Fitnessparcours: Stad Lëtzebuerg

D’Virdeeler vun der Beweegung fir d’Wuelbefannen, d’Fitness an d’Gesondheet vum Eenzele sinn onbestridden. Sport dobaussen un der frëscher Loft virun enger flotter Kuliss ass nach besser. Et trainéiert een och ganz niewebäi säin Immunsystem duerch d’Beweegung dobaussen.

Genee dat bitt d’Stad Lëtzebuerg am Kader vun hiren Outdoor Fitness Parks, déi duerch d’Stad verdeelt sinn, jidder Mënsch un. Den éischten Outdoor Fitness Park ass 2014 vun der Stad Lëtzebuerg gebaut ginn. Aktuell sinn et der véier: Bouneweg-Süd (Boulevard Kaltreis), Zéisseng-Gasperech (Route de Bettembourg, tëschent dem P+R Kockelscheuer an der Spillplaz fir Kanner), Péitruss/Garer Quartier (rue d’Anvers) a Laval-Park (rue Munchen-Tesch).

De fënnefte Parcours an der Péitruss (rue St. Quirin) gëtt am Kader vum Projet vun der Renaturéierung vun der Péitruss an dem neien Amenagement vum Park neigemaach a wäert 2023 opgoen. Et ass momentan keen zousätzlechen Outdoor-Fitness-Park geplangt, deelt eis d’Stad Lëtzebuerg mat.

D’Offer gëtt ganz gutt ugeholl, virun allem zanter der Corona-Pandemie. Jiddereen ass wëllkomm, vum Ufänger bis zum erfuerene Sportler. Et kann een eleng oder am Grupp trainéieren. De Service Parcs vun der Stad Lëtzebuerg huet och festgestallt, datt ëmmer méi oft Personal-Coachen d’Offer notzen, fir mat hire Clienten dobausse kënnen ze trainéieren. Och beim Outdoor-Training gëllt: Ier ee lassleet, d’Opwiermen net vergiessen, fir de Kierper op d‘Belaaschtung virzebereeden. Eng gutt an einfach Übung ass dofir d’Lafen op der Plaz wärend mindestens 5 Minutten.

Jiddereen decidéiert fir sech selwer, wéi eng Übungen en am Haaptdeel vun senger Trainingsseance mécht a mat wat fir enger Intensitéit. Bei all Übungsapparat hänkt e Panno, wou déi korrekt Ëmsetzung vun der respektiver Übung erkläert ass an explizéiert gëtt, wéi eng Muskelgruppe bei der Übung trainéiert ginn.

Den Outdoor-Fitness-Park erméiglecht e variabelen, funktionelle Ganzkierper-Training. Et ginn Trainingsapparater fir Ausdauer, Koordinatioun, Flexibilitéit a Kraaft ze trainéieren. E gesonden an effikassen Training ëmfaasst déi 4 Beräicher.

Fir den Haaptdeel vun Ärer Trainingssëtzung presentéiere mir Iech op den nächsten Säiten e puer vun deeene beschten Übungen.

Training fir den Uewerkierper:

Dips

Des Übung trainéiert den Trizeps. An der Ausgangspositioun sinn d’Ielebéi gestreckt. D’Übung gëtt gestart, andeems een d’Ielebéi an en 90-Grad-Wénkel bréngt an dëst ëmmer no um Kierper.

Klimmzuch

Dëst ass eng gutt Übung fir den Training vun der kompletter Réckemuskulatur. Jee no Haltung a Breet vum Grëff trainéiert een och de Bizeps, den Antagonist vum Trizeps.
Bei enkem Grëff mat der Bannesäit vun der Hand zur Staang (wéi op der Foto) trainéiert een de Bizeps mat.

Am Ufank vun der Übung léisst een sech hänken, bis d’Ielebéi gestreckt sinn. Dann zitt een sech héich, bis de Kënn iwwer der Staang ass.

Bänkdrécke mam Übungsgerät

Dëst ass en Übungsgerät, wat och a ville Fitnessstudioe steet. Elei gëtt de grousse Broschtmuskel Pectoralis major trainéiert. D’Apparatur ass eng Alternativ zu de klassesche Pompelen. An der Ausgangspositioun vun der Übung dréckt Dir d’Schëller no ënnen. D’Ielebéi sinn op der Héicht vun der Schëller an der Broscht a weisen no hannen. Beim Ausootmen d’Äerm mat Hëllef vun der Broschtmuskulatur no vir drécken, bis d’Ielebéi bal gestreckt sinn.

Dips A
Dips B
Klimmzuch A
Klimmzuch B
Bänkdrécken A
Bänkdrécken B

Training vum Core (Kierpermëtt):

Plank (Briet)

Dës Stabiliséierungsübung trainéiert déi ganz Haltemuskulatur, virun allem den ënneschte Réckemuskel. D’Ielebéi ënnert de Schëlleren halen. Kapp a Schëller bleiwen entspaant. Bauch a Réck ginn ugespaant. D’Zil ass et, d’Stellung eng Minutt ze halen.

Training vun der Bauchmuskulatur:

Fir eng gutt Kierperhaltung brauch een esouwuel eng gutt Réckemuskulatur ewéi och eng gutt Bauchmuskulatur.

Crunch

Dës Übung trainéiert de Musculus rectus abdominis. An der Ufankspositioun den ënneschte Réck géint d’Matt pressen. De Kapp liicht no hanne bréngen an da just mat Hëllef vun de Bauchmuskelen ongeféier 20 cm no uewe kommen.

Beenhiewen

Des Übung trainéiert déi ganz Bauchmuskulatur. An der Ausgangspositioun sech hänke loossen. Dann déi 2 Been ugewénkelt mat Asaz vun der Bauchmuskulatur bis iwwert d’Hëft bréngen.
Training vun de Beemuskelen:

Kniebeuge mat Seel

Des Übung trainéiert de Gluteus maximus, de grousse Schenkelmuskel.

An der Ausgangsstellung d’Grëffer fest ëmklameren. Sech liicht no hanne leeën. Den ënneschte Réck riicht halen, d’Been hëftbreet auserneestellen. Dann d’Kniebeug ausféieren, andeem ee bis an en 90-Grad-Wénkel vun de Knéie kënnt. Dann erëm eropkommen.

Plank
Crunch A
Crunch B
Beenhiewen A
Beenhiewen B
Kniebeuge A
Kniebeuge B

Nom Haaptdeel gehéiert dann e Cooldown dozou. De Stretching trainéiert d’Flexibilitéit a leet och schonns de Grondsteen fir d’Regeneratioun vun der Muskulatur nom Training.

Cooldown

Lafen op der Plaz

Stretching vum Trizeps, Übung 1

Den Aarm gëtt an eng Stellung hannert dem Kapp bruecht. Den Ielebou an den Ueweraarm starr loossen a mat de Fangeren esou wäit wéi méiglech un der Wirbelsail no ënnen drécken.

Stretching vum Trizeps, Übung 2

De lénksen Aarm no riets strecken. D’Handfläch weist no bannen, de rietsen Aarm gräift de lénksen Aarm iwwert dem Ielebou an dréckt de gestreckten Aarm widder de Kierper, bis eng Deenung ze spieren ass.

Stretching vun der Cuisse

D’Been am Knéi duerchstrecken, de Fouss mat der Feescht dobäi op enger Erhiewung ofstellen. Den Uewerkierper a Richtung Fouss bréngen a versichen, d’Zéiwe mat de Fangeren ze erreechen.

Lafen op der Plaz
Stretching; Trizeps A
Stretching; Trizeps B
Stretching; Trizeps C
Stretching; Trizeps D
Stretching; Cuisse A
Stretching; Cuisse B

Wichteg ass et, d’Übunge richteg auszeféieren an dem Kierper Zäit ze ginn, fir sech ze erhuelen.

Am Ufank geet 2 Mol Training d’Woch duer!

Mir wënschen Iech vill Erfolleg beim Training!

 

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.