„Fir d’Musek ass et ni ze spéit!“

En Instrument spille léieren als Erwuessenen

Un Instituter, déi Musekscoursen ubidden, feelt et zu Lëtzebuerg net, woubäi virun allem d’Ugda, d’Daachorganisatioun vun de lëtzebuergesche Musekinteresséierten, den Toun ugëtt: Si bedreift Museksschoulen an net manner wéi 65 verschiddene Gemengen. Och d’Conservatoiren an der Stad, zu Esch an zu Dikrech an eng sëllege privat gefouert Schoule bidden héichwäerteg Formatiounen un, déi vun engagéierte Musekspedagoge gehale ginn. Interessanterweis sinn et awer beileiwen net nëmme Kanner a Jugendlecher, déi sech an d’aktiivt Musizéiere lancéieren – deen een oder aneren entdeckt seng Léift fir déi klangvoll Konschtform eréischt a spéidere Joren…!

Ee vun hinnen ass den Did Schintgen vun Diddeleng, deen zwar scho säi ganzt Liewe vun der Musek ugezu war, sech awer eréischt am Alter vu 27 eng éischte Kéier decidéiert huet, am Stater Conservatoire klassesch Gittar ze léieren.

„Ech sinn also ugeholl ginn an hu fir d’éischt emol ee Joer Solfège gemaach. Duerno hat ech dann eng Gittar-Auditioun beim Museksprofesser Jean-Jacques Watgen, deen sech du bereet erkläert huet, mech weider ze betreien. Wat de Solfège selwer ugeet, deen huet mer richteg Spaass gemaach, well dee ganze System mat Nouteschlëssel, den Noute selwer, dem Takt, de Pausen a sou weider quasi mathematesch opgebaut ass. De Solfège ass, wann ee seriö musizéiere wëll, eng gutt a wichteg Schoul.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

An der Ausbildung ass deng Stëmm däin éischt Instrument, dat heescht, datt een d’Melodien, déi ee vum Nouteblat liest, virsange muss – dëse Prozedere, deen sech ,Lecture à vue‘ nennt, huet mir allerdéngs ni sou richteg zougesot… Meng praktesch Formatioun huet doraus bestanen, datt de Proff mir Museksstécker fir ze üben uginn huet, déi ech him da beim nächsten Treffe virgespillt hunn. Dat waren oft Wierker, déi relativ einfach ugefaangen hunn, an da graduell méi schwéier gi sinn. Hien huet mech, wann néideg, korrigéiert, a wann et gutt war, goung et un dat nächst Stéck. Bei der klassescher Gittar ass d’Haltung ganz wichteg, du sëtz do net lässeg wéi beim Lagerfeier-Geklimpers, mä ganz riicht, deng Fanger– a Fousshaltung musse genee stëmmen, well och do korrigéiert de Proff dech. Am véierte Joer hunn ech mat der Formatioun aus beruffleche Grënn leider missten ophalen, mä mir war et wichteg, datt ech d’Grondlage vum Solfège beherrscht hunn an doduerch praktesch all Lidd, vun deem ech d’Nouten hat, konnt spillen.“

Et sollt en ettlech Joren daueren, bis den Did Schintgen eng zweete Kéier fir eng musikalesch Ausbildung optéiert huet, dës Kéier an enger privater Museksschoul: Doduerch, datt hien a sengem beruffleche Kontext Coordinateur vu „My Urban Piano“ ass, enger Kulturaktioun vun der Stad Lëtzebuerg, huet hien seng Léift fir dëst edelt Tasten-instrument entdeckt: „Heiansdo, wa mir Pianoen an der Stad opgestallt hunn, hunn eis d’Passanten interesséiert nogekuckt. Ech hunn dann e puer Täkt vum Beatles-Lidd ,Yesterday‘ geklimpert, fir si ze ënnerhalen. Doraus ass da bei mir de Wonsch entstanen, fir mir e méi fondéiert Pianoswëssen unzëeegnen. Well ech wéinst Problemer mat enger Hand souwisou verschidde Gittarsakkorden net méi gräife kann, war dat séier decidéiert an ech hu mir du fir d’éischt en elektreschen a spéider dann och e ‚richtege‘ Piano kaf.“

Säi Piano-Studium zitt den Did Schintgen grad sou seriö duerch wéi deemools seng Ausbildung fir klassesch Gittar: „Ech übe konsequent all Dag direkt nom Opstoen, dat ass fir mech iwwregens och en ideale Start an den Dag, bal wéi eng Meditatioun!“ Och hei muss hie Stécker anüben, déi hien dann eemol d’Woch sengem Museksproff virspillt, mam Ënnerscheed, datt an dëser Schoul d’Nouten iwwer dem Spille geléiert ginn. Mat sengem Solfège-Virwëssen aus fréiere Jore konnt den Did dobäi natierlech awer vun Ufank u bei sengem Proff däitlech Punkte sammelen. Mat der Auswiel vun de Léierstécker ass hien allerdéngs net ëmmer zefridden: „Mir muss e Lidd einfach gefalen, fir datt ech et séier léieren. Bei deenen aneren dinn ech mech e bësse méi schwéier, dat geet wuel jiddwer Museksschüler esou“, seet den erkläerte Fan vu Blues an Jazz. Am Kader vun engem Museksseminaire zu Tréier huet deen ëmmer nach éiergäizege Schüler viru Kuerzem esouguer en ëffentlechen Optrëtt gehat, wat fir hien eng wäertvoll Erfarung war.

Ob hien och aneren interesséierten Erwuessenen eng Museksformatioun recommandéiert? „Onbedéngt! Et ass dofir ni ze spéit … an et gëtt engem vill Freed a Satisfaktioun!“

En Artikel vum Patrick Calzi

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.