„Mir musse méi bauen“

Economist vun der Fondatioun IDEA M.-E. Ruben

Economist vun der Fondatioun IDEA M.-E. Ruben

Op eiser Sich no Äntwerten op d’Problematik vun der Wunnengsnout zu Lëtzebuerg, hu mir dem Economist an Logementsexpert Michel-Edouard Ruben vun der Fondatioun IDEA op den Zant gefillt an him déi selwecht Froe gestallt, mat deene mir och schonn déi aner Acteuren konfrontéiert hunn. Hie geet dat Theema ganz pragmatesch un a stäipt sech dobäi op wëssenschaftlech Analysen an ekonomesch Fakten.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

„Dir hutt déi richteg Froe gestallt“, seet eis den Economist Michel-Edouard Ruben am Ufank vun eisem Gespréich iwwer d’Präisdeierecht vun de Wunnengen zu Lëtzebuerg a füügt bäi: „Wann ee sech bis déi heite Froe gestallt huet, muss ee sech och froen, ob een dem Logementsminister (a sénge Virgänger) gratuléieren, hien entschëllegen – am Sënn vun „et wor jo net seng Schold, well alles ze vill komplizéiert ass“ – oder hie virun d’Dier setze sollt.“ Natierlech géif dat viraussetzen, och d’Äntwerten op déi Froe fonnt ze hunn.

Firwat ass d’Wunnen zu Lëtzebuerg da schliisslech sou deier?

Fir dës Fro ze beäntwerten, misst ee sech bewosst sinn, datt et niewent dem aktuelle Moment vun haut och déi historesch Perspektiv gëtt, sou den Expert. „Haut hu mir zum Beispill en extrem héijen Zënssaz op Bankkrediter an op d’mannst eng bekannte Baufirma an ee mëttelgrousse Promoteur, déi sech grad an der Faillite befannen.“ Dat wieren d’Faiten, déi d’Leit aktuell beschäftegen. Mee déi selwecht Fro hätte mir him och schonn virun e puer Joer stelle kënnen. „Dëse Problem ass net nei, net vun haut a net just op Lëtzebuerg beschränkt“, betount hien. Et misst een also d’Äntwert op d’Fro fannen, wisou et iwwer vill Joerzéngte sou deier war an elo ëmmer nach ass.

„D’Präisser sinn an éischter Linn sou deier, well Lëtzebuerg e räicht, attraktiivt an erfollegräicht Land ass“, erkläert de Michel-Edouard Ruben. D’Präisser sténgen natierlech am Zesummenhang mat de Paie vun de Leit, déi selwer och héich sinn. De Problem schéngt also quasi hausgemaach ze sinn. Leit Lëtzebuerg deemno ënnert sengem eegenen Erfolleg? Den Expert formuléiert et esou: „Lëtzebuerg ass ee Land dat attraktiv ass an dowéinst vill Leit unzitt, sech gutt weiderentwéckelt a wou eeben dowéinst d‘Bevëlkerung méi schnell wiisst wéi Wunnenge kënne gebaut ginn.“ Da kéim nach dobäi, datt Lëtzebuerg en immens héije Standard bei den Ëmweltnormen a bei den urbanistesche Virgaben huet. An et gëtt nach de Phenomeen vun der Decohabitatioun, deen oft an dynameschen Zentre beobacht gëtt. Déi selwecht Unzuel u Leit brauch hautdesdaags méi Wunnengen, well et manner Groussfamilljen an intergenerationell Stéit gëtt, vill Leit eleng wunnen.

Lëtzebuerg huet ganz vill ze bidden

Dorausser kéint ee follgend Ausso formuléieren, déi gäre mol kéint falsch verstane ginn: „Zu Lëtzebuerg ze wunnen ass eng Zort vu Luxus,“ sou den M.-E. Ruben. Hien erkläert, datt Luxus an dësem Fall bedeit, datt Lëtzebuerg e Land ass, wou et Sécherheet, Wuesstem a Räichtum gëtt, ee Land dat vill Opportunitéite bitt, wou d’Kafkraaft héich ass an d’Wunnengen éischter méi grouss sinn am Verglach mat anere Länner oder Groussstied. Am Resumé kéint een also soen, datt den éischte Grond, wisou d’Präisser sou héich sinn, keen onbedéngt schlechten oder negativen ass. An awer bréngt dat eng Schwieregkeet mat sech, déi reell ass.

Bis 2019 sinn d’Immobiliepräisser zu Lëtzebuerg ongeféier tëschent 5 a 7 Prozent pro Joer geklommen. Ab 2019 ass et eng ganz staark Acceleratioun gi mat bis zu 15 Prozent méi pro Joer. Firwat sinn d’Präisser an de leschte puer Joer nach méi séier geklommen? Den Expert vun der Fondatioun IDEA seet: „Engersäits kann d’Offer der Demande net gerecht ginn an anersäits war dat eng Zäit mat extrem niddregen Zënsen, wat vill Leit dozou animéiert huet, Wunnengen ze kafen.“ D’Zënse loungen déi lescht Joren bei extrem niddregen 1,5 Prozent (haut leie se bei circa 7 Prozent), wat zu enger reegelrechter Präisexplosioun gefouert huet.

Historesch gesi war et allerdéngs schonn ëmmer deier fir zu Lëtzebuerg ze wunnen. Als Beispill nennt de Michel-Edouard Ruben d’Grënnung vun der SNHBM (Société nationale des habitations à bon marché) am Joer 1919. „Esou eng Societéit grënnt een nëmmen, wann d’Präisser ze héich sinn an eng signifikativ Unzuel vu Leit sech keng Wunneng méi leeschte kann“, seet hien. Dat war also scho viru méi wéi 100 Joer de Fall. Lëtzebuerg an aner dynamesch Plazen, zum Beispill Groussstied wéi Amsterdam, Paräis oder London befanne sech säit enger ganz laanger Zäit an enger Dauerkris, wat den Zougang zum Wunnraum betrefft. Hautdesdaags sinn dann eeben nach nei Facteuren dobäikomm, déi d’Präisser nach weider an d’Luucht dreiwen, wéi zum Beispill den Zënstaux.

D’Dynamik vum fräie Marché

Beim Kaf vun enger Wunneng sinn et also haut déi héich Zënsen, bedéngt duerch d’Inflatioun déi klëmmt, déi d’Präisser eropdrécken. Dat géing mat sech bréngen, datt haut ëmmer méi Leit näicht kafe wëllen oder kënnen a léiwer eng Wunneng lounen, sou den M.-E. Ruben. An dat dreift eeben dann och d’Loyeren erop. Well awer déi potentiell Keefer-Clientèle eng relativ héich Kafkraaft huet, klammen d’Loyeren dann och méi staark an d’Luucht.

Wat wären dann d’Léisungen, fir géint déi Deierecht virzegoen a firwat huet een et bis haut nach net fäerdeg bruecht, dee Problem ze léisen?

Fir d’éischt geet den Economist op den zweeten Deel vun der Fro an: Firwat bréngt een et net fäerdeg? „De Problem läit beim Zesummespill vun der Demande an der Offer, also der Dynamik vum fräie Marché“, seet hien. „Et waren ëmmer genuch Leit do – dee gréissten Deel ware Privatleit -, déi fäeg waren, zu den aktuelle Marchéspräisser, dee jeeweilegen héije Präis fir eng Wunneng ze bezuelen, besonnesch wéi den Zënstaux nach esou niddreg war.“ Genuch Keefer kënne sech also dee Präis leeschten, deen d’Verkeefer froen, esou d’Conclusioun. Den Taux vun de Proprietairen ass an de leschten zéng Joer stabel bei 70 Prozent bliwwen. Egal wéi d’Präisser waren, d’Offer ass ëmmer méi oder wéineger stabel bliwwe mat circa 3.800 neie Wunnengen pro Joer. Dat sinn der awer net genuch, seet den IDEA-Expert.

Mir musse vill méi bauen

Wat wären dann d’Léisungen, fir déi aner 30 Prozent, déi nach net Proprietaire sinn, den Accès zu enger Wunneng ze erméiglechen?

D’Hëllefen, wéi beispillsweis de Bëllegen Akt, ze erhéijen, gesäit de Michel-Edouard Ruben net onbedéngt als dee richtegen Usaz. An der Tripartite wier de Bëllegen Akt vun 20.000 op 30.000 Euro eropgesat ginn. Dat géif näischt bréngen, erkläert hien. Déi 10.000 Euro géifen et kengem potenzielle Keefer zu Lëtzebuerg erméiglechen, eleng doduerch sech kënnen eng Wunneng ze kafen. Domadder leeschte sech d’Leit héchstens eng méi deier Kichen oder eng weider Vakanz, seet hien. D’Zil wier et jo, datt déi Leit, déi sech kee Logement leeschte kënnen, Accès dorobber kéinte kréien. „Mee dee Spagat ze maachen ass guer net evident“, gëtt den Expert ze bedenken. Wéi eng Krittäre leet een do fest? De Verdéngscht? De Patrimoine? De Besëtz vun den Elteren? Wéi ass d’Bezéiung tëschent dem potenzielle Beneficiaire a sengen Elteren? Géifen d’Elteren dem Beneficiaire iwwerhaapt hëllefen? Dat wier schwéier erauszefannen. „Dat sinn alles Krittären, déi guer net einfach sinn, fair auszeleeën. Et ass also wierklech komplizéiert“, seet hien.

„Ech sinn der Meenung, datt ee vill méi bauen sollt“, sou seng kloer Ausso. Fréier wär gesot ginn, datt Lëtzebuerg e 700.000 Awunner-Staat bis 2050 wäert ginn. Elo wéisste mir, datt dat schonn 2026 de Fall wäert sinn a mir 2050 eng Millioun wäerten erreechen. En plus géif et kuerzfristeg kee Risiko vun enger Iwwerproduktioun vu Wunnenge ginn. „D’Besoine sinn do, soulaang all déi aner Saache funktionéieren“, seet hien. De Bau vu Wunnenge bezeechent hien net als Léisung mee als fundamentalen a vitale Besoin fir Lëtzebuerg. Allerdéngs géif de Bau stagnéieren a wier souguer réckleefeg. D’Federation des Artisans schwätzt vun 2.500 Wunnengen, déi dëst Joer kéinte feelen. De Michel-Edouard Ruben seet, datt d’Perspektive fir nei Wunnengen ze schafen ganz schlecht wieren, wärend d’Perspektive fir d’demografesch Entwécklung ganz gutt sinn. „Dës Equatioun geet net op“.

Seng Iddi fir dëse Problem ze léisen, wär et, eng Allianz nom däitsche Virbild ze grënnen. Beim „Bündnis für bezahlbares Wohnen und Bauen“ hu sech bei eisen däitschen Noperen d’Haaptakteure vum Logement un een Dësch gesat: d’Promoteuren, d’Baufirmen, de Staat, d’Gemengen, d’Kierch als grousse Grondbesëtzer etc. Do sollt een dann der Fro nogoen, wat ee sollt maachen, fir méi bauen ze kënnen. An Däitschland huet d’Allianz ronn 200 Moossnamen als Léisungsusaz opgeschafft. Et wier awer nach ze fréi, fir eng Evaluatioun dovunner ze maachen, ob dës Method Friichten dréit. Zu Lëtzebuerg kéint dem Ruben no esou eng Allianz gutt funktionéieren, wéint der klenger Gréisst vum Land an de kuerze Weeër tëschent den Akteuren. Als Beispill nennt den M.-E. Ruben d’Harmoniséierung vum Bautereglement. Wann net méi all Gemeng seng eege Reegelen huet, da kéint dat e positiven Impakt op de Bausecteur hunn.

An och den abordable Wunnraum dierft doranner net vergiess ginn. Dozou verweist de Michel-Edouard Ruben op den Text vum Michel Wurth an der rezenter Ausgab vun der Fondatioun IDEA ënnert dem Titel „La politique du logement“, wou den Auteur d’Iddi vun engem zweete Marché ervirbréngt, dee vum abordable Wunnraum, e Marché, dee parallel zu engem éischten, normale Marché funktionéiere soll.

 

D’Fondatioun IDEA

D’Fondatioun IDEA ass 2014 op Initiativ vun der Chambre de Commerce gegrënnt ginn. IDEA ass eng Zort Laboratoire vun Iddien. D’Fondatioun huet sech zum Zil gesat, den ëffentlechen Debat duerch hir konstruktiv Virschléi unzereegen, fir Äntwerten op déi grouss sozioekonomesch Erausfuerderungen ze fannen. D’IDEA besteet aus engem wëssenschaftleche Rot, engem Verwaltungsrot an enger operationeller Equipe. Den Expert an Economist Michel-Edouard Ruben gehéiert zur operationeller Ekipp. Hien huet e Magister an der Ekonomie vun der Universitéit vu Bordeaux. Seng Schwéierpunkter sinn de Marché vum Logement, vun der Aarbecht a vun den Entrepreneuren.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.