E Fachmaart a ville Faarwen!

Robert Steinhäuser

Wie scho bei enger Renovatioun oder Neigestaltung vun engem Raum involvéiert wor, deem ass den Numm Steinhäuser bestëmmt net nei. Hei kritt een net nëmme Faarwen zesummegemëscht, déi ee fir den neie Living virgesinn huet, mee och dat néidegt Material, fir d‘Faarf oder d‘Tapéit opzedroen. Mee bis aus engem klenge Familljebetrib e renomméierten Numm mat aktuell zwou grousse Kafflächen entstan ass, ass vill geschitt.

1903 gouf den haitege Fachmaart Robert Steinhäuser duerch den Auguste Steinhäuser, Papp vum Robert, no deem de Betrib benannt ass, als Familljebetrib gegrënnt. Am Joer 1925 sinn dunn d‘Grondstécker „Place Wallis“ am Garer Quartier an der Stad opkaf ginn. No e puer aktiven an erfollegräiche Jore fir de Betrib huet den Auguste sengen zwee Bouwen, dem Robert an dem Lucien Steinhäuser, 1950 d‘Leedung vum Betrib iwwerginn. Dës hunn sech allerdéngs 1971 dozou entschloss, sech ze trennen an zwou onofhängeg Firmen ze grënnen, Couleurs Steinhäuser a Color-Center Lucien Steinhäuser. 1972 sinn dunn d‘Enkelkanner, dem Robert seng Kanner Fernand, Pol a Jean, mat an d‘Firma erageklommen. Doduerch ass d‘Geschäft moderniséiert an d‘Verkafsfläch verduebelt ginn. Déi europäesch Akafsgenossenschaft PM-International ass zwee Joer méi spéit als Partner bäigetrueden, wouropshin 1984 Couleurs Steinhäuser op der Helfenter Bréck mat enger Gesamtfläch vun 3000 m2 opgemaach ginn ass. Op Leideleng sinn si dunn 1996 geplënnert, wou de „Fachmaart Robert Steinhäuser“ no engem weideren Ausbau am Joer 2006 op eng Verkafsfläch vu bal 4000 m2 kënnt. En zweet Geschäft ass am Juni 2010 zu Angelduerf opgaangen, mam Numm „Steinhäuser Nord“, a soll virun allem den nërdleche Bewunner eng besser Méiglechkeet bidden, hei anzekafen.

Vun der Grënnung bis haut ass ëmmer Wäert drop geluecht ginn, dem Client, ob privat oder professionell, d‘Kaferliefnes esou angenehm wéi méiglech ze presentéieren. Den haut bekannte Standpunkt zu Leideleng an der Industriezon läit zum Beispill no um Autobunnskräiz, wat et all Zort vu Clientë méi einfach mécht, schnell an einfach mam Auto oder dem ëffentlechen Transport dohinzekommen. Datt professionellt Geschir a Maschinnen net nëmme kaf, mee och ausgeléint kënne ginn, hëlleft ville Leit, präiswäert ze renovéieren. Eng individuell Faarfmëschung op der Plaz léisst keng Froen op, wat déi gewënschte Gestaltung ugeet. Dobäi kënnt nach, datt bestallte Wueren ouni Oppräis bis heem geliwwert kënne ginn.

Ofgesi vum bekannte Geschäft ginn och aner Servicer ugebueden, ewéi Workshoppen a Molcoursen. Reparatioune vun Maschinne ronderëm Renovatiounsaarbechten an d‘Opfëlle vu Spraydouse ginn och nach ugebueden. Geschoult Personal steet och mat Rot an Dot zur Säit, falls en sech net sécher ass bei deem, wat e virhutt. Hire Service après-vente bitt natierlech och d‘Méiglechkeet, d‘Wuer zeréckzeginn am Fall vun Onzefriddenheet, esoulaang een d‘Verpackung an de Keessenziedel dobäihuet.

De Slogan „Nohalteg denken, nohalteg kafen“ ass fir de Robert Steinhäuser e wichtegen Aspekt. En einfacht Beispill sinn energiespuerend LED-Luuchten. Si verbrauche sechs- bis siwemol manner Stroum a spueren domat däitlech Energie, wat erëm positiv fir d‘Ëmwelt ass. Esou gëtt et an deenen aktuell zwee Geschäfter net nëmmen eng grouss Auswiel un LED-Luuchten, och e groussen Deel vun de Geschäfter ass mat dëser Technologie equipéiert. Geplangt ass an Zukunft komplett dorop ëmzeklammen. Dat ass net nëmme virbildlech, mee beweist och d‘Effikassitéit vun der LED: een Argument méi, fir de Client ze iwwerzeegen.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.