteg och ëmmer e Logementsproblem haten. „Hir Betreier ware mat der Sich no enger Wunneng esou beschäftegt an deels och iwwerfuerdert, datt kaum nach Zäit bliwwen ass, fir de psychologesche Suivi ze maachen oder un der professioneller Reinsertioun vum Client ze schaffen.“ E puer Sozialaarbechter hätten sech dunn zesummegedoe fir eng entspriechend Struktur ze schafen, wou de vulnerabele Client souwuel mat Wunnraum versuergt konnt ginn, wéi och de restleche Suivi konnt assuréiert ginn.
2009 war et dunn esou wäit. D‘Fondatioun gouf gegrënnt an direkt duerno och d‘Agence immobilière sociale. D‘Iddi hannert der AIS war et, déi vill Leit, déi eng Wunneng eidel stoen hunn, mat deenen ze verbannen, déi e Logement brauchen. Et gouf also no engem Modell gesicht, wéi een déi privat Besëtzer vun eidele Wunnenge konnt dozou motivéieren, hir Immobilie der AIS fir e festgeluechte Loyer zur Verfügung ze stellen. Dobäi ass een der Fro nogaangen, firwat d’Proprietären hir Wunnengen eidel loossen an net um private Marché verlounen. Méiglech Grënn kënne sinn, datt se vläicht de Loyer net onbedéngt brauchen, oder d‘Wunneng fir hir Kanner wëllen halen a net wëllen, datt een se besetzt. Munch Leit fäerten och, datt een hinnen alles futti mécht. Dofir gëtt d‘AIS de Besëtzer bestëmmte Garantien, fir hinnen hir Ängschten ze huelen. Dozou gehéiert, datt se hinnen ee festgeluechte Loyer garantéieren, d‘Wunneng a Stand setzen an se innerhalb vun e puer Méint dem Proprietär erëm kënnen zeréckginn, wann deen se fir sech selwer oder seng Kanner brauch.
D‘Prinzip vun der Agence immobilière sociale ass also, de benodeelegte Leit eng Wunneng ze besuergen an hinne gläichzäiteg eng sozial Begleedung unzebidden. Zur Zilgrupp gehéieren awer keng Studenten oder Beruffsufänger, präziséiert den Direkter vun der Stëftung. Déi Logemente wiere fir Leit, déi wierklech aarm sinn oder sozial ausgeschloss ginn. „Am Prinzip sinn et d‘Sozialaarbechter, déi bei eis uklappen a froen, ob mir e Logement fir hire Client hunn“, seet de Gilles Hempel. „Mir liwweren dann d‘Wunneng an de Sozialaarbechter setzt seng Begleedung fort, fir datt en de Client rëm fit kritt“. Et wier e bëssi wéi eng Tripartite, seet hien. Den Assistant social géif also mam Client un der Léisung vu sénge Problemer schaffen. De Gilles Hempel nennt d‘Beispill vun engem Chômeur. D‘Zil wier et, datt hien erëm eng Aarbecht fënnt. Dofir misst en eventuell Formatioune maachen. Donieft géif e Plang opgesat ginn, wéi hie seng Scholden zeréckbezuele soll. Wann dës Ziler erreecht sinn, da sinn d‘Leit an der Reegel prett fir den éischte Wunnengsmaart. Insgesamt verwalt d‘AIS knapp 600 Wunnengen.
An den éischte Joren no der Grënnung hätt dat och ganz gutt funktionéiert. „Mat der Zäit hu mer awer gemierkt, datt dat ëmmer manner gutt gelaf ass an datt d‘Leit ëmmer méi laang bei eis bliwwe sinn“, sou de Gilles Hempel. Hien erkläert: „Se kréien am Ufank e Kontrakt fir 3 Joer dierfen an der Wunneng ze bleiwen. Elo sinn et dacks scho 5 Joer au départ.“ Dës Limitte kéinten awer verlängert ginn, wann d‘Leit nach méi Zäit brauche géifen. “Mir hu gemierkt, datt ëmmer méi Leit einfach an deene Verlängerungen hänke bleiwen.“ Dat wier awer net, well d‘Leit sech manner druginn oder d‘Sozialaarbechter méi schlecht geschafft hätten, mee einfach well d‘Präisser um éischten Wunnengsmarché fortgelaf wieren.
„Wa mir fréier e Client am Chômage haten, an et fäerdeg bruecht hunn, datt deen duerno Camionschauffer oder Coiffeur ginn ass, dann hate mer gutt geschafft“, sou den Fondatiouns-Direkter. „Mee mir kënnen net aus all Mënsch e Bankdirekter, Chirurg oder Ingenieur maachen.“ Mee den aktuelle Marché hätt just nach Wunnengen fir eng gewëssen Akommesklass. „Déi Leit bei eis fänke ganz ënnen un. Déi kréie mir net sou héich“, gëtt hien ze bedenken. An dat kéint jo och net den Usproch sinn. Mir bräichten an eiser Gesellschaft och Leit mat Beruffer, wou et eng ganz normal Pai gëtt. „Déi Leit kommen also net vun eiser Wunneng fort, well se net genuch verdénge fir an den éischte Marché eranzekommen.“ De Vertrag vum Logement kéint no den éischte 5 Joer verlängert ginn, mee iergendwann awer och net méi, sou de Gilles Hempel. Déi Leit géifen sech an enger gewëssener Onsécherheet befannen, well se all Joer domat misste rechnen, hire Vertrag net méi verlängert ze kréien an da mat der ganzer Famill op der Strooss sëtzen.
Aus dësem Grond huet d‘Fondatioun 2019 Abitatio gegrënnt. „Mir hunn also selwer ugefaange mat bauen“. Abitatio ass fir déi Leit geduecht, déi hire Projet mam Sozialaarbechter erfollegräich ofgeschloss hunn, an trotzdeem keng Chance um éischte Wunnengsmarché haten. Si hunn hire Vertrag an hirer Wunneng net méi verlängert kritt a konnten duerch Abitatio eng laangfristeg Léisung ugebuede kréien. Abitatio ass deemno e soziale Promoteur a mëscht eigentlech dat selwecht, wéi och de Fonds de Logement an d‘SNHBM (Société Nationale des Habitations à Bon Marché), mam Ënnerscheed, datt d‘Wunnengen bei Abitatio nëmme verlount ginn. „D‘Zäiten hu sech geännert a mir brauche méi laangfristeg Wunnengen amplaz Transitiounswunnenge wéi bei AIS.“ Trotzdeem soll de Prinzip vun AIS bäibehaale ginn, well d‘Leit am Ufank eng ganz intenstiv Begleedung mat engem rigide Kader géife brauchen. Eréischt duerno kéint een se op e laangfristege Logement preparéieren, sou den Direkter.
Mëttlerweil huet Abitatio 29 Wunnengen déi fäerdeg sinn, 20 déi sech am Bau befannen a 16 an der Preparatioun. Mëttelfristeg wéilt een op en Taux vu 50 Wunnenge pro Joer kommen, déi een un de Client brénge kéint. D‘Terraine kënnen se de Gemengen entweeder ofkafen oder se iwwer e Bail emphytéotique – meeschtens fir 50 Joer – lounen. Laut Gesetz muss eng Wunneng, déi mat finanzieller Hëllef vum Ministère dorop gebaut gëtt, fir mindestens 40 Joer eng Sozialwunneng bleiwen. D‘Fondatioun kritt deemno 75 Prozent vum Logementsministère kofinanzéiert a muss déi restlech 25 Prozent bei enger Bank léinen. De Prêt, deen se ofbezuelen, gëtt da mam Loyer, dee se dem Client froen, gedeckt. „Dat ass zwar knapp, mee et geet op“, seet de Gilles Hempel. Mee als Stëftung géif ee kee Benefice maachen, mee just d‘Käschten decken. De Projet AIS huet eng Konventioun mam Familljeministère a mat der Hallschent vun de Gemengen am Land an deenen hiren Office-sociallen.
Wat misst een dann um Wunnegsmarché änneren, fir de Problem vum Accès ze léisen? „Dat wat mir maachen, misst nach vill méi gemaach ginn“, seet de Gilles Hempel. Zu Lëtzebuerg hätte mir e ganzt schlecht Gläichgewiicht tëschent dem privaten an dem soziale Marché. Nëmmen tëschent 1 an 2 Prozent vun de Wunnengen hei am Land wiere sozial Mietwunnengen. An anere Länner wier een op Tauxe vun 10, 15 oder 20 Prozent. Zu Wien géife souguer 60 Prozent an gefërderte Wunnenge liewen. Engersäits kéint sech eng gewësse Populatioun no hire Moyenen logéieren an op där anerer Säit hätt dat och en Impakt op de Marché. „Dat hu Studien och bewisen, datt do, wou vill Sozialwunnenge sinn, sech de Marché och präislech upasst“, seet de Gilles Hempel. „Bei eis geet de Marché, virun allem de Locatiounsmarché, duerch de Plaffong, well keng Alternativ do ass.“
Heizuland géif nëmmen op de Fonds de Logement, d‘SNHBM an op d‘Gemenge gesat ginn. An anere Länner hätt een dogéint e ganz groussen Non-Profit-Secteur. „Mir sinn hei zu Lëtzebeurg praktesch déi eenzeg, nieft der Caritas an dem Roude Kräiz, déi dat awer méi niewelaanscht maachen.“ An Däitschland, Frankräich, der Schwäiz an an Éisträich ginn et ganz grouss Genossenschaften mat honnertdausende Wunnengen, sou de Gilles Hemper. Déi kéinten dann och mat de private Promoteure mathalen. „Dat ass zu Lëtzebuerg ëmmer komplett negligéiert ginn, well mir e bëssi an der Iddi waren, datt jiddereen eng Kéier Proprietär gëtt.“ De Gilles Hemper proposéiert, de risege Retard zu Lëtzebuerg duerch d‘Grënnung vu Startups wéi Abitatio opzehuelen. Déi missten dann am Ufank gefërdert ginn a Startkapital kréien, fir datt se Fouss faasse kënnen. Donieft sollt een de Fonds de Logement an d‘SNHBM nach weider pushen, seet hien. „Mir mussen onbedéngt e groussen Non-Profit-Secteur niewent dem Profit-Secteur opbauen, fir datt déi zwee sech am Gläichgewiicht halen.“