An der Schoul geet et drëm, datt d’Kanner ganz vill Basiskompetenzen entwéckelen, wéi liesen, schreiwen a rechnen. Déi Jonk solle léieren, d’Welt ze verstoen. Doniewent gëtt et awer nach vill aneres, wat d’Schoul vermëttele soll. Se soll niewent den intellektuelle Capacitéiten och Afloss op déi sozial an affektiv Kompetenzen, d’Verhalenskompetenzen an op d’Verständnis vun der Diversitéit vun der Welt hunn. De leschte Punkt huet eppes mat Kultur ze dinn. De Luc Weis, Direkter vum Script, seet: „Kulturunterrecht ass ze verstoen als e Vermëttele vu Versteesdemech par rapport zu ganz ville Kulturen, déi zu Lëtzebuerg present sinn.“ Fir hien ass dat essentiel an engem multikulturelle Land wéi Lëtzebuerg, fir datt d’Zesummeliewe ka funktionéieren.
Deen anere Volet vun der Kultur betrëfft déi klassesch Andeelungen a Literatur, Konscht a Musek. „Dëse Beräich ass eis ganz wichteg, well mir gesinn, datt an eiser Gesellschaft net all d’Kanner a Jugendlecher dee selweschten Zougang zu där Kultur hunn“, erkläert de Luc Weis. An dëser Kultur entstinn nei Welten, déi déi Jonk solle kenne léieren. Doduerch kënne si sech Meenunge bilden, hiert Weltbild méi grouss maachen, Alternative fannen an hire Bléckwénkel méi breet faassen. „Dofir ass et esou wichteg, datt mir probéieren, fir jiddereen en Accès zur Kultur ze schafen, fir datt net just déi Privilegiéiert dovu profitéieren, déi, wou d’Elteren d’Kanner mat an d’Kultur huelen an se drop stoussen.“
An dëser Logik ass et dann och wichteg, datt d’Schoul sech fir d’Kultur opmécht an d’Kultur fir d’Schoul. De Script iwwerhëlt doran eng Vermëttlerroll. Besonnesch am Fokus stinn d’Schüler aus der Voie de préparation, wéi eis de Luc Weis verréit. Et handelt sech heibäi ëm déi vulnerabelst Schüler vum Lëtzebuerger Schoulsystem. De Script schafft hei mat verschiddene Kulturhaiser zesummen, mat deene Konventiounen ofgeschloss goufen. Dozou gehéieren ënner anerem d’Mierscher Kulturhaus, d’Rotondes oder och d’Kufa zu Esch.
E gutt Beispill, wéi d’Schoul sech fir d’Kultur opmaache kann, ass de Projet „Kulturama.lu“. De Luc Weis bezeechent dëse Referenz-Projet fir de Secondaire, deen 2018 entstanen an 2022 nei definéiert gouf, als Vermëttlerplattform, op där iwwer 120 Artiste registréiert sinn, déi oppe sinn, fir bei Schoulprojete wéi Theaterproduktiounen, Graffitti-Workshoppen oder anere Konschtprojete matzemaachen. Op där anerer Säit si 45 Lycéeën, déi op dës Kënschtler zougräife kënnen. De Script-Direkter erkläert, wéi dat konkreet funktionéiert: „Den Enseignant geet mat senger Iddi fir e Projet op d’Plattform, sicht sech en Artist eraus, dee passt, a wann deen zouseet, da kënnt den Enseignant bei eis. Mir finanzéieren en Deel an seng Schoul deen aneren Deel.“ De Projet ass vum Kulturministère kofinanzéiert. Mëttlerweil sinn op dësem Wee iwwer 250 Projeten an de Schoulen entstanen.
Éischter un d’Populatioun aus dem Fondamental geriicht sinn d’Projete „Mimamu“ a „Makedra“. „D’Websäite mimamu.lu a makedra.lu hunn zesumme ronn 5.000 Visitte pro Mount“, verréit eis de Luc Weis. Hei kann d’Léierpersonal op d’Datebank zougräifen, an där ënner anerem Lidder, Partituren, Theaterübungen oder Hëllefsstellungen ze fanne sinn. „Mimamu“ (Ofkierzung fir „mir maache Musek“) ass e Museksprojet, deen ursprénglech geduecht war, fir d’Enseignanten, déi manner museksaffin sinn, ze ënnerstëtzen. „Makedra“ (Ofkierzung fir „maach keen Drama“) ass en Theaterprojet, bei deem d’Schüler Theaterstécker a Filmer maachen.
E weidere grousse Projet, deen de Script am Kader vun der kultureller Bildung an d’Liewe geruff huet, nennt sech „Be a HEARo“. Hei erliewen all Joer ronn 2.000 Schüler hire vläicht éischte Rockconcert an der Rockhal. Dëse pedagogesche Concert gëtt vum Rocklab organiséiert, deen eng Band engagéiert, déi bekannte Rock-, Pop- an Hiphop-Songs spillen. „Dobäi kréien d’Schüler dann d’Basis vun der Concertsmusek erkläert a gewisen, wat e Bass ass, wat e Refrain ass“, sou de Luc Weis. Zousätzlech ginn op verschiddene Wochendeeg Ateliere fir d’Schüler organiséiert, an deenen dëst Theema nach méi an der Déift behandelt gëtt. Si kënnen zum Beispill Covere fir Placke kreéieren an nach méi iwwer d’Welt vun der Rock- a Popmusek gewuer ginn.
E Projet, deen esouguer am Regierungsprogramm steet, ass dee vun de Kënschtlerresidenze fir d’Grondschoulen an d’Lycéeën. „Dës Initiativ ass eng Zesummenaarbecht tëschent dem Script, dem Kulturministère an der Fondatioun Sommer an ass d’lescht Joer unhand vu véier Kënschtler respektiv Kollektiven erfollegräich getest ginn,“ erkläert de Luc Weis. Och dëst Joer wäerte wärend enger festgeluechter Period vu 6 Woche bis 2 Méint erëm 4 Artisten an d’Schoule goen. „Si si wärend dëser Zäit ëmmer disponibel, maachen hir eege Produktioun a kreéieren och eppes mat de Schüler zesummen“, preziséiert hien. D’lescht Joer goufen ënner anerem en Danzspektakel an en Theaterstéck produzéiert an um Enn och opgefouert.
Doniewent ënnerstëtzt de Script de Filmfestival vun der Stad Lëtzebuerg, fir datt déi Jonk – wann se iwwerhaapt nach an de Kino ginn – och d’Filmwelt ausserhalb vun de Blockbustere kenne léieren. E weidere Projet gëtt zesumme mat der Vereenegung ASTM (Association Solidarité Tiers Monde) organiséiert. Hei treffen d’Schüler op afrikanesch Kënschtlerinnen a Kënschtler mat Migratiouns- an deels och Flüchtlingsbackground. Dës Museks- an Danzworkshoppe sollen de Jonken engersäits déi afrikanesch Kultur méi no bréngen an anerersäits hinnen d’Méiglechkeet ginn, sech mat der Biografie vun de Kënschtlerinnen a Kënschtler auserneenzesetzen, déi deels dramatesch Geschichte vun hirer Migratioun oder hirer Flucht ze erziele wëssen.
Och wa Kultur méi ass wéi nëmme Suen, verréit eis de Luc Weis, datt de Script all Joer tëschent 150.000 an 200.000 Euro ausgëtt, fir d’Kultur an d’Schoulen ze bréngen an d’Schoule méi no bei d’Kultur ze bréngen.
De Script ass awer net nëmmen – wéi am Ufank schonn erwäänt – fir déi kulturell Bildung zoustänneg, mee dëst ass just een Element an enger ganzer Panoplie vun Aufgaben. D’Administratioun ass immens breet opgestallt an deckt eng Hellewull vu Missiounen of. Fir dat Ganzt besser gräifen ze kënnen, deelt den Direkter d’Theemefelder vum Script a fënnef verschidden Divisiounen an:
D’Editiounshaus vum Script këmmert sech ëm d’Léiermaterialien, och didaktesch Materialie genannt. All Joer produzéiert d’Editiounshaus nämlech 30 bis 40 Titelen, wéi eis de Luc Weis verréit. Dës Schoulbicher ginn an de Schoule benotzt, fir d’Programmer ëmzesetzen. „Eise Virdeel ass et, datt mir do ganz enk mam Terrain zesummeschaffen“, seet hien. An den Aarbechtsgruppe sëtzen Enseignanten, déi wëssen, wat um Terrain gebraucht gëtt. Déi bekanntste Bicher an där Rei si warscheinlech déi franséisch Bicher mat den Titele „Salut, c’est parti !“, „Salut, c’est magique !“ a „Salut, c’est à toi !“ fir de Fondamental. Dëse klenge Verlag ass ee vun de Piliere vum Script.
Eng weider Aufgab vum Script ass d’Sammele vun Donnéeën am Schoulsystem. Mee net nëmmen d’Sammelen, och d’Opbereedung an d’Analys vun dësen Date gehéiert zum Aufgabeberäich. Dës kënnen dann de Journalisten, de Leit an de Schoulen oder dem Grand public zur Verfügung gestallt ginn. „Déi bekanntste Publikatioune sinn eis Chiffres clés, déi mir all Joer erausginn, wou een déi wichtegst Zuelen am Schoulsystem kann noliesen, ënner anerem, wéi vill Schüler oder wéi vill Enseignantë mir hunn“, seet de Script-Direkter. Doniewent organiséiert déi Divisioun och déi grouss national an international Etüden: op nationalem Niveau sinn dat d’EpStan, op internationalem zum Beispill Pisa, ICILS oder d’HBSC-Studien.
Déi drëtt Divisioun vum Script këmmert sech ëm d’Programmer an nennt sech Curriculum-Entwécklung. Si ënnerstëtzt d’Programmkommissiounen am Secondaire a schafft och mat den Enseignanten an anere Servicer aus dem Ministère un de Programmer am Fondamental. „Do ass dee wichtegste Projet aktuell d’Weiderentwécklung respektiv d’Neiausriichtung vum Plan d’études am Fondamental, wou mir e ganz laange Consultatiounsprozess gemaach hunn an elo an eng Phas kommen, wou de Curriculum am Fondamental nei geduecht gëtt“, erkläert de Luc Weis.
Eng weider Divisioun ass responsabel fir d’Innovatioun am Schoulsystem. Si iwwerhëlt d’Mandater vun der Bildungspolitik, fir nei Saachen an de Schoulsystem anzeféieren. Prominent Beispiller sinn ënner anerem de Coding, dat neit Schoulfach „Digital Sciences“ oder och d’Alphabetiséierung op Franséisch. „Nei Saache ginn hei konzipéiert an derno um Terrain getest an ëmgesat“, sou de Script-Direkter. Aktuell ass dës Divisioun amgaang, en Trendwatcher op d’Been ze stellen, deen Innovatiounen dobaussen an an de Schoulen als solch erkenne soll. Eng weider Ekipp kuckt iwwer den nationalen Tellerrand an d’Ausland. Hei ass sech zum Beispill an England, dat als Virreider vum Coding gëllt, inspiréiert ginn. Dëst ass dunn analyséiert ginn an d’Bildungspolitik huet dem Script dunn e Mandat ginn, fir de Coding och am lëtzebuergesche Schoulsystem unzewenden.
Last but not least fënnt een als lescht Divisioun vum Script d’Initiativen an d’pedagogesch Offeren. „Déi schaffe ganz vill mat Partner vu baussen, mat deene Konventioune gemaach ginn“, seet de Luc Weis. Hien nennt als Beispill d’Éducation sexuelle et affective oder de Beräich vun der Kultur. Iwwer Konventioune kënnen dës Acteuren an de Schoulen intervenéieren. Doniewent nennt de Script-Direkter eng ganz Rëtsch vun Initiativen, déi an de Schoulen ugebuede kënne ginn. Dozou gehéiert zum Beispill de Vëlosprojet „Bicycool“, wou een eng Ekipp buche kann, déi an d’Schoul kënnt, fir de Kanner ze weisen, wéi ee sécher a gutt Vëlo fuere kann. Weider Initiative sinn de Projet „YES“ (Yoga an Entspanung an der Schoul), de „Chmenki!“ (dat steet fir „ech sinn de Chef vu mengem Kierper!“), wou d’Schüler hiren eegene Kierper kenne léieren, fir Belästegunge virzebeugen, oder e Projet mat der Vereenegung Omega 90, bei deem et drëm geet, d’Kanner drop virzebereeden, datt et esou eppes gëtt wéi Krankheet, Doud, Trauer. Dee Projet heescht „Wat kënnt, dat geet“.
Och wann de Script eng Hellewull vu Missiounen huet, vergësst déi fir den Educatiounsministère essentiel Verwaltung net dee wichtegste Rendez-vous am Joer: d’Schoulrentrée, déi elo usteet. An niewent der Rentrée steet dann am Hierscht deen nächste wichtegen – kulturellen – Rendez-vous fir de Script jiddefalls scho fest: d’Walfer Bicherdeeg. „Dat ass e groussen Event fir eis“, betount de Script-Direkter. Engersäits ass d’Presenz als Administratioun vum Educatiounsministère wichteg an anerersäits ass de Script jo och en Editiounshaus.
En Artikel vum Eric Rings
Fotoen: © SCRIPT