Placeholder Dummy template

Éisleker Schlappekino

Nordliicht TV

An där Zäit, wéi sonndes nomëttes den Hei Elei nach Informatiounen iwwer eist Ländchen an déi gutt Stuff bruecht huet, waren dem Irène Pissinger-Engelmann seng Reportagen aus dem Norde vum Ländche schonn iwweraus beléift bis erof an de Minett. Nodeem RTL awer am Joer 1995 säi Programm komplett restrukturéiert huet, war keng Plaz méi fir dëse Lokalkolorit op der nationaler Antenn.

Zu dësem Zäitpunkt huet d’Famill Pissinger-Engelmann op Wonsch vu villen Nokuckerten decidéiert, eng eegen Emissioun op d’Been ze setzen, fir och weiderhin interessant Reportagen aus dem Norde vum Land kënnen ze realiséieren an ze verbreeden. An iwwerdeems d’Journalistin nach Radiosreportagë fir den DNR mam Titel Mäin Éislek gemaach huet, huet si bei der Regierung eng Konzessioun fir en eegenen Televisiounsprogramm ugefrot. No 13 Méint – esou ëm Chrëschtdag – huet deen deemolege Regierungschef Jean-Claude Juncker dëse Konzessiounsvertrag ënnerschriwwen an et konnt lassgoe mat Nordliicht TV. Dësen Numm ass iwweregens vun enger Norwegen-Rees inspiréiert an dat Lëtzebuerger Nordliicht – mir beliichten den Norden – war gebuer. Ufangs ass esou, an Zesummenaarbecht mat de Nordgemengen Ëlwen, Wäiswampech, Clierf, Dikrech an Ettelbréck, eng hallef Stonn Programm pro Woch mat de Schwéierpunkte Politik, Kultur, Sport a Gesellschaft op lokaler Basis zesummegestallt ginn an individuell op de Kappstatioune vun de jeeweilege Gemeinschaftsantennen agespeist ginn. Zu dësem Zweck huet de Johny Pissinger reegelméisseg all Woch mat enger Kassett den Tour gemaach an hat extra dofir Congé sans solde bei der Arméi ugefrot, wat bis haut esou bliwwen ass.

Déi éischt Emissioun ass den 23. Abrëll 1997 iwwer d’Antenn gaangen, zu dësem Zäitpunkt just finanzéiert vun e puer Sponsoren, déi vun Ufank u mat derbäi waren, a vun do u reegelméisseg all Mëttwoch mat enger Rediffusioun an zousätzleche Reportagen um Sonndeg. Den Erfolleg huet net laang op sech waarde gelooss an zemools d’Leit aus dem Norde vum Land ware vun dësem Sproochrouer direkt begeeschtert. 2007 huet eng Ëmfro dem Nordliicht TV 62% Ecoute bei de Lëtzebuerger am Norde vum Ländchen attestéiert. Zanter 2001 ass Nordliicht TV esouguer iwwer Satellit ze empfänken an domat ass dunn och eng national Couverture erreecht ginn, aktuell och nach verstäerkt duerch eng Rediffusioun um Kanal vun RTL sonndes nomëttes ëm 13 Auer. Nordliicht TV huet et verstanen, vun Ufank un säi ganz eegene Charme ze behalen an d’Irène huet muench Anekdot ze verzielen, wéi zum Beispill datt d’Musek vu Wäiswampech 1997 extra d’Feier fir den 1. Mee mat Fierkel um Spiiss am Bësch offiziell e puer Deeg no vir verréckelt hat, fir déi Woch kënne ganz aktuell am Nordliicht-Programm ze sinn. Datt dobäi och nach e Musikant virun der Kamera seng Zänn ausgedoen huet, fir besser kënnen op sengem Instrument ze blosen, léisst een haut nach schmunzelen. Vum 20. September 2006 un ass de Programm op eng Stonn (mat enger Partie Widderhuelungen) gewuess an aktuell sinn niewent dem Sponsoring och klassesch Publicitéitscampagnen op dëser Antenn zougelooss.

An esou ass Nordliicht TV hautdesdaags ee beléifte Kabel- a Satellitefernsee-Programm, fir deen nach ëmmer d’Irène Pissinger-Engelmann, de Johny Pissinger an hire Bouf Sammy verantwortlech zeechnen, flankéiert vun enger ganzer Partie Freelance-Mataarbechter op der Kamera an um Schneidpult an ënnerstëtzt duerch déi meeschte Nordgemengen. Zesumme liwweren si en ofwiesslungsräiche Programm an HD-Qualitéit, dee besonnesch no bei den Awunner vum Norden ass, deen ëmmer méi awer och an anere Géigende vum Land um Fernseeprogramm steet an dofir och national an international Elementer opweises huet. Zousätzlech produzéiert d’Nordliicht och nach Videosfilmer mat Bezuch op d’Éislek, zum Beispill iwwer d’Ardennenoffensiv, d’Wëlzer Fatima oder d’Louheck an de Joreszäiten. Weider Informatiounen zu dëser sympathescher Mediefirma fënnt een och op Nordliicht.lu.

En Artikel vum Sully Prud‘homme

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.