Well mir jo wëllen Tourist spillen, fänke mir am beschten no bei der belscher Grenz un an da schaffe mir eis lues awer sécher an de geografeschen Zentrum vum Ländche virun. Zu Käerch am Kanton Capellen geet et lass, an du hues just déi Kludder Schlësselen ze schleefen, fir dann och an déi siwe Schlässer eranzekommen (oder wat nach dervu Rescht ass), do wou fréier d’Adelshären sech et gutt goe gelooss hunn. Zu Käerch stinn och gläich zwee Schlässer, an zwar d’Gréiweschlass an d’Fockeschlass, wat allerdéngs hautdesdaags esou gutt wéi komplett als Bau verschwonnen ass. Dofir trëppele mir bis eriwwer bei d’Gréiweschlass, wat praktesch an engem Véiereck gebaut ass a mat sengem Tuerm zesumme mat der barocker Kierch vu Käerch en attraktiven Duerfkär duerstellt. De Konzept vun enger Waasserbuerg war scho beim Bau ëm 1338 beléift, dofir zéien sech 15 Meter breet Wassergrief ronderëm. Wie weess, vläicht hunn d’Duerfbewunner jo fréier heemlech hei dra gefëscht, wann d’Ritter Sport gemaach hunn (mat ganzen Nëss).
Kuck emol op d’Auer, et ass elo un der Zäit, fir weiderzetrëppelen op Simmer, a gläich si mer och do, wou ëmmer d’Frellefest gefeiert ginn ass, vläicht si jo déi Käercher och heihin an d’Äisch fësche komm? Déi mëttelalterlech Buerg vu Simmer ass a Privatbesëtz, weess d’Vicky Pedia eis ze informéieren, mee et ass net bekannt, wéini si gebaut ginn ass. Si krut awer ëm 1600 e groussen Tuerm spendéiert. No engem grousse Feier louch alles am Koup, bis 1920 d’Proprietairen ugefaangen hunn, alles ze restauréieren, awer net onbedéngt no enger historesch konformer Architektur.
No engem Kaffi beim Simmer Sylvie gi mir weider a Richtung Aansebuerg, mee do komme mir just an d’Gäert vum Grouss-Schlass, déi 1750 mat Statuen, Trapen an dekorative Sprangburen ugeluecht gi sinn. Fir d’Grouss-Schlass selwer, wat an der éischter Hallschent vum 17. Joerhonnert vun engem Pionéier vun der Eisenindustrie gebaut ginn ass (deem seng Héichiewen iwwregens op der Simmer Schmelz stoungen), hu mir leider kee Schlëssel an der Kludder. D’Buerg Aansebuerg, déi och alt emol „Al Buerg“ genannt gëtt, fir se vum Schlass Aansebuerg ze ënnerscheeden, staamt aus dem 12. Joerhonnert an ass nach ëmmer bewunnt vum Grof Gaston-Gaëtan de Marchant et d’Amsenbourg, deen se aus Familljebesëtz geierft huet. En Deel vum Gebai gëtt elo als Nobelhotel benotzt. Hoffentlech ass eng Mini-Bar an eisem Zëmmer, well et gëtt scho spéit, an ech si schéin duuschtereg! Muer geet et da weider op Huelmes.
Hei kennen ech mech aus, schonn als Bouf sinn ech ëmmer mat de Scouten op Huelmes komm an hu missen Dëppe schaueren! Déi sougenannten „Fielsebuerg“ ass besonnesch duerch hire Buergfrid bekannt: Den Tuerm ass 39 Meter héich an de Rittersall bannendra war fréier Treffpunkt fir d’Häre vun der Buerg, déi sech beim Kamäin – vläicht op engem Bierepelz virdrun – grujeleg Schauergeschichte verzielt hunn. Duerch de Pëtz féiert e geheime Gank an d’Buerg, duerch dee fréier bei enger Belagerung Liewensmëttel erageschmuggelt gi sinn. Iwwerreschter vun dësem Gank kann een sech och haut nach ukucken.
Sou, elo wandere mir da weider bis bei d’Schlass Schëndels, wat 1292 um Uwänner vun der Mamer am Mamerdall gebaut ginn ass an duerno och eng Zäit den Häre vun Aansebuerg soll gehéiert hunn. Am Zweete Weltkrich war d’Schlass vun de Preise besat, déi do e Kannerheem ageriicht hunn, duerno hunn amerikanesch Zaldoten dra gewunnt. Mëttlerweil ass den Haff niewendrun ofgerappt ginn, fir Plaz ze maache fir en neit Gebai; do kommen en Therapiezenter an och Büroe vun der Natur- a Bëschverwaltung dran.
An da si mir och scho bal um Enn vun eisem Weekendtour duerch den Dall vun de Siwe Schlässer ukomm am geografesche Mëttelpunkt vum Ländchen, zu Miersch, wou haut d’Gemeng am Schlass installéiert ass. D’Buerg vu Miersch staamt aus dem 13. Joerhonnert a gouf vun engem Ritter am Déngscht vun der Gräfin Ermesinde vu Lëtzebuerg gebaut. 1957 huet d’Gemeng Miersch dat mëttlerweil scho restauréiert Schlass opkaaft an huet et 1960 weiderverkaaft un de Staat, 1988 awer erëm géint d’Servais-Haus zeréckgetosch.
A mir tauschen elo eis oppe Sandalen ouni wäiss Strëmp géint e gemittlecht Puer Schlappen, tässelen d’Kludder Schlësselen an den Tirang an zielen all déi Buergen a Schlässer nach eng Kéier no…, sinn et der wierklech nëmme siwen?
En Artikel vum Sully Prud‘homme