Ech si Grenzgänger a mengem eegene Land

212.288 Grenzgänger ginn et zu Lëtzebuerg. Dovu liewen am Joer 2022 iwwer 13.330 Grenzgänger mat Lëtzebuerger Nationalitéit an Däitschland, an der Belsch oder a Frankräich, a schaffen awer weiderhin zu Lëtzebuerg. Si ginn atypesch Grenzgänger genannt. Grenzgänger an hirem eegene Land.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Eleng tëschent 2012 an 2022 ass d’Zuel vun de Leit, déi Lëtzebuerg verlooss hunn, awer ëmmer nach do schaffen, vun 2.091 op 3.647 geklommen, dat ass eng Hausse vu 75 %.

De Pier an d’Marie wollten, datt hir Kanner am Ländchen opwuessen, wéi si selwer och. Mee wéi si d’Präisser vun den Haiser gesinn hunn, war deen Dram séier geplatzt. Also si si iwwer d’Grenz kucke gaangen, an op där anerer Säit vun der schéiner Musel huet et hinne gefall. An och d’Haiser waren erschwénglech.

Sou koum et dann dunn, datt si en Haus am Saarland kaaft hunn, mat engem léiwe klenge Gaart, fir d’Hallschent vum Präis wéi zu Lëtzebuerg. Grouss Schwieregkeeten, fir dat Ganzt ze finanzéieren, hate si net: Hir Elteren hu gebiergt, an och wann eng Lëtzebuerger Bank ofgesot huet, eng aner huet de Prêt gär ginn, an esouguer och eng däitsch Bank wier matgaangen. D’Konditioune waren awer bei der Lëtzebuerger Hausbank däitlech besser. Subside vum Lëtzebuerger Staat sinn et leider keng ginn, och d’Subsiden all Joer fir d’Prêtszënse ginn et net, well d’Haus eeben net op Lëtzebuerger Grond steet. Mee nujee.

Natierlech ass de Wee fir op d’Aarbecht fir de Pier an d’Marie elo e bësse méi wäit. Si mussen éischter opstoen a si musse sech drop virbereeden, am Stau ze stoen. Zemools an deenen Zäiten, wou jiddereen ënnerwee op d’Aarbecht ass. Da kann et scho mol eng Stonn méi laang daueren, an hoffentlech ass net nach en Accident geschitt. Am beschte geet een nach séier no der Aarbecht e puer Kommissioune maachen, da si scho vill Leit doheem an d’Stroosse gi méi eidel. Och wann d’Kommissiounen an Däitschland méi bëlleg sinn, fënnt een awer gewësse Saachen net, wéi zum Beispill dem Pier seng Wäinzoossiss.

An natierlech hoffe si, datt de Schengen-Raum an Zukunft respektéiert gëtt a bleift, well soss mécht dat Ganzt jo kee Sënn. Dat erschwéiert jo just d’Zesummeliewen an hëlleft kengem.

Wat den Auto ugeet, dem Pier säi wichtegst Stéck no senger Famill, ass d’Versécherung e gutt Stéck méi bëlleg an Däitschland. Bei den Autossteieren hänkt et dovun of, wéi een Auto et ass, an do kann et bei engem Diesel schonn emol richteg deier ginn. Den TÜV, also „Sandweiler“, ass och an Däitschland nëmmen all 2 Joer fälleg an net all Joer, wat méi praktesch ass, awer op EU-Niveau net logesch.

Mat den Administratiounen a mat der Gemeng hate si guer keng Probleemer, ausser datt de Mupp vill Steiere bezilt.

Säitdeem dee klenge Chrëscht op der Welt ass, schafft d’Marie net méi. Och dat hätte si sech zu Lëtzebuerg net erlabe kënnen, datt d’Mamm mam Puppelchen doheembleift. Also ass d’Marie elo iwwer de Pier bei der Gesondheetskeess matverséchert. Wann een an Däitschland wunnt, muss ee sech och bei enger däitscher Krankekeess umellen, se kascht awer näischt. Si kënnen also och an Däitschland bei den Dokter goen, an d’CNS gëtt hinnen déi Suen erëm. Leider wollte si vum Marie ganz indiskret Zuele vu sengem Akommes wëssen, fir wierklech sécherzegoen, datt hatt net extra bezuele muss, obwuel hatt zu Lëtzebuerg beim Pier ouni Extrakäschte matverséchert ass.

Probleemer mat den neien Nopere goufen et och iwwerhaapt keng.

D’Saarlänner si ganz oppen a frëndlech Leit a si hunn de Pier an d’Marie direkt op e Patt agelueden, wéi si am Gaart de Schwenker ugehäit haten. Och wa se mam Mupp spadséiere ginn, hu se ëmmer Gespréich mat de Leit ënnerwee.

Et si leider ganz dacks d’Lëtzebuerger Noperen, déi net esou kontaktfreedeg sinn a léiwer bei sech bleiwen. De klenge Chrëscht géif am léifste mat sengen Nopeschkolleegen an d’Kita an an d’Schoul goen, well e fänkt jo schonn un, saarlännesch ze schwätzen. Awer de Pier an d’Marie geséichen hie léiwer am Lëtzebuerger Schoulsystem, schonn eleng wéinst de Sproochen. Dat wäert d’Lëtzebuerger Schoul entscheeden, wann et esou wäit ass. Well wann eng Plaz zu Lëtzebuerg an där Schoul fräi ass, kann de Chrëscht se kréien. E Recht drop, als klenge Lëtzebuerger, deen hannert der Grenz wunnt, huet en awer net.

Iwwer d’Altersversuergung hunn de Pier an d’Marie sech nach keng Gedanke gemaach. Awer hir Bomi ass zu Pärel am Altersheim a si ass ganz gutt versuergt. Awer bis dohin hu si jo nach gutt Zäit.

En Artikel vum Tania Hoffmann

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.