De Jo Klein ass ee vu véier fest agestallte Mataarbechter vun der ASBL. „Wéi ech virun zwee Joer ugefaangen hunn, ware mir just zu zwee“, seet hien. Weider Leit schaffe benevole am Kommitee. Dëst Joer feiert d’ASBL, déi mëttlerweil ëm déi 1.800 Memberen huet, hir 40 Joer. „Deemools huet e Grupp vu Kolleegen, déi gäre Vëlo gefuer sinn, de Veräin an d’Liewe geruff, well d’Vëlosfuerer keng Lobby a kee Sproochrouer haten“, erkläert de Jo Klein, dee verantwortlech fir d’Gestioun vun de Projeten ass.
ProVelo setzt sech a ville verschiddene Beräicher an. Ee Volet ass déi politesch Lobbyaarbecht, wéi de Jo Klein se nennt, bei där d’ASBL sech mat Regierungsvertrieder oder Gemengen zesummesetzt. Doniewent mécht ProVelo vill Informatiounsaarbecht, bei där se virun allem Gemengen a punkto sënnvoll Infrastruktur beréit. An de Schoule bitt de Veräi Workshoppen un, an an der Vëlosschoul kënne sech Leit mellen, déi nach kee Vëlo fuere kënnen, fir et innerhalb vun zéng Deeg ze léieren. Weider bitt d’ASBL Reparaturcoursen un, Kinosowender a Konferenzen. „Dat geet vu bis a mir si weider motivéiert, eis auszebauen, fir datt mir ëmmer méi e Sproochrouer ginn, well dat dat Eenzegt ass, wat zu eppes féiert“, seet de Jo Klein. Sou kann ee seng Doleancen oder Froe ronderëm de Vëlo un de Veräi riichten: info(at)provelo.lu
Eng Fro, déi ëmmer erëm opkënnt, ass déi vum Ausbau a vun der Sécherheet vun eise Vëlosweeër: Firwat ass Lëtzebuerg sou wäit hannendran? Wourunner et läit, dat huet verschidde Grënn. „E Vëloswee ass eréischt da gutt, wann d’Eltere sech trauen, mat hire Kanner driwwerzefueren“, sou d’Devise vum ProVelo-Mataarbechter. „Zum engen hu mir d’Gefill, datt deelweis de politesche Wëlle feelt an datt einfach déi Visioun nach net do ass“, seet hien. De Vëlo géif dacks nach net wierklech als Alternativ ugesinn an erkannt ginn. De Jo Klein kann awer och verstoen, datt et grad am ländleche Raum schwéier wier, parallel zu all Landstrooss Vëlosweeër ze bauen. „Mir géifen eis dat natierlech wënschen. Mee et ass eppes, wat net realistesch an den nächste Joren ass.“
Niewent dem feelende politesche Wëlle sinn et dacks déi laang a schwéierfälleg Prozedure bei Bauprojeten, déi de Vëlosweeër am Wee stinn. De Jo Klein erkläert, datt et dobäi ëm Enteegnunge vun Terraine ka goen, déi sech iwwer vill Joren zéie kënnen, oder Ëmweltoplagen, déi erfëllt musse ginn. „Et musse vill verschidde Studie gemaach ginn an dacks sinn et ënnerschiddlech Ministèren, déi gläichzäiteg un engem Projet schaffen. Dat hëlt enorm vill Zäit an Usproch.“ Déi nei Regierung gesäit Aarbechtsgruppe vir, déi interministeriell agéieren an doduerch d’Prozedure verkierze kënnen. Mee de ProVelo-Mataarbechter bleift skeptesch: „Wa Vëlospiste geplangt ginn, dauert dat an eisen Ae vill ze laang. Do misst vill méi séier reagéiert ginn.“
E weidere Grond, wisou Lëtzebuerg beim Ausbau vun de Vëlosweeër esou hannendran ass, gesäit de Jo Klein bei der Mentalitéit vun de Leit. „Mir wënschen eis e Gedankewiessel bei der Bevëlkerung.“ Wat hien domat mengt, ass, datt een net fir all 500 Meter, déi een zum Beispill bis bei de Bäcker muss zeréckleeën, den Auto soll huelen. Bei esou kuerze Strecke kéint de Vëlo eng praktesch Alternativ sinn, déi da lues a lues zu engem Reflex gëtt.
Dobäi weisen d’Zuelen, datt grad an der Stad Lëtzebuerg ëmmer méi Leit mam Vëlo fueren. Bei enger Ëmfro zum neie Mobilitéitsplang vun der Haaptstad hu 40 Prozent vun de Bewunner gesot, se wiere bereet, op den Auto ze verzichten, wann d’Vëlosweeër méi sécher wieren. Och géife Studie beleeën, datt de Vëlo am stättesche Raum ‒ bei allem, wat ënner fënnef Kilometer läit ‒ dat séierst Verkéiersmëttel ass. „D’Potenzial ass also do, mee awer och nach ganz vill Loft no uewen“, sou de Jo Klein.
Hie kritiséiert virun allem déi feelend Visioun, wat hien u ville Beispiller feststellt. An der Stad sinn an de leschte Joren nei Parkhaiser gebaut ginn an anerer vergréissert ginn, fir ëmmer méi Autoen ënnerzekréien. Gläichzäiteg ass de System vun de stättesche Vignetten him en Dar am A. D’Bewunner vun engem Stater Quartier kënnen an all aner Véierel an der Stad zwou Stonne gratis parken. „Dat ermontert d’Leit dozou, och fir kuerz Strecken an der Stad den Auto ze huelen.“
De Jo Klein beschreift d’Autokultur zu Lëtzebuerg éischter als eng Confortkultur. „Soulaang den Auto am confortabelsten ass, wäerten d’Leit virun allem dorobber zréckgräifen, fir sech vun A op B ze beweegen. Wa mer wierklech eng Transitioun wëllen hikréien, déi vun allen Experte gewënscht a virausgesi gëtt, well mer soss am Kollaps landen, da muss den Auto manner confortabel ginn.“ Hien nennt als Beispill Stied am Ausland, wéi Paräis oder Bréissel, wou d’Autoe wuertwiertlech Steng an de Wee geluecht kréien, fir datt se dobausse bleiwen. „Wéi ech elo zu Bréissel war, sinn ech richteg neidesch ginn, wéi ech gesinn hunn, wéi vill Liewensqualitéit d’Leit do hunn, well se op ville Plazen hire Raum als Foussgänger a Vëlosfuerer erëm zeréckkritt hunn.“
Mee einfach den Autosverkéier aus enger Stad erausloossen, ass och keng Léisung fir de Jo Klein. Et muss een de Leit Alternativen ubidden. Hien nennt d’Konzept vun der Multimodalitéit, wou een en effizient Zesummespill tëschent dem ëffentleche Verkéier, der duusser Mobilitéit an dem Auto muss op d’Bee stellen. „Et ass och net esou, datt mir den Auto wëlle verbidden, well mir eis ganz bewosst sinn, datt grad am ländleche Raum d’Leit op den Auto ugewise sinn. Wat awer fir eis immens wichteg ass, ass op deene Plazen op de Vëlo ze setzen, wou et eng Méiglechkeet gëtt.“ Trotz Mobilitéitsplang vun der Stad Lëtzebuerg gëtt d’ASBL ProVelo d’Gefill net lass, datt een dee Problem e bësse viru sech hier dréckt. „Et feelt un enger klorer Visioun, wéi mir eis Stied nei andeele kënnen. De Stroosseraum, deen aktuell immens grouss ass, muss nei geduecht an opgedeelt ginn, fir datt jidderee seng Plaz fënnt“, sou de Jo Klein. „Mir erhoffen eis, datt iergendwa Leit um Rudder sinn, déi dat Potenzial gesinn an d’Stied den Awunner zeréckginn.“
Anerersäits muss de ProVelo-Mataarbechter awer och zouginn, datt an de leschte Jore vill an der Stad geschitt ass. „Mir hu wierklech e puer flott Infrastrukture kritt, mee et ass dacks vill Gepësels.“ Eng vun de Fuerderunge vum Veräi bleift, datt bei all neiem Bauprojet, PAP oder Wunnvéierel de Vëlo muss mat ageplangt ginn. Dacks géif dat vergiess ginn. „Wat mer éierlecherweis soe mussen, ass, datt mir keng Ingenieure sinn, mee Leit, déi am Alldag ganz vill Vëlo fueren. Mir wëssen, wat mer brauchen, wat gutt ukënnt a wat net gutt ukënnt.“ Aktuell géif d’ASBL awer nëmmen nach seelen a just vun e puer Gemengen, zu deene se e gudden Drot huet, mat abezu ginn. Bei allen anere Projete géif dem Veräin näischt aneschters iwwregbleiwen, wéi nom Ofschloss vum Projet dësen ze kritiséieren. „Dofir kréie mir dacks virgeheit, datt mer e Meckerveräi sinn.“
En Artikel vum Eric Rings
Fotoen: © ProVelo