Endlech huet et emol erëm genuch am Éislek geschneit!

Zanter e puer Deeg tommelt de Gusti sech all moies, fir d’Rolllued eropzemaachen: „Huet et da lo endlech genuch geschneit? Alt erëm net, da lauschtere mir, wat se um Radio soen. Muer soll et esou wäit sinn.”

Tatsächlech! Wéi de Gusti fréi moies zur Fënster erauskuckt, ass et wäiss dobaussen. An elo séier an de Schikostüm gesprongen a lass geet et an d’Éislek.

30 Zentimeter Schnéi sinn am Éislek gefall. Dat geet gutt duer fir de Gusti glécklech ze maachen. Zu Wäiswampech huet déi national Schi-Laanglaf-„Héichbuerg“ zënter Laangem erëm de Betrib opgeholl.

Um 10 Auer steet de Gusti prett mat anere Wantersportfrënn beim Schoul- a Sportzentrum zu Wäiswampech ze waarden, datt opgeet. Hie keeft scho laang keng Schi, Bengelen a Schong méi. Hei kann een alles léinen, dat ass praktesch, a well et net sou dacks schneit, ass et och gënschteg. Et ass alles do, esouwuel Schi, Schischong a -bengele fir Kanner wéi och fir Erwuessener.

Nodeems de Gusti gutt ausgerüst ass, ass hie fäerdeg fir op seng Liblingsstreck. Gemittlech fënnef bis sechs Kilometer ronderëm d’Séie vu Wäiswampech zéien, o, wat hat de Gusti sech méintelaang dorop gefreet.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Hien huet elo awer och gesinn, datt een am Schoul- a Sportzentrum och Schlitter ze léine kritt. Dat bréngt de Gusti op eng Iddi: An der Chrëschtvakanz kënnt hien och eng Kéier mat den Enkelkanner bis erop, wann da genuch Schnéi läit, well hei kann een och flott mam Schlitt de „Wämper“ Hiwwel erofflitzen. An de Gusti muss de Kanner hiren naasse Schlitt net a sengem neien Auto matschleefen.

Ech wëll dat haut och emol probéieren, si fir d’éischt hei uewen a kenne mech net aus. Ech hunn dem Gusti ganz interesséiert nogekuckt. Dat ass dem Gusti natierlech opgefall an ech froen hien, wou een da lo ka fuere goen. Hien erzielt mir direkt vu senger Liblingspist, déi ronderëm d’Séie vu Wampech. Awer dat ass net alles! D’Piste vun der Schi-Statioun zu Wäiswampech hunn eng Längt vun am Ganze 14,5 Kilometer. Dat ass dee gréisste Schi-Zenter zu Lëtzebuerg!

Nee, dat ass mir awer ze wäit, sou fit sinn ech net an ech weess jo och guer net, wéi dat geet, sot ech. De Gusti sot, e bësse Gespréich ënnerwee géif him nawell gefalen, wann ech wéilt, géif hie mir seng Pist ronderëm d’Séie weisen. A lass goung et!

De Wee war wonnerschéin, et war sou schéi Wieder, d’Sonn huet geschéngt, den Himmel sou blo, keng eng Wollek war ze gesinn. Gutt, datt ech u mäi Sonnebrëll geduecht hat! D’Séie louchen am Schnéi, d’Äscht vun de Beem houngen ënner dem schwéiere Schnéi erof. Am Summer kann een hei bestëmmt och flott Aktivitéite maachen, hunn ech bei mir geduecht.

Awer de Gusti huet meng Gedanken ënnerbrach, an et huet sech erausgestallt, datt hie bal alles iwwer de Schilaanglaf zu Lëtzebuerg weess. Zu Housen, do kann een nämlech och Laanglaf maachen. Och do kritt ee vu moies 10 Auer un am „Camping des Ardennes“ säi Material ze lounen, wann ee keent huet. An da kann een sech op enger vun den zwou Loipen op de Wee maachen.

Ech war ganz erstaunt, well dovu wousst ech näischt! Awer domat net genuch! Och zu Wolz si fënnef kilometerlaang Schilaanglafpisten am Bësch.

De Gusti huet mir d’Gespréich gehalen, well ech war schéin ausser Otem! Dat war vill méi ustrengend, wéi dat ëmmer bei deenen aneren ausgesäit. Do kënnt een an der Keelt nawell gutt un d’Schweessen.

Och dat ass dem Gusti net entgaangen an hien huet weidergeschwat. Viru Joren hat hien et mam Réck. Vun deem ville Sëtzen. En huet 40 Joer op der Post am Guichet geschafft. Wéi hien dunn d’Pensioun krut, huet den Dokter him geroden, dach emol Schilaanglaf ze probéieren. De Gusti war ni sportlech a grad dowéinst, sot den Dokter, wier dat genee dat Richtegt fir hien. Sech ganz gemittlech an der frëscher Loft ze beweegen.

Seng Fra wollt souwisou deemools am Wanter an d’Bierger an d’Vakanz. An do hu si allen zwee hire ganze Courage zesummegeholl a Laanglaf ausprobéiert. Lues hu si ugefaangen, dräi- bis véiermol d’Woch an net méi wéi eng Stonn. Esou konnte sech hir Gelenker an dem Gusti säi steiwe Réck dru gewinnen.

Awer de Schilaanglaf huet nach sou vill aner Virdeeler fir d’Gesondheet. Dat hunn de Gusti a seng Fra duerno gemierkt. E wierkt sech positiv op den Häerz-Kreeslafsystem aus a verhënnert héije Bluttdrock, Infarkter an Diabeetes.

Ufänger verletze sech net dacks an et brécht ee sech och seelen eppes. Duerch déi geréng Belaaschtung vun de Gelenker ass de Sport och, wéi fir de Gusti, gutt fir Leit mat Knéie-, Réck- an Hëftproblemer. Dem Gusti seng Fra hat Problemer mat de Veenen, an dat ass elo vill besser, well duerch déi gesteigert Duerchbluddung vun de Wuedemuskelen de Bluttréckfloss zeréck bei d’Häerz aktivéiert gëtt.

Ech hunn no Loft geschnaapt: „Gusti, wou ass dann Är Fra haut?“ – „O, meng Fra huet sech erkaalt, si ass doheem bliwwen. Wësst Dir, wann ee krank ass oder sech erkaalt huet, da soll ee kee Sport maachen!“

Pu, endlech ukomm! Jo, ustrengend war et, awer derwäert, ech hunn d’Zäit guer net gesinn ëmgoen. Dat war och vläicht dem Gusti seng gutt Ënnerhalung.

„A wësst Dir nach dat Allerbescht?“, rifft de Gusti mir nach no, „ech hunn 20 Kilo ofgeholl! A well mir elo reegelméisseg Sport maachen, huelen ech mengem Léinchen elo nach eng gutt Äppeltaart mat heem. Déi kënne mir elo ouni schlecht Gewësse bei enger gudder Taass Kaffi verdrécken.“

Ech soen dem Gusti nach Äddi a Merci, datt hie mech matgeholl huet. Muer wäert ech alles wéi hunn! Awer et ass definitiv net nëmmen eng sportlech a gesond Aktivitéit, mee och en Naturerliefnes, dat een un d’frësch Loft bréngt an den Alldagsstress vergiesse léisst.

En Artikel vum Tania Hoffmann

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.