Fréier gouf et vill traditionell Handwierker. E puer dovun, ewéi zum Beispill den Imker, de Schneider, de Schlässer oder den Auermécher existéieren nach haut. Verschiddener si mam Ufank vun der Industrialiséierung verschwonnen, sinn awer nach weiderhin am kollektive Bewosstsinn verankert. Dräi dovu wëlle mir Iech hei virstellen!
Den Dëppegéisser
An der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert war de Stol, dee fir Dëppen a Kasserolle benotzt ginn ass, nach net sou héichwäerteg ewéi haut, sou datt d’Dëppen an d’Kasserolle vu Privatleit dacks hu misse gefléckt ginn. Dëst war den Job vun den Dëppegéisser.
Si hunn Dëppen a Kasserolle gefléckt an zum Beispill mat Haartzënn oder soss eppes ausgegoss, wa se geronnen hunn. Zu hirem Service huet och gehéiert, datt se d’Kichegeschier an d’Läffelsgeschier gebotzt an, wann néideg, nei verzënnt hunn.
D’Dëppegéisser, géife mer haut soen, ware prekär beschäftegt. Si gehéieren zu dem ambulante Gewerbe, well se hir Déngschtleeschtunge vun Dier zu Dier ugebueden hunn. Genee ewéi och d’Hauséierer, déi Alldagsproduite wéi Stréckelen ugebueden hunn, hu si mat ganz wéineg Sue missen auskommen. Als Géigeleeschtung fir hir Servicer hu si vun de Leit dacks eng Schmier oder eng waarm Molzecht kritt.
Si haten ausserdeem als zousätzlech Recette de Schrotthandel. Si hunn de Schrott (Metall, Eisen …) net bezuelt, mee géint Kichegeschier oder mannerwäertegt Parzeläinsgeschier getosch. Den Dëppegéisser ass mam Opkomme vun de Fabricke vun den 1950er-Joren u verschwonnen an och d’Metall, dat fir d’Dëppen an d’Kasserolle geholl gouf, ass besser ginn, sou datt et bal net méi huet misse gefléckt ginn. Vill Dëppegéisser an Hauséierer konnte sech an de Fabricken als Aarbechter eng nei Existenz opbauen.
De Beruff vum Dëppegéisser ass haut ausgestuerwen. Aus de Käpp vun de Leit ass en awer net verschwonnen. De Museksgrupp Dëppegéisser huet den Numm mat guddem Grond gewielt, fir d’Erënnerung un dee Beruff héichzehalen, souzesoen als Hommage.
De Schrotthändler gëtt et nach an deen huet – grad am Kontext vum Klimawandel – en nohaltegen Aspekt. Aus al an net méi gebrauchte Géigestänn gi wichteg Rostoffer wéi Metall, Zénk a Koffer gewonnen, déi da kënne weiderverwäert ginn.
Wéi den Numm et och elei schonns verréit, huet de Biischtebënner Biesemen hiergestallt, eng Aart Kierbiischten. De Biesem ass haaptsächlech benotzt ginn, fir graff Kieraarbechten am Haff, an der Scheier an an de Ställ ze erleedegen. De Biesem huet aus engem Still a Rudden, déi ëm dëse gebonne gi sinn, bestanen.
Dës Rudden ass de Biischtebënner an de Bësch siche gaangen.
Am beschten dofir gëeegent waren d’Rudde vum Biesemgënz oder d’Spëtze vu Bierkenäscht respektiv vum Wäisse Faulbam. Am Noutfall gouf dann awer och op d’Äscht vu Bichen- oder Hobichen zeréckgegraff.
Fir e gudde Biesem wor et wichteg, dësen aus méiglechst gläichméisseg décke Rudden ze bannen. Déi Rudden, déi net esou gutt gepasst hunn, goufen da gebraucht, fir Feier unzefänken.
De Biesem ass och weider an eise Käpp present, a wann och nëmme bei der Duerstellung vun Hexen, déi op hirem Biesem ronderëmfléien.
D’Schéiereschlëffer gehéieren, wéi och den Dëppegéisser an den Hauséierer, der Grupp vum ambulante Gewerbe un, well se hir Déngschtleeschtunge vun Dier zu Dier ugebueden hunn.
De Beruff ass am 16. Joerhonnert entstanen an aus dem Handwierk vum Waffeschmadd ervirgaangen.
Am 19. Joerhonnert a bis an d’Mëtt vum 20. Joerhonnert sinn d’Schéiereschlëffer vun Dier zu Dier gezunn, fir Schéieren a Messeren ze schläifen.
Als Aarbechtsgeschier hate se e mobille Schläifsteen derbäi, deen aus engem grousse Rad an engem Sandstee bestanen huet an duerch eng Pedall betätegt ginn ass.
Wann de Schéiereschlëffer am Duerf war, war dat fir d’Kanner eng riseg Saach, well da war eppes méi lass.
De Schéiereschlëffer als Vollzäitberuff ass haut ausgestuerwen, allerdéngs ginn et Leit, déi nieweberufflech de Privatleit ubidden, hir Messeren a Schéieren ze schläifen.
An Däitschland, zum Beispill, ginn et nach ongeféier eng hallef Dose Schéiereschlëffer. Si zéien awer kaum nach vun Haus zu Haus, mä riichten hire Stand viru Supermarchéen op, esou datt privat Leit hinnen hir Messeren a Schéiere brénge kënnen, fir dës ze schläifen.
An der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert war de Stol, dee fir Dëppen a Kasserolle benotzt ginn ass, nach net sou héichwäerteg ewéi haut, sou datt d’Dëppen an d’Kasserolle vu Privatleit dacks hu misse gefléckt ginn. Dëst war den Job vun den Dëppegéisser.
Si hunn Dëppen a Kasserolle gefléckt an zum Beispill mat Haartzënn oder soss eppes ausgegoss, wa se geronnen hunn. Zu hirem Service huet och gehéiert, datt se d’Kichegeschier an d’Läffelsgeschier gebotzt an, wann néideg, nei verzënnt hunn.
D’Dëppegéisser, géife mer haut soen, ware prekär beschäftegt. Si gehéieren zu dem ambulante Gewerbe, well se hir Déngschtleeschtunge vun Dier zu Dier ugebueden hunn. Genee ewéi och d’Hauséierer, déi Alldagsproduite wéi Stréckelen ugebueden hunn, hu si mat ganz wéineg Sue missen auskommen. Als Géigeleeschtung fir hir Servicer hu si vun de Leit dacks eng Schmier oder eng waarm Molzecht kritt.
Si haten ausserdeem als zousätzlech Recette de Schrotthandel. Si hunn de Schrott (Metall, Eisen …) net bezuelt, mee géint Kichegeschier oder mannerwäertegt Parzeläinsgeschier getosch. Den Dëppegéisser ass mam Opkomme vun de Fabricke vun den 1950er-Joren u verschwonnen an och d’Metall, dat fir d’Dëppen an d’Kasserolle geholl gouf, ass besser ginn, sou datt et bal net méi huet misse gefléckt ginn. Vill Dëppegéisser an Hauséierer konnte sech an de Fabricken als Aarbechter eng nei Existenz opbauen.
De Beruff vum Dëppegéisser ass haut ausgestuerwen. Aus de Käpp vun de Leit ass en awer net verschwonnen. De Museksgrupp Dëppegéisser huet den Numm mat guddem Grond gewielt, fir d’Erënnerung un dee Beruff héichzehalen, souzesoen als Hommage.
De Schrotthändler gëtt et nach an deen huet – grad am Kontext vum Klimawandel – en nohaltegen Aspekt. Aus al an net méi gebrauchte Géigestänn gi wichteg Rostoffer wéi Metall, Zénk a Koffer gewonnen, déi da kënne weiderverwäert ginn.
Wéi den Numm et och elei schonns verréit, huet de Biischtebënner Biesemen hiergestallt, eng Aart Kierbiischten. De Biesem ass haaptsächlech benotzt ginn, fir graff Kieraarbechten am Haff, an der Scheier an an de Ställ ze erleedegen.
De Biesem huet aus engem Still a Rudden, déi ëm dëse gebonne gi sinn, bestanen.
Dës Rudden ass de Biischtebënner an de Bësch siche gaangen. Am beschten dofir gëeegent waren d’Rudde vum Biesemgënz oder d’Spëtze vu Bierkenäscht respektiv vum Wäisse Faulbam. Am Noutfall gouf dann awer och op d’Äscht vu Bichen- oder Hobichen zeréckgegraff.
Fir e gudde Biesem wor et wichteg, dësen aus méiglechst gläichméisseg décke Rudden ze bannen. Déi Rudden, déi net esou gutt gepasst hunn, goufen da gebraucht, fir Feier unzefänken.
De Biesem ass och weider an eise Käpp present, a wann och nëmme bei der Duerstellung vun Hexen, déi op hirem Biesem ronderëmfléien.
D’Schéiereschlëffer gehéieren, wéi och den Dëppegéisser an den Hauséierer, der Grupp vum ambulante Gewerbe un, well se hir Déngschtleeschtunge vun Dier zu Dier ugebueden hunn.
De Beruff ass am 16. Joerhonnert entstanen an aus dem Handwierk vum Waffeschmadd ervirgaangen.
Am 19. Joerhonnert a bis an d’Mëtt vum 20. Joerhonnert sinn d’Schéiereschlëffer vun Dier zu Dier gezunn, fir Schéieren a Messeren ze schläifen. Als Aarbechtsgeschier hate se e mobille Schläifsteen derbäi, deen aus engem grousse Rad an engem Sandstee bestanen huet an duerch eng Pedall betätegt ginn ass.