Eng Aarbechts­plaz op Mooss

En Interview mam Marc De Geest, Direkter vun Autisme Luxembourg ASBL

Och zu Lëtzebuerg kenne mir leider de Phenomeen vun der Aarbechtslosegkeet. Fir eng Persoun mat Behënnerung ass et oft nach méi schwéier, eng Aarbechtsplaz ze fannen.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Här De Geest, wéi ënnerstëtzt Autisme Luxembourg ASBL dës Leit dobäi?

MDG: Eng wichteg Zilsetzung vun eiser ASBL ass et, Leit mat Autismus op dem sougenannten „éischten“ Aarbechtsmaart ze integréieren. Esou hu mir scho fréizäiteg vun der EU ënnerstëtzte Pilotprojeten an d’Liewe geruff, fir hinnen dobäi ze hëllefen.

Eng Aarbecht um éischten Aarbechts­maart ze fannen, ass net einfach, an dës Aarbecht da laangfristeg ze halen, ass fir eis Leit och oft schwiereg.

Et ass also wichteg, datt mir och selwer, als Betrib, Aarbechts­plaze schafen. Eng Persoun mat Autismus an enger zousätzlecher, déifgräifender intellektueller Beanträchtegung huet selbstverständlech och um Niveau vun der Aarbecht ganz aner Besoinen ewéi eng Persoun mat Autismus, déi de Premièresexamen ofgeschloss huet. D’Erausfuerderung fir eis ass et also och, a ganz ënnerschiddlechen ekonomesche Beräicher aktiv ze sinn, esou datt mir fir méiglechst vill Leit eng Aarbecht kënnen ubidden, déi hire Kompetenzen a Preferenze gerecht gëtt. De Kandidat ka bei eis eng Aarbechts­plaz an der Kichen, der Konfiserie, dem Keramikatelier, der Wäscherei, der Bitzerei, der Gäertnerei, dem Pabeieratelier, der digitaler Dréckerei, dem Laser-Tec, dem Info-Media oder dem Back-Office fannen. Et wär fir eis mat Sécherheet méi einfach an ekonomesch sënnvoll, just an engem oder zwee Wirtschaftsberäicher aktiv ze sinn, mee domat kéinte mir nëmme wéinege Leit mat Autismus eng adaptéiert Aarbechts­plaz ubidden. Zu eise Mataarbechter mat enger Behënnerung hu mir dann och ëmmer eng duebel Bezéiung. Och wann d’Aarbechts­relatioun mat engem Aarbechts­vertrag an enger regulärer Pai am Vierdergrond steet, esou gëtt hanner dem Salarié de Mënsch, dee speziell Bedürfnisser huet, op kee Fall vergiess.

D’Servicer an d’Produiten, déi an de verschiddenen Atelieren ugebuede ginn, si vun héijer Qualitéit. Och wa muench kommerzielle Client vläicht déi éischte Kéier aus sozialen Iwwerleeungen op Produiten oder Déngschtleeschtunge vun der Vereenegung zeréckgräift, esou ass et dach d’Ambitioun vun de Responsabele vun den Atelieren, datt och dëse Client hinnen duerch d’Qualitéit vum Produit oder der Déngscht­leeschtung erhale bleift.

MDG: Et ass wichteg, eise Leit eng adaptéiert Aarbechtsplaz unzebidden, déi vum normalen Aarbechtsgesetz, mat alle Rechter a Flichten, reglementéiert ass. Esou funktionéieren eis Atelieren och an enger ekonomescher Logik. D’Gamm vun de Produiten an d’Servicer, déi geleescht ginn, musse sech no der Demande vu kommerzielle Clientë riichten. D’Iddi ass also net, eppes ze produzéieren an ze hoffen, datt iergendeen et duerno, aus enger sozialer Motivatioun eraus, eventuell keeft. Et ass wichteg, datt mir eis am Virfeld Gedanke maachen, wat fir eng Produiten an Déngscht­leeschtungen Ofsaz kënne fannen.

Eis Ateliers d’inclusion professionnelle sinn also e feste Bestanddeel vum Aarbechtsmaart zu Lëtzebuerg. An deem Sënn di mir eis dann och schwéier mat enger Definitioun vum „éischten“ oder „zweeten“ Arbechts­maart.

Natierlech bleiwe mir e „spezielle“ Betrib, an dat am positive Sënn. Et ass de Mataarbechter als Mënsch, deen am Vierdergrond steet. D’Raison d’être vum Atelier ass et, esou vill wéi méiglech adaptéiert Aarbechts­plazen ze schafen. D’Erwirtschafte vu finanzielle Beneficer ass bei eis ëmmer e Mëttel zum Zweck an net d’Zil selwer.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.