„Noël de la Rue asbl“

En Interview mam Léon Kraus

Här Kraus, wéi ass d’Aktioun „Noël de la Rue“ entstanen?

Am Alter vun 23 Joer hunn ech mäin Interessi fir sozial Froen entwéckelt. Zu dëser Zäit sinn ech fräiwëlleg an der Ambulanz matgefuer. Als Seminarist sinn ech deemools der Schwëster Josette aus der Klinick Sacré Cœur begéint.

Ech hu festgestallt, datt op Chrëschtdag – Festdag fir jiddereen – de Noutdéngscht vun de Klinicken, d’Ambulanzen an d’Police nëmme Verständnis weise fir Leit mat physesche Verletzungen.

Op Chrëschtdag stellen déi alkoholiséiert Clocharde keng richteg Urgence duer, well der ëffentlecher Meenung no si selwer decidéiert hunn ze drénken. Ech hunn d’Erfarung gemaach, datt déi Aarm vun der Strooss d’Personal aus den Urgencen enorm stressen. Si wëllen net op Chrëschtdag mat dëse Schicksaler konfrontéiert ginn – wat duerchaus verständlech ass.

Do ass mir d’Iddi komm: wann s du op Chrëschtdag all dës Persounen zesummebréngs, mussen se net eleng sinn a si brauchen net ze drénken, fir hiert Liewen ze vergiessen.

 

Dës Iddi huet der Schwëster Josette gefall an 1981 hu mir den éischten „Noël de la Rue“ – Titel vun engem Lidd vum Edith Piaf – lancéiert.

35 Joer dono hunn ech d’Energie an de Courage behalen, fir mech, mat den éierenamtleche Mataarbechter, fir dës Männer a Fraen ze engagéieren.

Virun zéng Joer huet d’Schwëster Josette eis verlooss. De Frank an seng Fra d’Françoise hu sech mir an dësem Abenteuer mat enger onerhéierter Begeeschterung ugeschloss.

Zanter e puer Joer si mir endlech eng unerkannte Vereenegung a vill jonk Leit schaffe bei eis benevole am Verwaltungsrot an am Organisatiounskommitee.

An eng Saach ass ganz kloer: de 25. Dezember 2017 feiere mir de 36ten „Noël de la Rue“ an Dir kennt sécher sinn, datt mir vill Invitéen hunn, well d’Aarmut an déi sozial Onsécherheet wäerten ni verschwannen.

Wéi ass den Oflaf vun der Chrëschtfeier 2017?

Wéi an de leschte Joer stellt eis eng grouss Privatschoul hir Raimlechkeeten zur Verfügung, fir eist Fest mat eisen Invitéë vun der Strooss ze organiséieren.

Um 9 Auer beschwätzen mir eis mat de 50 bis 60 benevolle Mataarbechter, maachen d’Opdeelung an Ekippen a ginn Erklärungen zu de verschiddene Missiounen.

Ab 10 Auer 30 kommen zwee Bussen an och déi aner Invitéen, déi zu Fouss kommen, un. Wärend dem Empfang, wou sech d’Invitéen a d’benevole Mataarbechter kënneléiere kënnen, gëtt e Punsch zerwéiert. Eng traditionell Mass, déi vu Museker encadréiert gëtt, ass ëmmer erëm e beléifte Moment fir déi, déi dëse Moment wëlle feieren, wärend anerer méi op Distanz bleiwen.

Mëttes ass de Moment, fir um Dësch Plaz ze huelen a sech vun de benevole Mataarbechter verwinnen ze loossen, déi de Service assuréieren. Esou gëtt e festleche Menü ugebueden, suivéiert vun engem Kaffi an esouguer engem Digestif fir déi, déi e begieren.

Vu 14 Auer u sti Gesellschaftsspiller, Concoursen a Concerte wéi och Diskussiounsgruppen um Programm. En Evenement op dat mat Freed gewaart get ass de Bingo. Ier de Kleeschen erschéngt, deen e Kaddo fir jidderee matbréngt, gëtt de Kaffi mat de Kichelcher an der Bûche zerwéiert.

Um 18 Auer maache sech d’Invitéen erëm op de Wee fir an hir Betreiungszentren, hir Zëmmer oder esouguer hiren Eck an engem verloossenen Haus, mat engem grousse Merci op de Lëpsen an engem Laachen am Häerz.

Fir eis benevole Mataarbechter ass de Moment komm, fir alles erëm op d‘Plaz ze setzen an déi gewéinlech Botz ze maachen. A jidderee versprécht, sech de 25. Dezember dat nächst Joer erëmzegesinn.

Merci Här Léon Kraus. Mir wënschen Iech an Ären Invitéen e flotten Oflaf vum „Noël de la Rue“ 2017.

Wann Dir Noël de la Rue ënnerstëtze wëllt:
LU08 0141 6545 0290 3000 CELL LULL (ING Luxembourg)

Fir weider Informatiounen: noeldelarue@gmail.com

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.