D’Geschicht vun der Lëtzebuerger Firma Jean Wagner huet d’Potenzial vun enger opulenter Familljesaga à la Buddenbrooks, virausgesat, et hätt een en Thomas Mann, fir se ze schreiwen, esou d’Wierder vum Ern Breuskin deemools an der Spezialeditioun vum Deiwelselter, dem Informatiounsblat vun der Gemeng Dikrech. Dat war am Joer 2004. Mee och ouni de groussen däitsche Schrëftsteller bleift d’Geschicht vun dëser Famill spannend.
Am Ufank gouf de Familljennumm nach mat engem zousätzlechen e geschriwwen: Wagener. Der Famill hiren Ursprong geet bis an d’18. Joerhonnert zeréck, wéi de Jean-Pierre Wagener aus dem lëtzebuergeschen Duerf Zëtteg (am Kanton Iechternach) op Dikrech geplënnert ass. E puer Generatioune méi spéit, am Joer 1846, koum dunn de Jean Wagner (senior) – ouni zweeten e – op d’Welt.
De Grondsteen fir dës erfollegräich Familljegeschicht huet de Jean Wagner senior am Joer 1871 geluecht, wéi en d’Kutschefabrik Jean Wagner zu Dikrech gegrënnt huet an domadder dem Bauereberuff de Réck gedréint huet. Haut steet de Jean Wagner senior als Pionéier vum Auto an de lëtzebuergesche Geschichtsbicher.
De Jean Wagner senior ass an enger Zäit opgewuess, an där Lëtzebuerg en aarmt Land war a vill Leit ausgewandert sinn. Am Joer 1839 hu mir eis Onofhängegkeet kritt an zwee Joerzéngte virdrun ass an England deen éischten Zuch mat Passagéier u Bord vu Stockton op Darlington gefuer. Zu Lëtzebuerg ware mer dee Moment nach am Zäitalter vun der Postkutsch, deem eenzege Verkéiersmëttel ‒ onbequeem a geféierlech. Net selten ass eng Achs gebrach a Verletzungen hu bei de Passagéier zum Alldag gehéiert. Ausserdeem gouf et just eng Strooss, déi dësen Numm verdéngt an eis mam Ausland verbonnen huet. Se gouf am Ufank vum 18. Joerhonnert gebaut an huet vun Ostende iwwer Bréissel, Namur, Baaschtnech an Arel op Lëtzebuerg a weider bis op Tréier geféiert. Donieft gouf et nach eng Strooss aus Paweesteng vum Grenzduerf Fréiseng bis an d’Stad a weider op Ettelbréck.
No der Primärschoul a senger Léier bei engem Dikrecher Kutschefabrikant goung de Jean Wagner senior am Alter vu 14 Joer mat e puer Frënn op Wanderschaft, sou wéi dat fir Handwierker deemools üblech war. Ënnerwee ass de Jean Wagner bei engem franséische Kutschefabrikant ënnerkomm, dee seng Begabung erkannt huet an de jonke Lëtzebuerger doropshin un de renomméierte Fabrikant „Charles Herold et Fils“ am franséische Reims weidervermëttelt huet. Parallel zu senger Aarbecht bei dësem Produzent huet hien och d’École des Arts et Métiers besicht. Am Alter vu 25 Joer ass en zeréck op Lëtzebuerg komm an huet mat de Suen, déi e vu sengem Papp krut, an der Rue Stavelot zu Dikrech e Grondstéck kaaft, fir dorobber eng Kutschefabrik ze bauen. Wärend senge Joren a Frankräich ass de Jean Wagner awer och alt emol zeréck op Lëtzebuerg komm, wéi d’Archive weisen. Am Joer 1865 huet hie sech perséinlech zu Dikrech an d’„Milice nationale“ ageschriwwen.
D’Kutsche vum Jean Wagner ware bekannt fir hir gutt Qualitéit. All Moien um 5 Auer stoung hien a sengem Atelier. Den 1. Oktober 1883 gouf de Jean Wagner vun engem schwéiere Schicksalsschlag getraff: Op deem Dag ass seng Fra, d’Anna Theis, gestuerwen an huet, nieft hirem Mann, véier mannerjäreg Kanner hannerlooss, dorënner de Charles, den Alphonse an de Jean, déi spéider d’Firma iwwerholl hunn. Zwee Joer nom Doud vu senger Fra, 1885, huet de Jean Wagner senior sech mam Anne-Marie Schrantz bestuet an dräi weider Kanner mat hir kritt.
De Jean Wagner senior war immens oppe fir technesch Neierungen an esou huet hien och net den Iwwergang vum Postkutschen-Zäitalter an d’Epoch vum Automobil verpasst. Am Joer 1900 huet hien de bekannte Carl Benz op der Weltausstellung zu Paräis kenne geléiert. Dacks gëtt gezielt, datt de Jean Wagner doropshin e Besinnsmotor beim Carl Benz bestallt hätt, deen en op enger vu senge Kutsche montéiert hätt. Mee leider ass dës schéi Geschicht vum éischte Lëtzebuerger Auto mat Verbrennungsmotor net wouer a kann an d’Kategorie vun de Mythe klasséiert ginn.
Benz-Duechter am Dikrecher Pensionat
Niewent den Erzielunge vum Valentine Wagner a vum Mercedes Jellinek, gëtt et nach eng weider interessant Anekdot, an zwar iwwer d’Duechter vum Carl Benz, d’Ellen Benz. Duerch d’Verbindung mat der lëtzebuergescher Famill Wagner ass et dozou komm, datt d’Ellen Benz, eng vun den Duechtere vum Carl Benz, Enn den 1970er-Joren an d’Dikrecher Meedercherspensionat Notre-Dame ageschriwwe gouf. Allerdéngs gëtt fälschlecherweis dacks erzielt, datt eng vun den Duechtere vum Carl Benz „Mercedes“ geheescht hätt an datt et si war, déi zu Dikrech an d’Schoul gaange wier. Mee och dësen Detail gehéiert an d’Kategorie Mythe ronderëm d’Famill Wagner, de Carl Benz an de Gottlieb Daimler.
An Däitschland hunn 1886 de Carl Benz an de Gottlieb Daimler mat engem Ofstand vun e puer Méint jeeweils e Patent fir en Auto mat Bensinnsmotor ugemellt. Dat Joer gëllt als Gebuertsstonn vum Automobil. Déi zwee Entwéckler hu sech allerdéngs net kannt an haten ënnerschiddlech Konzepter: Dem Carl Benz säi Patent war keng Kutsch mat Motor, mee eng nei entwéckelt Konstruktioun mat dräi Rieder, déi vun engem Motor ugedriwwe gouf. De Gottlieb Daimler huet dogéint e Motor gebaut, deen ee konnt an déi deemoleg Kutschemodeller abauen. Duerchgesat huet sech dem Carl Benz säi Prinzip.
Mëtt den 1890er-Jore ginn déi éischt Autoen op Lëtzebuerg geliwwert. Aus dem Kontrollbuch vum Stuttgarter Konzernarchiv geet ervir, datt an de Joren 1894 bis 1898 dräi Autoe vun der Firma Carl Benz aus dem Mannheimer Wierk op Lëtzebuerg geliwwert goufen: den 13. Mäerz 1885 de Modell „Vis-à-Vis“, de 6. August vum selwechte Joer de Modell „Velociped“ an den 30. Mäerz 1897 de Modell „Victoria“. Mee nëmme bei engem Won, dem „Velociped“, stoung en Numm derbäi: Paul Würth. Well déi aner Nimm net bekannt sinn, gëllt de Paul Würth – iwwregens de Grënner vum bekannte Lëtzebuerger Stolkonzern – als deen éischte Besëtzer vun engem Auto zu Lëtzebuerg.
Aus engem weidere Schreiwes aus dem Stuttgarter Konzernarchiv geet ervir, datt de Garage Jean Wagner vun 1912 un déi éischt offiziell Benz-Vertriedung zu Lëtzebuerg hat. Vun 1908 u goufen allerdéngs schonn Autoe vun der Mark Benz iwwer de Jean Wagner op Lëtzebuerg importéiert. Wuelverstanen, deemools ass et d’Bezeechnung Mercedes-Benz, wéi mir se haut kennen, nach net ginn. Donieft sinn am Garage Wagner awer och nach aner Marke verkaaft ginn, ënner anerem déi franséisch Mark Delage.
Nei Ausstellung am Dikrecher Musée
Am Kader vum Studenteprogramm, deen de Conservatoire National des Véhicules historiques (CNVH) zu Dikrech all Joer ubitt, huet d’Studentin Nadia Klasen zu der Geschicht vun der Famill Wagner an hirem Betrib gefuerscht a sech fir dësen Artikel mam Konterbont ausgetosch. Hir Fuerschunge waren d’Basis fir eng nei Dauer-Ausstellung am Musée, wou ee méi en déiwen Abléck an d’Geschicht vun der Famill Wagner a vun hirem Betrib kritt. Doniewent fënnt een am CNVH och Wanderausstellungen, déi ëmmer erëm wiesselen. Avis aux amateurs!
Den Numm Mercedes ass zwar schonn am Joer 1902 als Markennumm registréiert ginn, awer net fir d’Autoe vum Carl Benz, mee fir déi vum Gottlieb Daimler. Mercedes war de Virnumm vun der Duechter vum Emil Jellinek, engem Autosfan, wéi en am Buch steet. Hien huet sech dofir agesat, d’Daimler-Ween méi séier ze maachen a se am Automobilsport anzesetzen, wou se ënnert dem neie Markennumm Mercedes gefuer sinn. Dëse groussen Erfolleg huet derzou geféiert, datt alleguer d’Gefierer vun Daimler ënner dem Numm Mercedes vermaart goufen.
Dem Carl Benz seng Autoe waren net sou séier a manner modern. De Verkaf huet stagnéiert, bis de Carl Benz seng Ween un den neie Stand vun der Technik ugepasst huet. Nom Éischte Weltkrich si béid Marken an eng Existenzkris gerëtscht an hunn 1926 dunn ënner dem Numm „Daimler-Benz-Aktiengesellschaft“ fusionéiert. Dat gemeinsaamt Firmenzeeche war de Mercedes-Stär, ëmrant vum Benz-Lorberkranz, an de gemeinsame Markennumm war Mercedes-Benz. Domat krut de Garage Jean Wagner déi éischt offiziell Mercedes-Benz-Vertriedung am Ländchen.
D’Valentine Wagner hëlt d’Relève
Am Joer 1910 hunn dräi vum Jean Wagner senior senge Bouwen Deeler vun der Firma opkaaft, den Atelier vergréissert a se a „Wagner Frères“ ëmbenannt. 1915 ass de Charles aus der Firma erausgeklomm an 1918 huet de Jean Wagner senior, kuerz viru sengem Doud, de Rescht vu sengen Immobilien u Wagner Frères verkaaft. 1920 gouf dunn och dës Firma opgeléist: Den Alphonse huet alles un de Brudder Jean Wagner junior verkaaft, dee vun deem Moment un eleng de Besëtzer vum „Garage Jean Wagner“ gouf.
Am Oktober 1911 huet sech de Jean Wagner junior mam Elise Noesen bestuet a si kruten dräi Duechteren, dorënner d’Valentine, déi spéider de Betrib zesumme mat hirem Mann, dem René Meris iwwerholl huet. D’Valentine Wagner huet sech schonn an den 1930er-Joren, am Alter vu 25 Joer, an d’Firma abruecht, well hire Papp mat gesondheetleche Problemer ze kämpfen hat. Deemools war d’Akzeptanz fir eng Fra an dësem Metier net immens grouss. D’Valentine Wagner huet sech missen duerchbäissen, wat hir och gelongen ass. Ënner hirer Verantwortung ass de Betrib erfollegräich, op dräi Standuerter (een zu Dikrech an zwee an der Stad), zu de gréissten a modernste Garagen am Land ausgebaut ginn. Si gouf dunn als „Self-made-Woman“ bezeechnet a gëtt haut gären als Paradebeispill fir d’Fraenemanzipatioun zu Lëtzebuerg genannt.
Si huet de Betrib bis 1997 geleet an dunn alles u Mercedes-Benz verkaaft. Domat huet d’Firmegeschicht vun der Famill Wagner opgehal, awer net déi vun der Wagner-Fabrik. Dat historescht Gebai gouf mat Hëllef vun der Stad Dikrech an dem Lëtzebuerger Staat restauréiert an als Denkmal klassifizéiert. 2004 huet de Conservatoire National de Véhicules Historiques hei seng Dieren opgemaach.
En Artikel vum Eric Rings
Fotoen: © Meris