„Wie gëtt net gär gelueft?“ Mat dëse Wierder resuméiert d’Josiane Jacob d’Reaktioun op de Präis, deen si 2010 mat hirer Daachdecker-Firma Jacob & Weis SARL gewonnen huet. De Betrib, deen haut 38 Mann (a Fraen!) zielt, gëtt et schonn zënter 1960, wéi dem Josiane säi Bop mam Handwierk ugefaangen huet. Deemools gouf nach villes am Holz per Hand gemaach, haut – ronn 62 Joer méi spéit – ass dat meescht automatiséiert. „Dat Éischt, wat mir 2006/2007 gemaach hunn, nodeems mäi Brudder an ech de Betrib iwwerholl haten, war, en neie Camion mat Kran ze kafen, fir eis d’Aarbecht ze vereinfachen“, esou d’Josiane Jacob.
An hirem Secteur wier et wichteg, sech konstant den neien Technologien a Standarden unzepassen, well soss gëtt en Iwwerliewen als Holzspezialist schwéier. „Et sinn iwwer d’Jore vill nei Materialien derbäikomm, et gouf op eemol Passiv-Haiser mat speziellen Zertifikatiounen an et huet ee missen e moderne Stand fir en eigentlech traditionellt Handwierk fannen, dat war an ass eise gréissten Challenge.“ Dat Joer, wéi e Kolleeg d’Josiane Jacob op de Präis opmierksam gemaach an et gepusht huet, d’Firma unzemellen, war Jacob & Weis SARL vun 20 op 33 Mataarbechter geklommen a genee dës wollt d’Cheffin och fir hir gutt Aarbecht belounen. „Vun deene 5.000 Euro, déi mir kruten, hu mir en Drëttel nees zeréck un de Fonds Soroptimist Luxembourg zeréckgespent. De Recht hu mir fir d’Sécherheet am Betrib geholl, fir e Grillowend mat eisem ganze Personal a fir Formatiounen.“
De Präis selwer a Pabeierform hänkt haut nach ëmmer beim Josiane Jacob iwwer dem Büro, well och wann den Trubel ronderëm schnell vergiess war, war et fir d’Gerante dach eng flott Erfarung: „Et mécht ee schonn e bësse stolz ze gesinn, wéi een alles gutt gemeeschtert huet, a wann een aneren dat och seet, dann ass dat natierlech flott.“ E klenge Manktem gesäit d’Josiane Jacob awer an der Promotioun vum Präis, deen all zwee Joer vun der Chambre des Métiers zesumme mam Wirtschaftsministère, engem Finanz-Expert an engem weidere Partner vergi gëtt. „Et ass eigentlech méi eng Bestätegung fir sech selwer wéi wierklech Publicitéit, well et gëtt een als Chef en valeur gesat, mee net wierklech d’Handwierk. Dat hunn ech deemools e bësse schued fonnt.“
Virun allem Beruffer wéi déi vum Daachdecker wieren immens traditionell Handwierker, bei deenen et schwéier wier, se vill ze moderniséieren, well – ofgesi vu méi performante Maschinnen oder bessere Computerprogrammer – d’Aarbecht dach ëmmer déi selwecht bleift, an déi wier et eigentlech, déi ee misst luewen. Zënter 2010 huet awer och de Präis evoluéiert an ass mëttlerweil medial besser begleet a couvréiert, wéi d’Laura Fontani vun der Gelato Gourmet Group, besser als Bargello-Glacëbuttek an der Stad bekannt, verréit: „Um Niveau vun der Mediatisatioun war an eisem Joer alles immens gutt organiséiert. Den Dag no der Iwwerreechung gouf ech direkt interviewt a wärend enger bis zwou Woche krute mir och immens vill medial Opmierksamkeet, wat am Entreprenariat natierlech immens hëlleft.“
D’Selbstännegkeet wier net ëmmer einfach, virun allem de finanzielle Volet, dofir géif de Präis direkt e puer wichteg Missiounen erfëllen, esou d’Gewënnerin vun 2016: „Fir mech war et eng immens flott Geleeënheet, fir sech a säi Business no baussen ze weisen, a mengem Fall virun allem och de weiblechen Entreprenariat, mee et ass awer och e Präis, un deem eng gewësse Geldzomm hängt, an déi kann een direkt a säi Geschäft investéieren.“ Dräi Joer no der Grënnung vu Bargello war dëse scho relativ gutt zu Lëtzebuerg bekannt. D’Umeldung vum Laura Fontani fir de Präis koum awer zu engem Moment, wéi Changement virun der Dier stoung a finanziell Mëttele gebraucht goufen: „Fir mech war d’Präisgeld (7.500 Euro vu BGL BNP Paribas) en enorme Coup de pouce an och eng flott Occasioun, fir mol eng finanziell Recompensatioun fir seng Aarbecht ze kréien. Ech hunn d’Geld an de logisteschen Deel vum Business investéiert, well et war un der Zäit, fir en neien internen Etikettesystem anzeféieren an ze moderniséieren.“
Den Timing war och gutt, well ee vun de Krittären, fir iwwerhaapt fir de Präis eligibel ze sinn, ass d’Weiderentwécklung vun der Entreprise, an hei hat Bargello schonn esou muenches opweises, ënner anerem e Glacëbuttek mat Succès, déi sougenannte Sweetbikes, also Glace op Rieder, an d’Vente zesumme mat verschiddene Partner am Land an am Ausland. Ee Punkt – an dat ass deen, dee virun iwwer 10 Joer vläicht eréischt am Opbau war – ass dem Laura Fontani awer besonnesch wichteg: „Et geet net nëmmen drëms, déi Persoun, déi de Präis gewonnen huet, ervirzebréngen, oder hire Commerce. Et geet ëm d’Handwierk, wat eng enorm wichteg a kreativ Roll um Marché spillt, oft awer leider hanner anere Secteuren e bëssen ënnergeet, an dat, obwuel Lëtzebuerg eng schéin a laangjäreg Traditioun am Artisanat huet.“
Hei kann och de Pol Weisgerber vu Weisgerber & Fils SARL nëmmen uknëppen. Als Gewënner vun 2021 sinn hien a säi Brudder Ben déi rezentsten Entrepreneuren, déi den Handwierkspräis gewonnen hunn an domat d’Chance notzen, op de Secteur opmierksam ze maachen: „Mir hunn eis deemools net mam Gedanken ugemellt, fir ze gewannen, mee einfach, fir eist Handwierk ze weisen. Vill Leit gesinn zwar eis Camionnetten duerch d’Géigend fueren, mee déi meescht wëssen net, datt hei um Sennengerbierg, direkt ronderëm d’Stad, Fënsteren, Dieren a Fassade produzéiert ginn.“ Wéi hir Firma ënner de 5 beschte Kandidate war an d’Jury laanscht kucke komm ass, huet d’Ekipp vum Pol a Ben genee dat gemaach, wat schonn zanter 1955 am Familljebetrib groussgeschriwwe gëtt: richteg Lëtzebuerger Handaarbecht, an dat mat Aluminium.
Ma och dëst huet misse mat den Erausfuerderunge vum haitege Maart mathalen an ass um Léiergeld, wat déi zwee Filssen ufangs bezuelt hunn, nodeems d’Generatioun vun hirem Papp a Pensioun gaangen ass, gewuess. „Mir haten zwar scho fënnef Joer am Betrib matgeschafft, mee et huet een awer net den Knowhow vun engem, deen dëse wärend iwwer 20 Joer geleet huet.“ Genee wéinst dëser Traditioun an Erfarung wier et och esou wichteg, d’Lëtzebuerger Handwierk ëmmer nees an de Vierdergrond ze réckelen, a genee heibäi hëlleft och de Präis – esouwuel intern, als Merci un d’Ekipp, där hire Verdéngscht et zum Groussdeel ass, wann de Betrib rullt, ewéi och extern, duerch d’Mediatisatioun. „Ze gewannen huet natierlech jidderee stolz gemaach an eis nach méi zesummegeschweesst, mee dat anert war definitiv och net schlecht, well doduerch, datt mir matgemaach hunn, ware mir bei RTL, am Paperjam a kruten am Nachhinein elo am Februar nach en 3-Minutte-Spot virum Journal“, esou de Pol Weisgerber.
Och deen een oder anere potenziellen neie Client wier duerch des medial Werbung op de Betrib opmierksam ginn an de Präis hätt elauter Leit zesummegefouert, déi zwar aus ënnerschiddleche Beräicher kommen, mee all dem Lëtzebuerger Handwierk verschriwwe sinn. Et wier nämlech genuch Aarbecht um Marché an, wann een se uerdentlech géif maachen, kéint een och gutt dervu liewen, well d’Karriärsleeder am Private geet vill méi héich erop wéi esou munchereen dat mengt. Et bräicht een awer Gedold a Loscht, Verantwortung ze iwwerhuelen, well bei bal 40 Mataarbechter ass däers genuch do. „Eist Haaptuleies ass et, datt sech zu Lëtzebuerg eppes ännere muss an d’Handwierk vun uewen erof och muss anescht presentéiert ginn, well bal kee méi seet als Jonken, datt e wëll Schlässer ginn an dat ass e risege Problem am System“, esou de Pol Weisgerber. Et bräicht een en Ëmdenken an eng nei Valorisatioun vum artisanale Beräich, soss géif et iergendwa brenzeleg ginn, a genee heifir stinn och Initiative wéi de „Prix du Meilleur Créateur d’Entreprise dans l’Artisanat“.
En Artikel vum Laura Tommassini