Eng pickeg Planz an hire flotte Stär

Méi ewéi 4.000 Mataarbechter verdeelt op 47 Geschäfter a 45 Sitten. Dat sinn Zuelen, déi sech weise loossen. De Grupp Cactus ass domat ee vun de gréisste Patronen am Land.

Ugefaangen huet dës Erfollegs-geschicht scho virun 120 Joer. De Joseph Leesch mécht am Stater Quartier Gare eng Epicerie op, déi aacht Joer méi spéit vun senge Filssen Aloyse a Jacques ënner dem Numm Leesch Frères weidergefouert gëtt. 1930 kënnt dann déi éischt eege Kaffisréischterei an der Stroossbuergerstrooss derbäi. 1967, mëttlerweil ass schonn déi drëtt Generatioun vun der Famill Leesch um Rudder, mécht deen éischte Supermarché, ganz nom amerikanesche Virbild, zu Bäreldeng op. Dëst Geschäft war och dat éischt, wat den Numm vun där pickeger amerikanescher Planz gedroen huet: Cactus. E puer Joer méi spéit, 1974, gëtt de Shopping Center La Belle Étoile ageweit. Méi ewéi 40 Joer an zwou Vergréisserunge méi spéit ass d’Belle Étoile och haut nach een vun deene gréissten Akafszenter an eisem Ländchen. Mat der Belle Étoile erweidert de Grupp Cactus och gläichzäiteg seng Offer. D’Gastronomie an d’Produktioun vu Liewensmëttel si säitdeem zu wichtege Geschäftsgebidder vum Grupp ginn.

2013 sollt dann e weidert Kapitel an der Geschicht vun deem flotte Stär vum Grupp Cactus opgeschloe ginn: 39.000 m², 105 Butteker an 3.200 Parkplaze sinn nëmmen e puer Zuelen, déi engem d’Ausmoosse vun dësem Hypermarché eréischt esou richteg bewosst maachen. 50 Milliounen Euro, esou de Laurent Schonckert, Direkter vum Grupp Cactus, goufen an de Grapp geholl, fir déi südlech Extensioun vun der Belle Étoile ze realiséieren.

Bal genee 40 Joer no der Aweiung vun der Belle Étoile an dräi Joer nom Ufank vun den Aarbechten um südleche Fligel vum Akafszenter, déi an der leschter Phas vum Manu Konsbruck koordinéiert goufen, gëtt nees eng Aweiung gefeiert. Gläichzäiteg gëtt den Alain Lauff, dee vun Ufank un d’Geschécker vun der Belle Étoile fest am Grapp hat, de Schlëssel vun der Belle Étoile weider un de Manu Konsbruck.

Och no 7 Joer um Rudder vum gréissten Akafszenter zu Lëtzebuerg mécht dem Manu Konsbruck d’Aarbecht nach ëmmer Spaass ewéi um éischten Dag. „Et kommen all Dag nei Saachen op mech duer. Ech weess moies net, wat mech den Dag iwwer erwaart.“ A genee déi Ofwiesslung ass dat, wat dem Manu Konsbruck esou gutt gefält. De Kontakt mat „senge“ Locatairen ass him wichteg. A grad dëst Joer – nom Lockdown um Ufank vum Joer – war de Kontakt méi wichteg ewéi soss. „Mir kruten och deen een oder anere Bréif, deen net esou frëndlech formuléiert war“, erzielt eis den Direkter vun der Belle Étoile. „Mir konnten eis et glécklecherweis erlaben, de Geschäftsleit de Loyer nozeloossen.“ An trotz de momentanen Ëmstänn, kuckt de Grupp Cactus an eng positiv Zukunft.

Dem Manu Konsbruck säi Virgänger, den Alain Lauff, war bal 40 Joer um Rudder vun deem gréissten Akafszenter aus der Groussregioun. Wëll de Manu Konsbruck, deen sech selwer als jonken Direkter bezeechent, dann och esou laang d’Zigelen am Grapp behalen? „Esou laang wollt ech eigentlech net méi schaffe goen …“, ass déi éischt Äntwert, déi spontan iwwer e Gesicht mat engem breede Grinse kënnt. „Obwuel, elo sinn ech scho ronn 15 Joer am Grupp a wann ech alles zesummerechnen, kréien ech déi 40 Joer am Grupp op d’mannst voll!“

Säitdeem de Manu Konsbruck d’Direktioun iwwerholl huet, huet sech awer schonn erëm esou munches an der Belle Étoile gedoen. „Mir wëllen en Akafszenter fir Jonk an Al sinn. Fir och déi méi jonk Generatioun unzezéien an se vun eiser Offer ze iwwerzeegen, si mir ganz nei Weeër gaangen a kommunizéieren haut och an de soziale Medien ewéi Facebook an Instagram, an dat mat Erfolleg!“

Munch aneres soll da geschwënn an Ugrëff geholl ginn, esou zum Beispill d’Renovatioun vum alen Deel vun der Belle Étoile, fir datt och dësen Deel erëm esou hell liicht ewéi de Rescht vum Stär. Ronn sechs Millioune Leit passéieren all Joer an der Belle Étoile an ënnersträichen domat, datt de Wee, deen de Grupp Cactus viru bal 50 Joer mat der Ouverture vun der Belle Étoile ageschloen huet, dee richtegen ass!

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.