Placeholder Dummy template

Vill Leit kennen déi scheinbar onendlech laang Haaptstrooss, déi schnouerriicht duerch den Daul, wéi d‘Gemeng vu ville genannt gëtt, féiert. Mir waren der Meenung, de Préizerdaul hätt méi ze bidde wéi dëst, an dofir hu mir eis op de Wee an déi kleng Gemeng am Réidener Kanton gemaach.

Als éischt ziele mir e puer Fakten op, déi hëllefen, e méi kloert Bild vun dëser dach aussergewéinlecher Gemeng ze zeechnen. Mat knapps iwwer 1700 Awunner, wou e bësse méi wéi ee Véirel dovun eng auslännesch Nationalitéit hunn, gehéiert de Préizerdaul éischter zu de méi klenge Gemenge vum Land. Resultéierend aus der Awunnerzuel gëtt an der Gemeng, déi aus 5 Uertschaften (Biebereg, Platen, Proz, Rëmerech an Horas) besteet, am Majorzsystem gewielt, dat bedeit ouni Parteilëschten. Déi 5 Uertschaften erstrecken sech iwwer méi wéi 15 Quadratkilometer. Dat Besonnescht heibäi ass, datt d‘Dierfer direkt unenee leien, an een esou d‘Impressioun huet, duerch e grousst, zesummenhänkend Duerf ze fueren.

Offiziell heescht d‘Gemeng eréischt zanter 2001 Préizerdaul, deen deemools den alen Numm Biebereg ofgeléist huet. Dëst war eigentlech just nach eng Formsaach, well de Préizerdaul scho laang an aller Mond war.

Esou munch Préizerdauler huet am Ländche vu sech schwätze gedoen. Um politesche Plang waren et den Émile Schaus, sengerzäit Minister fir Akerbau, den Henri Diederich, deen zur selwechter Zäit Deputéierte war, esou wéi zu engem spéideren Zäitpunkt den Emile Calmes, deen och um Krautmaart eng Plaz als Deputéierte besat huet an iwwer 30 Joer d‘Geschécker vum Daul geleet huet. (Méi iwwer den Emile Calmes fannt Dir am Konterbont: 04/2018)

Zwee Préizerdauler konnten d‘Wiel zum Sportler vum Joer fir sech decidéieren. 1970 war dëst den Néckel Koob, deen duerch seng Talenter hannert dem Steier bekannt gi war a bei Automobilscourssen zu Le Mans, Spa an der bekannter Monte Carlo Rallye un de Start gaangen ass. 42 Joer méi spéit konnt dunn de Laurent Carnol dës Auszeechnung gewannen, dëst duerch gutt Resultater am Waasser. Esou ass hien net manner wéi dräi Mol bei den Olympesche Spiller (Peking 2008, London 2012 a Rio 2016) un de Start gaangen, wou et him als éischte Lëtzebuerger 2012 gelong ass, an eng Halleffinall an dëser Disziplin anzezéien.

Sport gëtt allgemeng grouss-geschriwwen an der Gemeng, dat weist déi grouss Unzuel u Veräiner an de verschiddene Beräicher, déi hir Heemecht am Préizerdaul hunn. Traditiounssportaarte wéi Fussball, Basket, Dëschtennis, Badminton, Tennis an de Vëlosclub „Tool Time“ si vertrueden. Mat de „Power Bulls“ huet sech awer och e Veräin etabléiert, deen der Passioun vum Motorsport nogeet.

Um kulturellen Niveau beliewen, niewent den agesiesse Veräiner ewéi d‘Pompjeeën an der Philharmonie Préizerdaul, déi alle béid säit iwwer 150 Joer bestinn, och de jonken Theaterveräi mat deem bësse méi aussergewéinlechen Numm „Dauler Schimmelkëscht“ d’Duerfliewen. Dëst sinn nëmmen e puer vun am Ganze 24 Associatiounen, déi hire Sëtz am Préizerdaul hunn. Do ass also fir jiddwereen eppes dobäi.

Bekannt war de Préizerdaul bei ville Leit duerch den „Traktor Pulling Event“, dee laang Joren hei organiséiert ginn ass a wäit iwwer d‘Grenze vum Land bekannt war. Och wann dësen Event en Héichpunkt fir vill Motorsportfrënn duergestallt huet, stoung dësen awer bei Ëmweltfrënn oft an der Kritik.

Dobäi kann een dem Préizerdaul awer net virgeheien, sech senger Verantwortung am Naturschutz ze entzéien. Esou goufe scho fréi Projete lancéiert fir erneierbar Energien am Daul ze integréieren. Uewen op der Kopp zu Rëmmereg zeechnen zwou Wandmille schonns zanter iwwer 15 Joer d’Landschaftsbild a produzéiere Stroum fir ëmgerechent 450 Stéit. Ënnen am Daul beim Centre Culturel ass e Waasserrad a Betrib, wat et och an de moderne Logo vun der Gemeng gepackt huet. Derniewent gi Gemengegebaier gespeist vu Fotovoltaikanlagen a gehëtzt duerch eng Holzhackschnitzelverbrennungs­anlag. Nohaltegt Denken ass, wéi ee gesäit, déif verankert am Daul, wat dozou gefouert huet, datt d‘Gemengevertrieder de „Klima Pakt European Energy Award Gold“ am November 2018 a Baden an Éisträich iwwerreecht kruten.

Niewent der Kultur, Sport an Naturschutz ass d‘Gemeng och säit Joerzéngte bekannt fir seng Fester a säin Nuetsliewen. Esou sinn iwwer vill Jore Leit aus all Alter an aus allen Ecker vum Land an d‘Disco „New Oldie“ gepilgert, fir et do kraachen ze loossen. Haut gëtt et dës Disco nach ëmmer, mee ënner dem Numm „Le Mazzo“. Hei kritt een e Mix aus Iessen a Feiere gebueden, deen nach ëmmer bei ville Leit op Begeeschterung stéisst. Niewent der Disco lackelen awer och eng Hellewull Baler d‘Leit aus der Ëmgéigend an den Daul. Am bekanntste sinn do d‘Beachparty am Summer, wou ganz authentesch e kënschtleche Strand, mat allem wat dozou gehéiert, fir ee Weekend am Gemengenzentrum vun der Duerfjugend opgeriicht gëtt. Doniewent ass iwwer de ganzen Ouschterweekend eng méi lass: Vun den Ouschterbaler, iwwer déi traditionell Ausstellung, gebakenem Fësch op Karfreideg, bis hin zu engem Bicher- an Hobbymaart op Ouschterméinden. Esou ass dee Weekend fir jiddwereen eppes dobäi.

Schlussendlech kann ee behaapten, datt den Daul eng kleng a roueg Gemeng ass, wou engem awer ganz bestëmmt net langweileg gëtt. Falls Dir also emol iwwer déi scheinbar onendlech laang Strooss fuert, da bleift roueg emol stoen.

Et lount sech!

Eng kleng Gemeng am wëlle Weste vum Land

De Préizerdaul

Laurent Carnol, Néckel Koob (1930-2016)

Fotoen: Gemeng Préizerdaul, Charles Reiser

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.