Fastfood oder Slowfood, dat ass hei d’Fro!

Fastfood ass schonn zanter Joerzéngten iwwerall ze fannen. Seng modern Geschicht fänkt wuel viru 75 Joer mat deem éischte McDonald‘s-Restaurant an Amerika un.

Fastfood heescht esou vill ewéi séiert Iessen. Fäerdeg Platen, déi einfach preparéiert kënne ginn, nennt ee Fastfood. Ënner Fastfood muss ee sech och Fäerdegplate virstellen, déi fir d‘Masseproduktioun hiergestallt ginn.

Beim Fastfood steet d‘Funktionalitéit vun der Preparatioun am Vierdergrond. Op d‘Iesskultur gëtt dobäi gréisstendeels verzicht, well dës Plate si geduecht, fir séier preparéiert ze ginn. D‘Dauer vun der Preparatioun läit dobäi bei manner ewéi zéng Minutten. Et gëllt also hei esou séier ewéi méiglech sat ze ginn.

Gesond ass dat reegelméissegt Iesse vu Fastfood net, do kritt ee gär Mangelerscheinungen (virun allem Eisen, Kalzium, Vitaminn A an C) an Iwwergewiicht. Fastfood gëllt als immens kaloriëräich an ongesond.

Viru 75 Joer hunn d’Gebridder Mac an Dick McDonald deen éischte McDonald‘s zu San Bernardino a Kalifornien opgemaach. Dëse war op engem Parking an d’Serveusen hunn d’Iessen direkt an den Auto bruecht. D‘Geschäft ass esou gutt gelaf, datt d’Grënner hu missen ëmdenken, an d’Clientë konnten dunn d’Iessen um Comptoir bestellen. Hiergestallt gouf nëmmen dat, wat séier preparéiert konnt ginn. Dofir gouf et nëmme Fritten, Hamburger, Cheeseburger an en Dessert.

Zanter iwwer 50 Joer gëtt et och Fastfood zu Lëtzebuerg. Ugefaang huet alles mam Wimpy, engem Hamburger-Restaurant an der Stad, deen am Dezember 1968 seng Dieren opgemaach huet. Déi selwecht Firma, Happy Snacks, gefouert vun der Famill Scholer, huet och am Joer 1984 deen éischte Quick an 1987 deen éischte Pizza Hut opgemaach.

Haut hu mir dann och 10 McDonald’s-Restauranten, an nach 5 Burger King-Restauranten am Land verdeelt.

Awer net all Fastfood ass amerikanesch oder muss en Hamburger sinn! Wat fir de Griich de Gyros, ass dem Tierk säi Keebab. Hei gëtt gegrillte Fleesch an engem Fladebrout mat Geméis an Zooss zerwéiert.

Mëttlerweil ginn et awer och nach all Zorte vu Fastfood, zum Beispill eng Hellewull u Sandwichen / Panninien oder Butteker ewéi Cocottes an den Exki, déi méi e gesonden an natierlech preparéierte Fastfood ubidden.

De Géigesaz zu Fastfood ass den sougenannte Slowfood.

D’Vertrieder vun der internationaler Slowfood-Beweegung setzen dem Fastfood eng Kultur vu bewossten Iessen an dem Genéissen entgéint. Si fërderen d’Erhale vu regionaler Kichen an der geschmaachlecher Vilfalt. D’Liewensmëttel sollen hei gutt schmaachen an eis Sënner ureegen. Si sollen awer och frësch, narhaft a gesondheetlech irreprochabel sinn.

Déi regional Iesskultur steet beim Slowfood awer och ganz uewen, esou ewéi traditionell Liewensmëttel a Veraarbechtungsmethoden ze erhalen. Vilfalt um Teller ass awer nëmme méiglech, wann déi biologesch Vilfalt u Planzen an Déieren och erhale bleift.

D‘Zil ass eng verantwortungsvoll Landwirtschaft a Fëscherei mat ekologeschem Ubau an aartgerechter Déierenhaltung. Dobäi schwätzt Slowfood sech géint den Asaz vu Geentechnik aus.

Slowfood versteet sech als Lobby fir de gudde Goût. Slowfood-Memberen treffe sech gär, fir zesummen ze kachen, ze schmaachen an ze genéissen.

Mëttlerweil ginn et och zu Lëtzebuerg eng ganz Rei vu Produzenten a Restauranten, déi sech dem Slowfood verschriwwen hunn, och wann dat fir de Kach beim Akafe vun de Produkter net ëmmer einfach ass.

D’Beweegung Slowfood Luxembourg ass zanter 1999 zu Lëtzebuerg aktiv.

Si sinn en Deel vun der Internationaler Slowfood-Beweegung, déi 1989 gegrënnt gouf, fir den negativen Effekter vum Fastfood an dem séiere Liewen entgéintzewierken.

Hir prezis Ziler sinn, drop hinzeschaffen, datt jiddwereen op der Welt Zougang huet op:

  • gutt Iessen, dat gutt schmaacht a gesond ass,
  • propper Liewensmëttel, déi der Ëmwelt net schueden,
  • fair Liewensmëttel fir déi, déi se produzéieren a fir d’Clienten, déi se kafen.

Op séier oder lues, e gudden Appetit sief Iech op jiddwer Fall gewënscht!

En Artikel vum Tania Hoffmann

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.