E Stéck vum Paradis matzen am Mëllerdall

D’Geschicht vun der Heringer Millen

D’Heringer Millen zu Waldbëlleg am Mëllerdall kann op eng laang Geschicht zeréckblécken. De Konterbont geheit e Bléck op d’Entsteeung vun der aussergewéinlecher Landschaft am Mëllerdall. Vill Jore méi spéit am Laf vun der Zäit hunn eng sëllege Millen dës Regioun gepräägt. Eng ganz besonnesch war d’Heringer Millen, déi och haut nach mat hirem klenge Musée, dem originale Millerad an natierlech der Brasserie vill Leit unzitt. E Réckbléck.

Esou muencher Lëtzebuerger ass de Mëllerdall, dat gréngt Stéck Landschaft am Nordoste vum Groussherzogtum, e Begrëff. Verschiddener denken dobäi un déi kleng Lëtzebuerger Schwäiz, ewéi déi flott Regioun ronderëm d’Uertschaften Iechternach, Bäerdref, Konsdref, Beefort, a Mëllerdall am Volleksmond och nach genannt gëtt. Anere kënnt éischter de Schéissendëmpel, de klenge Waasserfall am Mëllerdall a gläichzäiteg warscheinlech ee vun deene beléiftste Postkaartemotiver an eisem Land, an de Kapp. Awer och de Mëllerdall-Trail, déi 112 Kilometer laang Wanderweeër, déi d’Wanderer tëschent Fielssplécken aus Lëtzebuerger Sandsteen, hellen Däller an enger Rei vu klenge Baachen den Alldag vergiesse loossen.

Vun den Urzäite bis haut

Viru ronn 250 Millioune Jore war déi ganz Géigend nach vum Liasmier bedeckt. Sand, Kallek a Salzer hu sech zu där Zäit um Mieresbuedem ofgesat an sinn iwwer e puer Millioune Joren zu Sandsteen, Kalleksteen an Dolomitte verstengert. Nodeem dat Mier verschwonne war, hu sech Baachen a kleng Flëss hire Wee duerch d’Steng gesicht an esou eng eenzegaarteg an ofwiesslungsräich Landschaft geformt, déi haut all Mënsch mat hire mysteschen Däller a majestéitesche Bëscher ze begeeschtere weess.

Eng ganz Rëtsch vu Jore méi spéit sinn am haitege Mëllerdall iwwer 60 Millen entstan, an deenen zu där Zäit gréisstendeels Broutmiel gemuel gouf. Eng vun dëse Millen, d’Heringer Millen, huet et bis haut iwwerlieft. Am Joer 1624 ass den Numm „Johann, der Heringer Müller“ déi éischte Kéier an enger Schrëft opgetaucht. Säitdeem ass d’Heringer Millen a Familljebesëtz a gëtt vu Generatioun zu Generatioun weiderginn. Bis zum Zweete Weltkrich gouf hei weiderhi Miel fir Brout a Véi gemuel. Wärend der Ardennenoffensiv an de Joren 1944 bis 1945 gouf d’Millen ufangs vun däitschen, spéider vun amerikaneschen Zaldote besat. Zu dëser Zäit goufen déi meescht Dokumenter zerstéiert, esou datt haut nëmmen nach wéineg iwwer d’Geschicht vun der Mille bekannt ass. Nom Krich gouf bis zum Doud vum leschte Mëller am Joer 1978, dem Wilhelm Berg, just nach Schrotmiel hiergestallt. Dono ass d’Gebai lues a lues zerfall.

1988 huet d’Gemeng Waldbëlleg déi al Millen an d’Grondstéck ronderëm kaf. 2007, nodeems d’Gebai komplett entkäert gouf, hunn d’Restauratiounsaarbechten ugefaang. Den Architekt Marcel Niederweis huet deem ale Gemaier e komplett neit Ausgesi ginn, ouni dass deen ale Charme verluer gaangen ass.

Haut fënnt een an deem ale renovéierte Gemaier esou muencher Zäitzeien aus alen Epochen. E klenge Musée huet seng Plaz hei fonnt an entféiert d’Leit op eng Rees a vergaangen Zäiten. Niewent enger Rei Ausstellungsstécker fënnt een am Keller vum Gebai nach dat originaalt Millerad, wat ganz ontypesch am Gebai selwer integréiert ass, sech vun Zäit zu Zäit nach dréit an d’Visiteure vun der Millen oft an d’Staune bréngt.

De Restaurant an d’Brasserie

De Mëttelpunkt vun der Heringer Mille fënnt een haut awer am Haaptgebai vun der Millen: d’Brasserie an de Restaurant „Heringer Millen“, en heemleche Restaurant an engem wonnerschéine Kader. Hei ass jiddereen zu bal all Dageszäit wëllkomm, allerdéngs just vun donneschdes bis sonndes. Nodeems d’Marie Louise Engeldinger an de Lars Fiebig no engem knappe Joerzéngt als Piechter vun der Brasserie Enn 2023 de Bräiläffel niddergeluecht hunn, huet 2024 den deemools 31-järege Kach Christophe Prosperi d’Brasserie iwwerholl. Hie bedreift donieft och nach zu Bäerdref den Hotel „Berdorfer Eck“ mam Restaurant, deen hie „Victoria“ gedeeft huet. Domat pendelt hien tëschent Bäerdref a Waldbëlleg hin an hier.

Och nom Bedreiwerwiessel gëtt deene méi klenge Gäscht an der Brasserie vun der Heringer Millen nach ëmmer vill gebueden: No engem gudde Maufel kënnen d’Kanner sech op där grousser Spillplaz niewent der Millen ameséieren, wärend déi méi al Generatiounen d’Féiss vun der Wanderung nach e wéineg kënnen entspane loossen.

E Genoss ass ënner anerem déi hausgemaachen Tarte flambée, déi ee bei guddem Wieder op der Terrass vun der Brasserie genéisse kann. Also: d’Wanderschong un a lass a Richtung kleng Lëtzebuerger Schwäiz an Heringer Millen!

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.