E Liewe laang léieren …

Vläicht stoungt Dir selwer schonn emol virun der Fro: Soll ech dat, wat ech elo maachen am Liewen, bis meng Pensioun weidermaachen? Oder wëll ech vläicht eng aner Richtung aschloen? Hëlleft mir e Cours, fir besser op der Aarbecht oder privat eens ze ginn? Soll ech net vläicht awer mol léiere bitzen, spuenesch schwätzen, kachen oder mat aneren Interesséierten op d’Sich no Kraider an der Natur goen?

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Kuckt een d’Broschüre vun der Landakademie, déi gratis dräimol d’Joer an all d’Stéit vun de Partnergemenge geet, da kritt ee scho Loscht, fir eppes Neies ze léieren, an et ass fir all Goût a Besoin eppes dran.

Soubal een an enger Saach Meeschter ass, sollt een an enger anerer Schüler ginn.

Mat dëse Wierder huet den däitsche Schrëftsteller vun zum Beispill dem Wierk „Die Weber“ ganz simpel den natierleche Prozess an den Notze vum Léiere beschriwwen, an och, datt keen alles kann, awer jiddereen alles probéiere kann ze léieren.

Traditionell gouf do geléiert, wou déi sougenannten Intellektuell sech getraff hunn: an de Stied, wou och Universitéite waren oder Schoulen an aner Bildungsinstituter. Um Land war d’Offer laang kleng bis inexistent, a Wëssen, wat net als klassesch schoulesch bezeechent gouf, ass Gefor gelaf, verluer ze goen.

… d’Landakademie gëtt 2006 an d’Liewe geruff

Fir deem entgéintzewierken an dat sëllege Wëssen nawell un de Mann respektiv d’Fra ze bréngen, ass am Joer 2006 vum Lokalen Aktiounsgrupp (LAG) Réiden-Wolz a Klierf-Veianen e LEADER-Projet op d’Bee gestallt ginn, fir eben déi ganz vill a verschidden Offeren un Erwuessenebildung ze fërderen an ze strukturéieren. D’Landakademie war gebuer.

Si huet sech entwéckelt a mat der Zäit sinn den LAG Mëllerdall a Lëtzebuerg-West dobäikomm, mam Resultat, datt haut 47 Gemenge mat ronn 135.000 Awunner vun der Landakademie profitéiere kënnen. An de knapp 58.000 Exemplairë vun der Broschür goufe fir den Zäitraum vun Abrëll bis September dëst Joer impressionnant 492 verschidde Coursen ugebueden, a wien d’Offer vun der Landakademie léiwer online kuckt, dat geet op der Plattform landakademie.lu.

Do kann een no Thematik, Kanton, Zilgrupp, Datum, wou e Cours ufänkt a wien en hält filteren.

Déi gedréckte Broschür ass och thematesch gegliddert, soudatt ee séier dat fënnt, wat een am meeschten interesséiert. Déi nächst kënnt elo am September eraus.

Loscht op Neies

Eleng beim Duerchbliederen an nach vill méi, wann een d’Beschreiwung vun deene Coursen, Workshoppen an aneren Offere liest, leeft engem souzesoen d’Waasser am Mond zesummen oder besser gesot: Et gëtt ee vun Inspiratioun iwwerschwemmt. Wie bei dësem Iwwerfloss un Iddien, Ureegungen a Méiglechkeete fir ze léiere keng Loscht kritt, emol eppes Neies ze entdecken, deen ass entweeder schonn an engem Cours ageschriwwen oder resistent géint all Form vu liewenslaangem Léieren.

Dorëm geet et am Grondprinzip vun der Landakademie nämlech och: Datt ee säi ganzt Liewe sollt d’Perspektive vun neiem geeschtege Kapital notzen an sech eben och mol aus der Zon vu Gewunnecht eraus beweegen, eppes Onbekanntes probéieren, mat anere Mënsche vun ënnerschiddlechsten Horizonter zesumme Spaass hunn a sech weiderbilden.

Bildung, dat ass net nëmme liesen a schreiwe kënnen, Bildung ass zum Beispill och, mat sengen eegenen Hänn eppes schafe kënnen, engem Meeschter op d’Fangere kucken an Erfarunge sammelen, sech selwer neien Erausfuerderunge stellen an um Enn mat méi Wëssen, a vläicht souguer der Loscht weiderzeléieren, erauszegoen.

Sprooch- a Computercoursen

D’Landakademie selwer regruppéiert eng ganz Rei Dozenten, déi iwwer hir Plattform Coursen ubidden, organiséiert awer och selwer Sproochen- a Computercoursen, déi vum Educatiounsministère agreéiert, also unerkannt sinn.

Déi Verantwortlech vun der Landakademie sinn och zoustänneg fir dee ganzen organisatoreschen Deel wéi Umeldungen, Certificaten a Rechnungen. D’Plazen, op deenen déi verschidde Coursen an Aktivitéiten ugebuede ginn, stellen déi respektiv Gemengen zur Verfügung.

Landakademie goes Kropemannsfest

Onverbindlech Informatioune kritt een den 29. September. Do ass d’Landakademie zu Réiden um Kropemannsfest, fir an direktem Kontakt den Universum vun dëser interessanter Bildungsplattform virzestellen.

A wie Loscht huet, net nëmme säi Lëtzebuergesch iwwer d’Liese vum Konterbont op Trabb ze halen, mee sech Conversatioun an dëser Sprooch wënscht, fir dee sief ee Cours vun deene villen erausgepickt: „Lëtzebuergesch – eng oppe Sprooch“ fänkt den 2. Oktober zu Capellen un, dëst Sproochentreffen ass am Ganzen zéngmol a soll Lëtzebuergeschschüler d’Geleeënheet ginn, an dëser fir si friemer Sprooch méi Vertrauen ze kréien. Doduerch dass si se schwätzen. Also learning by doing …“

En Artikel vum Nathalie Bender

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.