Firwat kënnt d‘Iessen net einfach gerullt?

Repas sur roues zu Lëtzebuerg

De Repas sur roues, wuertwiertlech iwwersat Iessen op Rieder, ass am Zweete Weltkrich an England entstanen, wéi eng Fraenorganisatioun am Krichsjoer 1943 fir d’éischte Kéier Iessen un eeler Persounen ausgedeelt huet. Eng revolutionär Iddi, déi an den nächste Joerzéngten a ville weidere Länner hire Wee gemaach huet, sou och zu Lëtzebuerg.

De Begrëff Repas sur Roues, englesch Meals on Wheels, huet sech dobäi iwweregens net iwwerall agebiergert, a Frankräich heescht et zum Beispill einfach Repas livrés à domicile, anerwäerts huet sech dee nach méi neutrale Begrëff Catering duerchgesat. Besonnesch a leschter Zäit ware wéinst der Gefor duerch de Coronavirus jo vill Restaurante gezwongen, hir Platen auszeliwweren amplaz se bei sech am Lokal de Clienten ze zerwéieren. Och dat ass, wann een esou wëll, eng Variant vum Iessen op Rieder. Op dëser Plaz wëlle mir eis allerdéngs nëmme mam „traditionelle“ Repas sur Roues befaassen, enger staatlech ënnerstëtzter Déngschtleeschtung, déi sech an éischter Linn un eeler a vulnerabel Persoune riicht.

Haut bidden eng ganz Rëtsch kleng a gréisser Betriber hei am Land dëse wichtege Service un, deen et besonnesch de Leit am Drëtte Liewensalter erlaabt, sou laang wéi méiglech an hirer eegener Wunneng ze bleiwen. Eng net onwichteg Roll spillt dobäi och de sozialen Aspekt vum Iessen op Rieder – trauereg ze soen, mee a muenche Fäll ass de Chauffeur-livreur, deen d’Iesse bréngt, deen eenzege mënschleche Kontakt, deen déi eeler Persoun de ganzen Dag huet!

Ënner de bekanntsten Acteure am Repas sur Roues-Secteur fanne mir ënner anerem den Déngschtleeschter Servior. D‘Entreprise proposéiert hire Clienten all Dag e Choix tëschent zwee Menüen, déi vu professionelle Käch zoubereet ginn; ugebuede ginn alternativ och Platen ouni Fleesch an ouni Salz. Am Fall vu spezifesche gesondheetleche Problemer, zum Beispill beim Knaen oder Schlécken, huet een zudeem d’Méiglechkeet, geschnidden oder gemuele Fleesch ze bestellen. Fir säi Choix kënnen ze maachen, kritt de Client vum Chauffer, deen d’Iessen liwwert, e Wocheplang mat de proposéierte Menüen, dee sech och online consultéiere léisst. Dobäi ass et engem natierlech fräigestallt, de Repas sur Roues op Wonsch och nëmmen u bestëmmten Deeg an Usproch ze huelen. Zum Service gehéiert eng speziell Kachplack, déi Servior de Clienten zur Verfügung stellt, fir d’Iessen ze wiermen.

Zu där dacks net grad onkomplizéierter Organisatioun vum Service Repas sur Roues hu mir de Servior-Kommunikatiounsresponsabelen Yves Sibenaler befrot:

Här Sibenaler, bestinn zu Lëtzebuerg speziell Konditioune fir de Repas sur Roues däerfen unzebidden? Brauch een dofir eng Geneemegung?

Yves Sibenaler: Jo, dat ass de Fall! Dës Konditioune sinn am sougenannten ASTF-Gesetz vum 8. Dezember 1998 genee festgehalen, dat d’Relatiounen tëschent dem Staat an de soziale, familljenorientéierten an therapeuteschen Organismen reegelt.

Wee sinn Är Clienten?

Yves Sibenaler: Den eigentleche Client ass d’Gemeng, mat där de Repas sur roues-Déngschtleeschter e Partenariat ageet an déi de Service dann hiren Awunner ubitt. Iessen op Rieder adresséiert sech prioritär un eeler Leit, déi net méi selwer kache kënnen oder wëllen, an dobäi awer Wäert op eng ofwiesslungsräich a gesond Ernärung leen. Et kënnen natierlech och aner Leit vun deem Service profitéieren, wann e Besoin besteet.

Wat sinn déi gréisst Erausfuerderunge beim Repas sur Roues a wéi ginn déi gemeeschtert?

Yves Sibenaler: Dat si virun allem d’Preparatioun vum Plat, d’Logistik an d’Koordinatioun – beim Repas sur Roues muss all Riedchen an dat anert gräifen, fir dass beim Client en héichqualitatiivt, frëscht an ofwiesslungsräicht Iessen mat Zäiten ukënnt, dat hien sech da wiermen a genéisse kann.

Eng méi aktuell Fro: Sinn duerch déi momentan Covid 19-Kris nei Clientë bäikomm a sinn Är Aktivitéiten doduerch ausgebaut ginn?

Yves Sibenaler: Jo, a Gemengen, déi schonn eng Konventioun mat Servior haten, sinn zum Deel nei Demande fir Repas sur Roues erakomm. Zu Spëtzenzäiten hu mir dunn och extern Hëllef an Usproch geholl, fir sou vill wéi méiglech Leit kënnen eng Moolzecht unzebidden!

En Artikel vum Patrick Calzi

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.