Placeholder Dummy template

E klengt pickegt Déier an der Publicitéitsbranche

Wie kennt se net, déi kleng Mécken, déi engem spéitstens wann een am Bett läit an d‘Lucht ausgemaach huet, mat engem lästege Summe laanscht d‘Ouer fléien a wéinst där schonn esou muencher ee sech selwer eng op d‘Ouer gehaen huet? Culicomorpha nennen d‘Wëssenschaftler se, am Volleksmond ass se besser bekannt als Moskito, Moustique op Lëtzebuergesch. Vun hirer Zort ginn et der méi ewéi 3600 op der Welt, déi alleguer hir ganz perséinlech Visittekaart a Form vun enger klenger Pautsch hannerloossen, déi ferm bäisst an eis zu all Moment drun erënnert, datt mir Besuch vun esou engem klenge pickege Véi haten.

Eng ganz speziell Zort vun dëse Mécke fënnt een zu Steesel: MOSKITO.

2004 erbléckt dës eenzegaarteg Zort Méck d‘Liicht vun der Welt, deemools nach ënner dem Numm Moskito Productions. Am Häerz vum deemolegen Mobilfunkbedreiwer VOX Mobile an ënner dem Impuls vum Grënner vu VOX, dem Jean-Claude Binz, këmmert MOSKITO sech als Inhouse Publicitéitsagence ëm déi komplett Kommunikatioun vum deemools nach jonken Handysoperateur. Am Joer 2008 verléisst de Jean-Claude Bintz VOX, a mat him geet och Moskito Productions.

2009 verstäerkt d‘Carole Retter déi deemools nach kleng Ekipp a lues a lues léiert och déi kleng Méck eleng ze fléien. Aus enger klenger Inhouse Agence gëtt ënner der Leedung vum Carole Retter, déi hatt am Joer 2011 iwwerhëlt eng „Full-Service Agence“. Mee wat bedeit eigentlech Full-Service? „Et heescht, säi Client wierklech ze kennen an him nozelauschteren. D‘Berodung gëtt an eisem Geschäft ëmmer méi wichteg. Mir mussen eis an d‘Lag vum Client versetzen, an dobäi de Lëtzebuerger Marché, dee sech zolidd vum auslänneschen ënnerscheet, esou gutt ewéi méiglech kennen. D‘Berodung vum Client gëtt ëmmer méi wichteg an hëlt haut praktesch de Groussdeel vun der Zäit an. Full-Service heescht awer och de Client an alle Beräicher vun der Kommunikatioun ze ënnerstëtzen. A genee dat leescht haut d‘Agence Moskito. Eng jonk an dynamesch Ekipp këmmert sech ëm eng Hellewull Clienten aus alle Beräicher a gewënnt iwwer d‘Joren méi ewéi ee renomméierte Präis.

Moskito féiert haut all d‘Fachberäicher ënner engem Dag zesummen, sief et déi grafesch Gestaltung, de Webdesign, Texter schreiwen, Campagnen entwéckelen oder d‘Produktioun vun Audio- a Videospotten.

An och am Joer 2020 passéiert esou munches bei Moskito. Nach éier et an de Lockdown gaangen ass, kënnt d‘Sonia Hoffmann, dat scho säit 2 Joer als Independante mat Moskito zesumme schafft, mat u Bord a verstäerkt d‘Direktioun vun der Agence. Frësche Wand soll dann och an de Beräicher vum Storytelling, de Soziale Medien an audiovisuelle Kampagnen blosen. GOTCHA, déi onofhängeg Agence vum Ben Olinger gëtt bei Moskito integréiert a vervollstännegt domat an Zukunft d‘Ekipp.

Mat KOMPETENT WITZEG entsteet Ufank 2020 den éischten Agence-Podcast zu Lëtzebuerg. ⁣⁣Komplett am eegenen Haus produzéiert, gëtt KOMPETENT WITZEG en éierlechen Abléck an d’Banneliewen an d’Aarbecht vun engem Kommunikatiouns- a Marketingsbetrib an et komme reegelméisseg Partner a Clienten zu Wuert a schwätzen iwwer hir Vue zur Kommunikatioun an hir Aarbecht.⁣⁣

Aus der klenger Méck vun deemools ass en ausgewuessent Déier ginn, kompetent a witzeg, a wann et muss sinn, och emol pickeg!

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.