Den Donneschdegmëtteg war fir mech zur Traditioun ginn. All puer Woche sinn ech „aartleche Kadett“, (esou huet de Bopa mech op d‘mannst ëmmer genannt) mat der Mamm an d‘Stad gefuer. Lassgaangen ass et op der Bushaltestell. E wéineg ongedëlleg war ech schonn, well ech wousst jo, wat op mech duerkéim. Déi rout Mënz fir den Ticket hat ech schonn am Grapp an hunn dem Chauffer dës op dat klengt Pult niewent him geluecht. De Rescht war mir an deem Moment dann awer och zimmlech egal, a schnurstracks hunn ech mech an déi éischt Rei gesat. Och dat hunn ech net vun ongeféier gemaacht. Ech wollt kucken, wat dee Mënsch hanner der Renkel vun deem grousse Gefier do alles ze maachen huet.
„Mir klammen beim Pescatore eraus …“ huet et deemools ëmmer geheescht. Och wann ech nach net esou richteg wousst, wien oder wat „de Pescatore“ ass, wosst ech awer genee, wou e war an nach méi genee wosst ech, datt et all Kéiers erëm de Start vun enger flotter Entdeckungsrees wier.
Vun elauter Opreegung sinn ech meeschtens esou hallef aus dem Bus eraus gebonzelt. Ech zweiwelen drun, datt ech eng immens gutt Nott fir meng Haltung kritt hätt, mee och dat war mir deemools egal. Kuerz drop sinn ech Richtung Stad gejauft, méi genee Richtung vun der Avenue de la Porte-Neuve. Fir mech war dat deemools den Ufank vun der Groussgaass a vill méi wichteg, den Ufank vu menger Rees. Datt meng Mamm nach hanner mir hir geruff huet, ech soll bei der rouder Luucht stoebleiwen, dat hunn ech am Géigesaz zu deenen anere Leit déi iwwer den Trottoir oder duerch de Park getrëppelt sinn, scho guer net méi matkritt. Firwat och? Ech war dach schonn e grousse Borscht a wosst, datt ee bei der rouder Luucht stoe bleift.
E puer rout Luuchten méi spéit war et dann esou wäit, ech hat deen éischte Paweessteen vun der Groussgass ënner de Féiss. Déi éischt Statioun op menger Entdeckungsrees war e grousst Gebai op der rietser Säit, direkt hanner där klenger Galerie wou et eragaangen ass bei den Economa, deem zu där Zäit eenzegen Supermarché an der Groussgass. Electro-Hauser stoung iwwer dem Agang deen eigentlech just esou e klengen Schloff war. Lénks a riets ware Vitrinnen an deenen ech ëmmer erëm nei Modellen vun deene bekannte Schwäizer Plastikaueren entdeckt hunn.
Mat e wéineg Gléck huet eng vu mengem Papp sengen Aueren eng nei Batterie gebraucht a mir hu „mussen“ an de Buttek eragoen. Ech war natierlech eenzock schonn d‘Trapen erop geditzt. Uewen ukomm, sinn d‘A mir opgaangen. Hei gouf et esou vill ze entdecken datt d‘Aueren an der Vitrinn zur Niewesaach gi sinn. All déi elektronesch Apparater, déi ëm d‘Wett geblénkt hunn, déi grouss Fernseeën, Kassetterekorder an esou muncher Apparat, deen ausgesinn huet, ewéi wann e vun engem aneren Stär komm wier. Mat enger Engelsgedold huet eis deemools ëmmer e groussen a gedëllegen Mann zerwéiert. Hien huet sech ëm d‘Clientë gekëmmert, se beroden oder hinnen eeben emol d’Batterie an der Auer gewiesselt. Wien de Mann eigentlech war, hunn ech e puer Wochen méi spéit erausfonnt …
De Monni hat mech klengen Däbbes mat op Luerenzweiler op d‘Biergcourse geholl. Ee vun deene schnellste Pilote souz an engem rouden Auto, dee bal esou ausgesinn huet ewéi déi, déi Sonndes op der Tëlee am Krees gefuer sinn. Op de Säite stoung grouss Electro-Hauser. Spéider, am sougenannte Fahrerlager huet een d‘Chauffere vun deene schnelle Maschinnen dann och emol baussent dem Auto gesinn. An do wou Hauser drop stoung, war och Hauser dran! Dat ass de Christian Hauser, huet de Monni mir erkläert. Deen huet e grousse Buttek an der Groussgaass, deen e scho vu sengem Papp iwwerholl huet.
Knapps eraus aus dem Hauser-Gebai hat ech d‘Féiss schonn erëm am Grapp. Riicht eriwwer iwwer déi grouss Kräizung a Richtung „Spielzeugparadies“. Um aneren Eck vun der Kräizung gouf et eng Bijouterie wou et an der Fënster gefénkelt a geglënnert huet ewéi am Ali Baba senger Hiel, mee déi hunn ech riets leie gelooss, ech hat mäin Zil fest am Bléck, an dat net ouni Grond! Knapps dobannen, stoung ech scho virun där, schonn deemools, aler hëlzener Théik. Mäi Bléck awer war fest op den Apdikteschschaf hanner der Théik geriicht. D‘Medikamenter an d‘Sallefen, déi fréier an deene klengen Tiräng ënnerbruecht waren, hu mat der Zäit musse wäichen. Déi kleng blo Figuren aus Plastik haten an deem risege Schaf hir Plaz fonnt. Och wann déi meescht vu menge Kolleegen duechten, déi géingen zu Schlumpfhausen wunnen, ech wosst et besser! D‘Schlumpfen hunn am „Spielzeugpardies“ gewunnt! D‘Butteksmeedchen huet mir da meeschtens déi neiste Awunner vum Schaf gewisen. Eng gefillten Éiwegkeet méi spéit ass dann och meng Mamm a mäi klengt Paradis komm an huet mech, wéi eigentlech ëmmer, mat groussen A virun der Théik stoe gesinn. Heiansdo hat ech dann och d‘Chance dat d‘Butteksmeedche menger Mamm e wéineg gefléift huet a meng perséinlech Schlumpfesammlung (déi ech iwweregens haut nach hunn) erëm eng Grimmel méi grouss ginn ass.
Direkt niewent dem „Spielzeugparadies“ war de Quick, eigentlech en Haushaltgeschäft. E schmuelt Gebai mat enger Trap an der Mëtt, wou op all Stack e gelangweilt Butteksmeedche stoung. Um Rez-de-chaussée huet een allerhand Kreemche fonnt, Souveniren, Fuesboken oder Make-Up fir e puer Su. Vill méi interessant war et do schonn e Stack méi déif. Hei waren d‘Regaler bis ënner de Plaffong voll mat grousse Këschte vu LEGO Technic. An och wann ech deemools nach vill ze kleng dofir war, wosst ech schonn, datt ech iergendwann esou eng Këscht misst hunn! Meng Mamm huet et dann awer ëmmer ganz gutt ronn kritt, datt sech meng Dreem ganz schnell erëm a Loft opgeléist hunn.
E puer nei Schong sollten et sinn. Chaussures Léon Cahen war direkt nobäi, a kuerz drop stoung ech mat menger Mamm am Schongbuttek, wou déi haiteg Ministesch fir Famill an Integratioun dacks ronderëm gejauft ass. De Buttek huet nämlech hiren Eltere gehéiert. Och dat zéngt Puer Schong, dat eent vun de Meedercher mir bruecht huet, wollt mir net esou richteg gefalen, respektiv hunn se guer net gepasst! Dat louch awer definitiv net un de Schong! Ech hat do nawell eppes ganz anescht an der Nues! Well schliisslech gouf et an der Groussgaass nach en zweete Schongbuttek fir Kanner.
Dee war praktesch ganz um ieweschte Wupp vun der Groussgaass, direkt niewent dem Roude Pëtz an dem Monopol. Esou wierklech ëm d‘Schong goung et awer och am Schongbuttek Biver net! Nee, wourëm et beim Biver goung, dat war déi hëlze Rutschban déi laanscht d‘Trap an de Keller gaang ass. All d‘Kanner ware wéi benzeg drop, op engem vun de klengen Teppecher, déi op engem Krop houngen, kënnen erof ze rëtschen … eemol, zweemol, … d‘Schong hat d‘Mamm an Tëschenzäit schonn erausgesicht an déi ware perfekt.
Um Wee fir bei dee flotte Schongbuttek hu mir awer ënnerwee nach e klengen Halt an engem weideren Traditiounshaus gemaacht, der Maison Santos, déi bis haut nach ëmmer op där selwechter Plaz an der Groussgaass ass ewéi deemools. „Nummer 8 an Nummer 10 gemëscht a gemuel wannechgelift“ huet meng Mamm ëmmer gesot, wann et un eisem Tuer war. D‘Maison Santos war fréier ewéi haut déi Adress fir gudde Kaffi an der Groussgaass. An deem butzegklenge Buttek huet et och déi Zäit schonn no geréischterte Kaffisbounen gericht, e Geroch dee mir de Rescht vum Mëtteg an der Nues bliwwen ass. De Geroch vu frësch geréischterte Bounen hunn ech haut nach gär, wat ech awer nach ëmmer net verstinn, ass, wéi een zwou Zorte Kaffi mësche kann, an se dann reng gemuel duerch e Pabeierfilter jauwe loosse kann fir datt derno näischt anescht eraus kënnt ewéi Schlutchen!
Heiansdo si mir och an déi grouss, nei Butteker ewéi de Monopol mat senge gliesenen Agangsdieren a sengen ultramoderne Rulltrapen oder dem Rosenstiel, dee wéinst senge versaten Niveauen, fir mech eppes ewéi e Labyrinth war, gaangen. Hei huet een alles fonnt, vun der leschter Moud bis zur Ënnerwäsch, vun de Knäpp bis zum Bettgezei.
Déi schéinste Butteker, och wa mir do kaum eragoungen, waren awer déi Kleederbutteker wéi de Vogue oder de Bastian, mat hire grousse Vitrinnen aus de Fofzegerjoren, an deenen deier gekleete Kleederpoppe snob gekuckt an hir Ärem a Féiss verrenkt hunn.
Bei deene ganze Kleederbutteker hat och ech een, dee mir am Verhalt bliwwen ass. Um Wupp vun der Groussgaass, kuerz nodeem een laanscht de roude Pëtz gejauft ass, ass et riets erof an d‘Rue du Fossé gaangen. Um Gruef hu mir ëmmer gesot. Huet een hei d‘Strooss erofgekuckt, sinn engem nach e puer Traditionsbetriber ewéi de Sternberg, a weider ënnen um Eck vum Knuedler de Lassner, wou ech mir méi ewéi eng Kéier d‘Nues an der Fënster platt gedréckt hunn, an d‘A gefall. Et war awer dee klengen Kleederbuttek vis-à-vis vum Sternberg, dee mech interesséiert huet. Den Zwick. Och hei stoungen d‘Poppen an der Rei an der Vitrinn vum Buttek an hunn déi flottsten a modernsten Zwee- an Dräideeler fir Männer presentéiert. Net datt ech elo deemools wëlles gehat hätt, mir esou e schickt Kleedungsstéck zouzeleeën, nee, et war eppes ganz anescht, wat mech interesséiert huet! Huet een an der Fënster vum Buttek ganz déif erofgekuckt, huet ee gesinn, datt d‘Poppen keng Schong unhaten a mat de plakege Féiss am Waasser stoungen. De ganze Buedem war mat ganz vill Léift mat grousse Steng dekoréiert, an dertëschent sinn se ronderëm geklommen, d’Deckelsmouken. Deemools ewéi haut gehéieren dës Déieren zum Markenzeechen vum Zwick, an och haut bleiwen ech nach gäre virum Buttek stoen a kucken hinnen no.
Wann ech mat mengem Papp oder mat mengem Bopa an d‘Groussgaass gaange sinn, da sinn d‘Diere vu ganz anere Butteker opgaangen. Am spannendsten war et bei de Gilbert oder bei de Neuberg ze goen. Net wéinst dem Haushaltsgeschier, mee wéinst der Quincaillerie. Beim Gilbert war déi am Keller vum Buttek. Et huet no Metall a no Maschinnenueleg gericht. Och do gouf et Théiken, mee do stounge Männer a groe Schippen hannendrun, an hanner hinnen eng Hellewull Tiräng an deene sech Neel oder Handwierksgeschier verstoppt huet. Do gouf et Schrauwen am Lassenen, déi een an enger spatzer Tut verpaakt krut. An och wann een emol en Ersatzschlëssel fir d‘Hausdier gebraucht huet, hei konnt engem gehollef ginn.
Iwwer d‘Joren ass esou muencher Traditiounsbetrib aus der Groussgaass verschwonnen. D‘Papeterie Hoffmann, à la Bourse, den Déierebuttek Josy Welter, den Aach-Sender oder och de Monopol, anerer si bis haut bliwwen. Dem Carlo Keller seng Maroquinerie, d‘Maison Santos oder, e wéineg ausserhalb vun der Groussgaass dat grousst Miwwelgeschäft BONN.
Déi, déi verschwonne sinn, hu Plaz gemaach fir aner Butteker, déi iwwer d‘Zäit vläicht och zu engem Traditiounsbetrib ginn an fréier oder spéider net méi ewechzedenke sinn. Ob fréier oder haut, ob Traditiounsbetrib oder moderne Buttek, jidderee kann en Tuer duerch d‘Groussgaass zu senger ganz perséinlecher Entdeckungsrees maachen!