Du hues jo elo gutt Zäit!

„Wéi laang muss du da nach goen?“ Dee Saz héiert een oft, wa sech Leit begéinen, déi de 50. Gebuertsdag scho gefeiert hunn. Et geet ëm d’Alterspensioun, déi déi eng esou séier wéi méiglech wëllen hunn, déi aner huelen sech domat awer nach gäre vill Zäit. Et ass net een ewéi deen aneren, net virun der Pensioun an och net derno.

De Camille M. (Numm vun der Redaktioun geännert) huet ni vun der Pensioun geschwat, net esou wéi vill vu sengen Aarbechtskolleegen a -kolleeginnen, déi him permanent d’Ouer voll gesouert hunn, wéini datt si endlech kënnen d’Pensioun huelen. Si hätte genuch geschafft, elo wier et un deenen Aneren. An ausserdeem wier et op der Schaff haut net méi esou ewéi fréier: Nëmme Stress an Hektik, keng Kollegialitéit méi an de Chef géing och dichteg nerven.

De Camille war do anerer Meenung. „Ech wëll awer nach e puer Joer schaffe goen. Ech wëll net esou séier zum alen Eisen gehéieren.” Obschonn hie vu 55 Joer un all Joer op sengem Decompte vun senge Bäiträg, déi hien an d’Pensiounskeess abezuelt huet, d’Héicht vu senger Alterspensioun stoen hat, huet hien dat ni gekuckt. Hien hätt scho mat 57 Joer eng fréizäiteg Pensioun huele kënnen, well hie schonn de virgeschriwwene Minimum vu 40 Joer cotiséiert huet, mee dat war guer net a sengem Sënn.

De Wee op d’Pensiounskeess

Vun engem Dag op deen aneren huet dem Camille seng Welt anescht ausgesinn. Op senger Aarbecht goung Rieds vun Entloossungen aus wirtschaftleche Grënn. Freides, den 13. Mäerz 2020, huet hie moies fréi d’Dier vum Sëtz vun der Pensiounskeess, oder méi genee gesot vun der Caisse nationale d’assurance pension, op der Nummer 1 um Boulevard Prince Henri an der Stad (Lëtzebuerg) opgedréckt, sech een Ticket gezunn an am Waardezëmmer Plaz geholl.

Am Ufank huet hie just viru sech gekuckt. Hie war zimmlech nervös an huet eréischt no e puer Minutte matkritt, datt 10 Leit, 9 Männer an eng Fra, schonn do souzen an op hiren Tour gewaart hunn. „Et gouf kaum e Wuert geschwat, a wann, da goung et ëm d’Wierder, ëm Krankheeten, ëm d’Konditiounen op der Aarbecht, mee dat Wuert Pensioun ass zu kengem Moment gefall”, sou de Camille haut. 43 war deemools seng Nummer um Ticket, 43 war och déi Nummer, déi eng Stonn méi spéit ugeschloe gouf. „Nervositéit, Häerzklappen a warscheinlech och een héije Bluttdrock hu mech op dem Wee an de Büro begleet,” esou de Camille weider.

„Do huet sech d’Opreegung awer séier geluecht, well déi Fra, déi mir do géintiwwer souz, huet mir a rouege Wierder op all Fro geäntwert, déi ech mir op engem Ziedel opgeschriwwen hat. Deen Dag derno hunn ech mengem Patron matgedeelt, datt ech an 3 Méint a Pensioun ginn. Sou laang muss de Patron dat laut Gesetz am Viraus gesot kréien.”

Haut ass de Camille a senger wuelverdéngter Pensioun. „Wann ech nach e puer Joer geschafft hätt, wier meng Alterspensioun wuel e bësse méi héich, mee ech ka mech awer iwwer dat, wat ech all Mount kréien, net bekloen. Ech kennen der awer, déi just d’Mindestpensioun kréien an déi weider enger Aarbecht musse nogoen, fir kënnen an deem deiere Land hei ze liewen. Bis 65 Joer däerfen si awer nëmmen een Drëttel vum Mindestloun, also ëm déi 660 Euro de Mount dozou verdéngen, soss gëtt een Deel vun der Pensioun gestrach.”

E puer Zuelen

#

1.892.77 Mindestpensioun (Euro/Mount)

8.762.81 Maximalpensioun (Euro/Mount)

Apropos: Wat ass dann iwwerhaapt d’Mindest- oder Duerchschnëtts- oder och nach d’Maximalpensioun hei zu Lëtzebuerg. Dës an aner Froen hu mir dem zoustännege Sozialminister Romain Schneider (LSAP) gestallt. Am Joer 2020 leit d’Mindestpensioun bei enger Cotisatiounsdauer vu 40 Joer bei 1.892,77 Euro pro Mount, dogéint läit d‘Maximalpensioun bei 8.762,81 Euro de Mount. Fir d’Duerchschnëttspensioun kënnen ze rechnen, muss een e ganzt Joer kucken. Dofir gi mer do zeréck an d’Joer 2019. D’lescht Joer louch den Duerchschnëtt bei der Alterspensioun fir déi Leit, déi just zu Lëtzebuerg assuréiert waren, bei 3.477,02 Euro de Mount. Dës Zomm bezitt sech nëmmen op d’Alterspensioun, dat heescht, et goufe keng Invalidepensioun an och keng Hannerbliwwenenpensioun consideréiert. Ausgeschloss sinn och déi Leit, déi een Deel vun hirer Karriär am Ausland assuréiert waren. Interessant ass och nach d’Informatioun, datt den Duerchschnëttsalter vun deene Leit, déi 2019 eng Alterspensioun ugefrot hunn, bei 61,4 Joer louch.

Zeréck bei de Camille. Hien hat seng Zäit no der Aarbecht gutt virbereet. Hien huet seng Hobbyen, mécht nach e bësse Sport, geet zesumme mat senger Fra endlech déi Reese maachen, déi hien bis dohin aus Zäitgrënn ni konnt maachen. A wa mer vun Zäit schwätzen, seet de Camille direkt: „Ech kréien säit ech a Pensioun sinn bal all Dag de Saz: ‘Du hues jo elo gutt Zäit’ ze héieren. Déi Leit mengen, ech wéisst näischt mat mer unzefänken. Do hunn se d’Rechnung awer ouni de Camille gemaach (laacht). An och ouni d’Enkelkanner (laacht).”

Generell gekuckt, gëtt et den typesche Pensionär net. An enger Gespréichsronn mat engem Hausdokter (Generalist) an engem Psycholog konnte mir gewuer ginn, datt et leider vill Leit ginn, déi reegelrecht zesummebriechen, wann se bis an der Pensioun sinn. „Mir gesinn do ganz vill eeler Leit an eisen Dokteschpraxen, déi op eng Kéier uerg mat Depressioune geplot sinn. An deene meeschte Fäll ass et de Pensionär selwer, et sinn awer Fäll, wou de Liewenspartner oder -partnerin ob eemol ganz depressiv gëtt. Et si Koppelen, déi bis dohin net gewinnt waren, all Dag a ronderëm d’Auer zesummenzehänken, da fléien op eemol d’Fatzen oder si falen an d’Depressioun.”

Ausbezuelten Alterspensioun (2019):

Fraen: 42.469

Männer: 80.995

De Psycholog füügt derbäi, datt et leider vill Leit ginn, déi komplett onvirbereet an deen neien Liewensofschnëtt eraginn a sech vun engem Dag op deen aneren an eiser Gesellschaft iwwerflësseg fillen. „Dobäi muss een och soen, datt leider net genuch op d’Déngschter an op dat grousst Wëssen an déi vill Erfarung vun eisen eelere Matbierger zeréckgegraff gëtt. Eis Gesellschaft verléiert do immens vill u Potenzial. Et ginn queesch duerch d’Land e puer gutt Initiativen, fir deem entgéint ze wierken, mee déi zesumme maache just eng Drëps op de waarme Steen aus.“

Aus eisem Gespréich eraus war awer och nach ze héieren, datt et och pensionéiert Leit ginn, déi wéinst ze villen Aufgaben op eemol esou ënner Stress stinn, datt se krank ginn. „Et ginn Pensionär(inn)en, déi fir d’Enkelkanner déi ganz Woch a ronderëm d’Auer d’Crèche ersetzen oder permanent op Ofruff prett do stinn, fir Taxi ze spillen. Dat ass net gutt, och wann déi Leit dat aus Léift zu hirer Famill maachen, et setzt déi eeler Leit ënner en Dauerstress, dee fir si ganz ongesond ass.”

Iwweregens: Am leschte Joer huet d’Lëtzebuerger Pensiounskeess 42.469 Fraen an 80.995 Männer eng Alterspensioun ausbezuelt.

En Artikel vum Roger Infalt

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.