Placeholder Dummy template

D’Liewen dem Vëlo verschriwwen

„Eng absolut Legend.“ Mat dëse Wierder gëtt de fréiere Cyclist Edy Schütz dacks vun den Diddelenger Awunner beschriwwen. Et gëtt engem direkt kloer, wéi e Bekanntheetsgrad hien nach ëmmer an der lokaler Bevëlkerung huet. Säi ganzt Liewen huet sech ëm de Vëlo gedréint.

Fir d’éischt gi mer e bëssen an der Zäitgeschicht zeréck. Den 10. Juli 1966 war nämlech e markanten Dag, net nëmme fir den Edy Schütz, mee och fir d’Lëtzebuerger Sportgeschicht. An enger vun de schwéiersten Etappe vun der Tour de France huet de gebiertegen Téitenger bewisen, aus wéi engem Holz hie geschnëtzt ass. An enger spektakulärer Course konnt hie sech géint de renomméierte franséische Champion Raymond Poulidor duerchsetzen. „Dëst war mat Sécherheet mäi gréisste Succès, an ech wäert dat ni vergiessen,“ seet den Edy Schütz haut nach.

Mee dat war bei Wäitem net säin eenzegen Exploit. A senger aktiver Karriär huet hie sechs Mol de Lëtzebuerger Championstitel op der Strooss gewonnen, d’Eisträich-Rondfaart fir sech entscheet an un internationale Kompetitioune wéi dem Giro d’Italia, der Vuelta oder dem Eendagesklassiker Mailand-Sanremo deelgeholl. 1964 war hie souguer bei den Olympesche Spiller zu Tokyo dobäi. Kuerz gesot: Den Edy Schütz huet am Vëlosport alles erlieft, wat ee sech kéint virstellen, bis hien 1971 mat senger aktiver Karriär opgehalen huet, fir d’Vëlosgeschäft vu sengem verstuerwene Schwéierpapp ze iwwerhuelen. 

„Am Liewe muss een heiansdo schwéier Decisiounen treffen,“ erënnert hie sech. „Ech hat beschloss, menger Fra ënner d’Äerm ze gräifen an am Buttek ze hëllefen.“ D’Famill stoung fir de Cyclist am Vierdergrond, dëst och, well hien du schonn an engem méi héije Sportleralter war. „Ech hunn och missen u meng spéider Karriär denken. Normalerweis hätt ech nach just zwee Joer op professionellem Niveau konkurréiere kënnen. Duerno hätt ech mer en aneren Job misse sichen“, erkläert hie seng deemoleg Entscheedung.

A genau dëse Buttek spillt och hautdesdaags nach ëmmer eng grouss Roll a sengem Liewen. Gutt 50 Joer méi spéit fënnt een den Edy Schütz nach ëmmer a sengem zweeten Doheem. „De Vëlo war, oder besser gesot, ass nach ëmmer mäi Liewen,“ stellt hie kloer. Hie freet sech nach ëmmer, am Geschäft hëllefen ze kënnen. „Ech wëll de Kontakt mat de Leit net verléieren. Sou bleiwen ech ëmmer um Lafenden, wat aktuell ass“, seet hien.

Mee hie muss awer zouginn, datt dat bei Wäitem net méi sou oft geschitt, wéi et fréier de Fall war. Trotzdeem géif hie sech et net virstelle kënnen, dësen Hobby opzeginn. Schonn eleng net wéinst senger laangjäreger Clientèle, déi hie scho säit Joerzéngte betreit. An deene leschte Jore sinn awer och eng gutt Partie nei Clienten derbäikomm. Dat huet virun allem mat der Entwécklung vum Vëlo an de leschte Joerzéngten ze dinn, déi de mëttlerweil 83 Joer alen Ex-Sportler mat Interessi verfollegt. „De Vëlo huet sech enorm séier entwéckelt. Fréier hate mer iwwer Jore bal ëmmer dat selwecht Material, haut wiesselt alles quasi vu Mount zu Mount. An d’Präisser sinn extreem geklommen,“ erkläert hien. Trotz all dëse Verännerunge bleift seng Passioun fir de Vëlo awer ongebrach. Och wann de Pensum däitlech par rapport zu fréieren Zäiten erofgeschrauft gouf, ginn och weiderhi vill Kilometere mam Drotiesel gemaach. An de leschte Joren ass hien awer op en Elektrovëlo ëmgeklommen. 

„Dat fannen ech elo e gudde Kompromëss. Sou kann ech nach ëmmer déi frësch Loft an der Natur genéissen.“ Hie verréit awer, datt hie mëttlerweil léiwer bei schéinem Wieder fuere geet: „Fréier war ech bei alle Wiederkonditiounen ënnerwee, mee elo maachen ech dat nëmme méi, wann et agreabel dobaussen ass,“ seet hie mat engem Schmunzelen. 

Den Hometrainer steet och nach doheem parat fir déi kal an naass Deeg. „Et wëll ee jo awer iergendwéi seng Form behalen,“ fënnt hien. Wann elo awer déi méi sonneg a waarm Deeg gläich kommen, stinn nees méi oft flott Tier op der Strooss um Programm. „Ech hunn eng Grupp vu véier bis fënnef Leit, mat deenen ech reegelméisseg fuere ginn. Dat mécht méi Spaass, wéi just eleng ënnerwee ze sinn.“ Mat Spannung waart den Edy Schütz also op déi waarm Joreszäiten, fir nees op säi Liblingsgefier ze klammen an déi gemeinsam Touren ze genéissen. „De Vëlo bleift einfach ëmmer mäin treie Begleeder,“ seet hien ofschléissend.

En Artikel vum Laurent Neiertz

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.