Schonn direkt am Ufank vun eisem Gespréich mam Charel, wéi seng Kolleegen hien nennen, hu mir missten eng Paus aleeën. Hien huet missen eraus op de Balcon vun senger Wunneng, fir déif Loft ze huelen. „Ech hu gemengt, ech géif et packen, ouni an Tréinen ze verfalen, mee … Et ass méi schwéier, wéi ech geduecht hunn.”
Mir wollten d’Gespréich grad ofbriechen, wéi de Charel (70) awer gesot huet, hie wëllt weiderschwätzen. Wéi hien deemools aus der Klinick heem gaangen ass, huet hie wärend laange Minutte säin Auto um Parking vun der Klinick net erëmfonnt. „Ech weess och haut nach net, wéi ech heem komm sinn. Ech weess just, datt mäin Auto awer deen aneren Dag an eiser Garage stoung.”
„Deen éischten Dag war alles ronderëm mech eidel“, sou de Charel weider. „Ech hunn iergendwéi funktionéiert, mee gelieft hunn ech deen Dag net. Ech ka mol net soen, datt ech deen Dag getrauert hunn, ech war einfach nëmmen do, iergendwou zu iergendenger Zäit. Eréischt wéi ech mech den zweeten Dag no där schrecklecher Noriicht hu missten ëm d’Pabeiere fir d’Begriefnes asw. këmmeren, do sinn ech an een déift Lach gefall. Ech war immens trauereg, depressiv an awer zur gläicher Zäit och fuerchtbar rosen.“
Eréischt lues a lues hätt sech dunn d’Wouerecht a säi Kapp geschlach: d’Catherine ass dout. Hatt wäert ni méi niewent him am Gaart stoen oder um Kannapee sëtzen, hat wäert him ni méi zoulaachen, hat wäert och ni méi mat him streiden, mat him gecksen an hien a seng Ärem huelen. „Ech wollt op eng Kéier net méi liewen. Ech hu mech mat ganz gelungenen Iddien erëmgeplot. Et war einfach nëmme schrecklech.
An den Deeg a Wochen derno huet de Charel all Dag gemierkt, wéi wichteg déi Persoun u senger Säit fir hie war. Ofgesi vu senger Gefillswelt, déi komplett zesummegebrach ass. „D’Catherine feelt op Schratt an Tratt. Ech ginn et zou, ech hu mech quasi ni ëm d’Wäsch oder Streck, ëm d’Kachen oder Botze bekëmmert. Derbäi kënnt, datt ech vun där Zäit un, wou ech schaffe gaange sinn, ëmmer een hat, deen sech ëm déi finanziell Saache gekëmmert huet. D’Catherine, wat Comptabilitéit geléiert hat, huet dat vill besser gemaach, wéi ech dat jeemools hätt kënne maachen.“
Haut muss de Charel dat selwer maachen. Hien huet och „geléiert“, an de Supermarché akafen ze goen. Hie plot sech mam e-banking erëm (e Wuert, wat hien bis dohin net kannt huet). Hie weess an der Tëschenzäit och, wéi d’Kach-, d’Spull- an d’Wäschmaschinn funktionéieren. „Do muss ech awer soen, datt ech heiansdo nach wäiss Saachen an enger anerer Faarf aus der Wäschmaschinn zéien, well ech net opgepasst hunn, wat ech beienee wäschen.“ (laacht)
De Charel hëlt nach eng Kéier déif Loft a seet: „Hei bannendran (hien wéist op säin Häerz) hunn ech nach Wéi, deen net ewechzetherapéiere ass. Do hëllefe keng Medikamenter, do hëlleft keen Dokter. An dee Wéi, deen ass ëmmer do, am Dag esou gutt wéi an der Nuecht. „De Verloscht vu menger Fra huet mäi Liewe fundamental verännert …” (kräischt)
An dësem Moment hu mir eist Gespréich definitiv missten ofbriechen.
D’Michelle A. (65) huet hire Mann véier Deeg nodeem si an hir wuelverdéngte Pensioun gaange war, duerch een Häerzinfarkt verluer. „Wéi bal all Samschdeg am Summer stoung de Luc an der Wiss hanner dem Haus an huet mat där aler Méimaschinn geroost. Déi spréngt erëm net un, hunn ech hien nach héiere jäizen. Wéi ech och nach no 10 Minutte kee Kaméidi vun der Méimaschinn héieren hunn, sinn ech aus dem Haus eraus op d’Terrass gaangen an hunn de Luc gesinn, an der Wiss leien. Hien huet net méi geotemt. Den Dokter, dee ganz séier op der Plaz war, huet nach alles probéiert, mee …“
Vun deem Dag un ass d’Michelle A. eleng an deem groussen Haus. „Eis Duechter huet selwer e grousse Stot ze féieren, hatt kënnt zwar heiansdo laanscht, mee déi meeschten Zäit sinn ech eleng. Wat natierlech net gutt ass, well ech da vill Zäit hunn, nozedenken.”
„Wat den Alldag ubelaangt, sou mengen ech, datt een als Fra haut net esou schlëmm drun ass, wéi e Mann, dee vun engem Dag op deen aneren eleng do steet. Déi eenzeg Problemer, déi ech am Haus hunn, sinn technescher Natur. Ech muss elo net direkt en Handwierker ruffen, wann eng Schrauf muss agedréit ginn, mä doriwwer eraus muss ech awer op e Mann vum Fach zeréckgräifen.“
„Et ass kloer, datt ech de Luc zu all Moment a mengem jëtzege Liewe vermessen. Seng Rou, déi hien an all Situatiounen ausgestraalt huet, feelt mer grad esou vill wéi seng Schëller, op déi ech mäi Kapp konnt leeën, wann et mer schlecht gaangen ass. Mäi Liewen huet sech komplett verännert. Ech kommen derduerch, awer et feelt een, an dat all Dag, zu all Stonn, zu all Moment.“
E weidere schwéiere Moment fir d’Michelle war och nach deen, wéi hat sech huet misse vum Luc sengen zwee Oldtimer-Autoen trennen. „Dat war dem Luc säin Hobby. Hien konnt dorun Deeg laang, jo och Nuechte laang schrauwen, ouni midd ze ginn. Dat war säin Ausgläich zu senger Aarbecht, déi hien iwwer Joren bal voll a Beschlag hat. Ech konnt näischt mat deene Autoe maachen, mee wéi ech de Keefer op engem Sonndeg do stoen hat, ass et mer vun engem Moment op deen anere schlecht ginn. Ech hu mat den Autoen eng zweete Kéier de Luc verluer …“
Trauer an Doud si keng einfach Theemen, och wann si zum Liewe gehéieren ewéi Freed a Léift. Seele kënnt et vir, datt déi 2 Liewenspartner zur gläicher Zäit stierwen an esou muss de verbliwwene Partner sech dësem Theema stellen. Op Fra oder Mann, de Verloscht vun der besserer Hallschent deet wéi. Dobäi kënnt och haut nach, datt d’Rolleverdeelung an enger Partnerschaft dem Verbliwwenem zousätzlech praktesch Erausfuerderunge stellt, och wann dës vu Generatioun zu Generatioun manner ausgepräägt sinn.
En Artikel vum Roger Infalt
(E grousse Merci geet un eis zwee Gespréichspartner, déi bereet waren, eis an deem dach heikelen Theema Ried an Äntwert ze stoen.)