Mäin Numm ass „MS Princesse Marie-Astrid” an ech sinn dat fënneft vu menger Bluttlinn. Jo, Dir hutt richteg héieren: ech heesche wéi dat klengt Meedchen, dat mech deemools um 28. Mee 1966 gedeeft huet. 12 Joer hat déi frech Strutz, ma säin Titel huet eis Prinzessin awer och do scho mat vill Stolz an Éier gedroen. Ech versichen, him nozeäiferen. Schliisslech sinn ech d’Aushängeschëld vun der Lëtzebuerger Schëfffaart. Iwwregens: wousst Dir, datt d’Musel eréischt säit 1964 vu grousse Schëffer befuer gëtt? A jo, d’Kanaliséierung vum Floss war de Startschoss vum Reesen iwwer Waasser hei an der Regioun, ouni deen et mech haut guer net géif ginn. Ma scho bal zéng Joer virdrun haten d’Gemenge Rëmerschen, Wellesteen a Stadbriedemes d’Iddi, den Tourismus am Museldall nei unzekuerbelen. E grandiose Geeschtesblëtz, wann Dir mech frot!
Fuere kann een haut mat mir op vill Plazen an och thematesch gëtt et u mengem Bord esou muenches ze entdecken. Besonnesch beléift sinn déi Faarten, bei deenen et och eppes fir de Gumm gëtt. Mmm, geschmaacht hunn ech vun de regionale Spezialitéiten zwar leider nach ni, ma de Geroch vum Miseler Wäin an all deene gudde Platen aus dem Lëtzebuerger Land loossen och engem Schëff wéi mir d’Waasser am Mond zesummelafen (am iwwerdroene Sënn natierlech). Déi meeschte Leit zitt et awer sonndes u mäin Deck, well tëscht Ouschteren an Oktober fueren ech zu geregelten Zäiten ëmmer déiselwecht Streck. Vun Tréier iwwer Waasserbëlleg, ëmmer weider iwwer Gréiwemaacher a Richtung Schengen, geet et fir meng Gäscht laanscht d’Ufere vu Wuermer, Stadbriedemes, Réimech a Bech-Maacher. Ze gesi gëtt et virun allem eppes: Natur pur! Well – dat kann ech Iech garantéieren! – d’Wäibierger a kleng Dierfer un der Musel sinn net nëmme vu Land aus e Genoss. A nee, wien de Spirit vun der „Mousel” esou richteg fille wëll, dee muss sech scho bis op d’Waasser eraustrauen. Ech geheien och kee vu Bord, versprach.
Ech hunn awer och nach aner, méi besonnesch Trips ze bidden. Ob d‘Dënschdes-Croisière duerch d’Schengener Land, d’Rees an d’Vergaangenheet um Mëttwoch, d’Schlemmerfaart um Freideg oder speziell Ausflich a Richtung Bernkastel a Saarburg – mat mir entdeckt Dir Plazen op eng Manéier, wéi Dir se nach ni gesinn hutt! Dir kéint natierlech och mam Auto an all déi léif kleng Dierfercher fueren, ma wou wier dann do de Spaass? Hei loosst Dir Iech ganz gemittlech vun eisem Kapitän kutschéieren, a kënnt dobäi den Ausbléck einfach genéissen. Ei, do kritt een dach richteg Loscht op Vakanz!
Wien dann awer léiwer e bësse méi Action wëll, fir deen hunn ech och dat Richtegt. Iwwer mäi Parquet si scho vill Leit gedanzt a gleeft mir eppes: eng Soirée mat mir, déi wäert Dir ganz sécher ni méi vergiessen. Ech sinn och flexibel wat d’Musek ugeet, bei mir ass de Client Kinnek. Sollen et ABBA-Klassiker sinn, fir esou richteg schéin an Erënnerungen ze schwelgen? D’Miseler Dancing Queen ass ready! Eng Soirée portugaise? Fuesmusek fir matzegrölen? Alles kee Problem, meng Jukebox huet fir jiddwereen eppes parat. Am léifsten hunn ech awer d’Gala-Dinneren. Dammen a laange Cocktailskleeder, schick Monsieure mat gelackte Schong, e Gourmet-Menü à la carte – do gluckst mäin Häerz! A wat hunn ech scho Soiréeën erlieft! Vu Verléiften, déi sech op mengem Deck d’Jo-Wuert ginn hunn, iwwer Familljefester mat deem engen oder anere Patt ze vill bis hin zu seriöse Geschäftsiessen, déi op eemol guer net méi esou seriös waren – ech kéint e Buch schreiwen!
Apropos Buch: et soll een zwar net ëmmer déi al Kamellen erëm erauskromen, ma déi hei Anekdot ass awer derwäert, erzielt ze ginn. Meng Virgängerin – oder besser gesot, meng Ur-ur-ur… mee egal, op jiddwerfalls ass u Bord vun der zweeter MS Marie-Astrid eppes geschitt, wat et an all Geschichtsbuch an Europa gepackt huet. De 14. Juni 1985 ass hei nämlech am klenge Wënzerstiedche Schengen de selwecht-genannte Vertrag ënnerschriwwe ginn. Vertrieder vun de BeNeLux Staaten, vun Däitschland a vu Frankräich waren deemools präsent an hunn hire Kreepchen ënner dat Dokument gemaach, wat derno villes verännert huet. Wat en historesche Moment! Do kritt een dach bal eng Tréinchen an d’Aen.
Mee genuch vu fréier, d’Liewen ass elo. An Dir wëllt bestëmmt wëssen, wat een ausser Drauwen a vill Gréngs dann nach esou duerch meng Fënsteren ze gesi kritt? Ma ech verroden Iech et. Maacht d’Aen zou – richteg fest zou, hei gëtt net gefuddelt! An elo stellt Iech eng Rees vir, laanscht Päiperleken an alle Formen a Faarwen, duerch zwou grouss Paarten, déi de Waasserfloss regelen. Eng Faart laanscht Plazen, déi guer net esou wäit ewech schéngen a vun deene Kannerlaache lues vum Wand bis an Är Ouere gedroe gëtt. Eng Rees laanscht aner Booter, déi gemittlech an der Sonn virun Anker leien a vu mengem Passage duuss hin- an hiergeschaukelt ginn. Dir frot Iech, wat all dës magesch Plaze solle sinn? Ech kéint Iech et jo elo einfach soen, mee da wier de Reiz dach net méi deeselwechten, wann Dir déi nächste Kéier iwwer d’stolen Trap u mäin Deck kommt an Iech traut, d’Aventure vun der Musel mat mir zesummen ze erliewen…
En Artikel vum Laura Tomassini