D’Draperies de Luxembourg goufen 1824 vun zwee jonke Geschäftsleit, de Bridder Guetschlik a Samson Godchaux aus Manom bei Diddenuewen am Joer 1824 gegrënnt. Am Ufank konnten si sech just eng Wiewerei am Pafendall leeschten, well d’Banken hinnen deemools kee Prêt bewëllegt hunn. Duerch den onermiddlechen Asaz vun deenen zwee Bridder ass doraus awer en industriellen Imperium entstanen, deen an esou muencher Saachen eng Virreiderroll an der fréier Industrialiséierung vum Lëtzebuerger Land sollt spillen.
Sechs Deeg an der Woch, 14 Stonnen den Dag, gouf schonn ëm 1845 op der Schläifmille geschafft. Vu Bouneweg, Hamm a Sandweiler ass een deemools zu Fouss op d’Aarbecht komm fir Rostoffer wéi Woll, Kotteng oder Fluess ze spannen, ze wiewen oder ze fierwen. D’Produite wéi Flanell, Woll, gefierftent Duch a moltonéiert Stëfter waren deemools bis iwwer d’Grenzen eraus gefrot. Dräi Generatioune vun der Godchaux-Famill hate Filialen zu Ettelbréck, an der Fiels an am noe Loutrengen. Si waren déi éischt, déi hei zu Lëtzebuerg an eng Dampmaschinn investéiert hunn. Och e modernt Waasserkraftwierk hunn si opriichte gelooss. Schonn 1911 goufen, mat Hëllef vum eegene Wasserkraaftwierk, d’Stroosseluuchten elektresch bedriwwen, wärend d’Stroosse vun der Haaptstad deemools nach mat Gaslantere beliicht goufen.
Virum éischte Weltkrich hunn d’Godchauxe méi ewéi 2.000 Leit beschäftegt, 800 dovun eleng op der Schläifmillen.
Awer net nëmmen um techneschen an industrielle Plang ass op der Schläifmillen investéiert an innovéiert ginn. Och um mënschlechen a sozialen Niveau war d’Famill Godchaux Virreider. Esou goufe Crèchen, Kantinnen a Butteker um eegene Site gebaut an esouguer Schoule finanzéiert.
Schonn 1901 gouf de gréisstendeels weiblechen Aarbechter op der Schläifmillen eng Krankeversécherung ugebueden, déi Ausfallgeld am Fall vu Krankheet bezuelt huet. Dobäi war dëst am Rescht vum Land, trotz engem éischte Krankekeesegesetz, zu där Zäit nach bal net üblech.
Den 1. September 1939, dem Dag vum Amarsch vun der däitscher Arméi a Polen an dem Ufank vum zweete Weltkrich, huet d’Duchfabrik op der Schläifmillen hir Dieren zougemaach.
150 Mënschen hunn zu där Zäit hir Aarbecht verluer. Méi waren der vun deenen 800, déi nach virum éischte Weltkrich op der Schläifmille beschäftegt waren, net méi iwweregbliwwen. D’Wirtschaftskris vun den Zwanzeger- an Drëssegerjoren hat och hei hir Affer gefuerdert.
D’Duchfabrik gouf et net méi, d’Gebailechkeete vun der Schläifmillen hunn allerdéngs weiderhi bestan. Nom Krich goufen d’Wunnengen op der Schläifmillen, déi – ganz no franséischem Virbild – direkt niewent de Fabrickshale stoungen, vun auslännesche Famillje bewunnt, déi zu där Zäit op Lëtzebuerg koumen, fir Aarbecht ze fannen. Awer och wärend dem zweete Weltkrich stoungen d’Gebaier net eidel. Zu dëser Zäit war um Site vun der Schläifmillen e Lager fir sowjettesch Zwangsaarbechter, déi beim Bau vun der Reichsbahn sollten hëllefen.
An de Fofzeger- a Sechzegerjore war d’Schläifmillen zum Misärsquartier verkomm, an deem Aarmut a Leed op der Dagesuerdnung stoungen. D’Wunngebaier si weider verfall a stoungen ufanks de Siwwenzegerjore komplett eidel. Vun der aler Duchfabrik war net méi vill iwwereg. E puer Wunnhaiser, d’Wolllager an d’Gebai vun der elektrescher Zentral waren erhale bliwwen, awer och extreem baufälleg, nodeem beim Verschrotte vun der aler Dampmaschinn eng Charge Dynamit ze vill benotzt gi war. 1985 koum lues a lues erëm Liewen op d’Schläifmillen. En Erzéier vun der ASBL Inter-Actions an e Grapp Jugendlecher sinn an eent vun de Gebaier geplënnert, mam Zil sech hei en Atelier anzeriichten. An den éischten zwee Joer goufe Renovatiounsaarbechten un de Gebaier duerchgefouert. Aus de Gemengebëscher direkt niewent der Schläifmille gouf Brennholz gesammelt an et ass en Holzschapp gebaut an e Gaart ugeluecht ginn. No an no ass och den eigentlechen Atelier entstanen an dernieft eng kleng Kichen an e Sanitärberäich. Déi Jugendlech, déi do geschafft hunn, waren tëschent 18 an 30 Joer al an hate bis zu deem Zäitpunkt nach net vill Erfolleg an der Gesellschaft. Schonn an der Schoul hat et net esou richteg geklappt an och spéider, am Aarbechtsliewen, ass esou munches schifgelaf. Si selwer hu sech net vill zougetraut an si waren den Ufuerderunge vun der deemoleger Aarbechtswelt a vum Liewen net gewuess.
Och haut nach bitt d’ASBL Inter-Actions esou Jugendlechen eng zweet Chance am Atelier Schläifmillen. Si kréien hei d’Méiglechkeet, sech an all den traditionelle Beruffer vum Bauhandwierk ze forméieren a kréien doriwwer eraus en ettlech Hëllef an ënnerschiddleche Beräicher ewéi der Stäerkung vun de Sozialkompetenzen, der gesonder Ernärung, der Sich no enger neier Aarbecht an dem dagdeegleche Liewen.
Awer net nëmmen dem Atelier vun Inter-Actions bitt de Site vun der Schläifmillen en Doheem. Och e Grapp voll Kënschtler sinn op den Industriesite geplënnert, deen hinne säithier dee passende Kader bitt, fir ze schaffen a Konscht ze schafen. Datt d’Schläifmillen haut och als Konschtatelier genotzt gëtt, ass virun allem dem Robert Mancini ze verdanken. Ufanks den Achtzeger war de Journalist a Sculpteur op der Sich no engem Atelier, wéi e Kolleeg him erzielt huet, datt hien op der Schläifmille wéilt wunnen. Allerdéngs war d’Schläifmillen zu deem Zäitpunkt nach eng Ruin. Kee fléissend Waasser, keng Toiletten an d’Fënstere ware gréisstendeels och net méi do, wou se sollte sinn. Et war also praktesch ondenkbar, op esou enger Plaz ze wunnen. De Kënschtler huet sech awer virun allem fir dat aalt Gebai interesséiert an esou huet hie bei der deemoleger Buergermeeschterin vun der Stater Gemeng intervenéiert, an dat mat Erfolleg. D’Lydie Polfer war oppe fir d’Propos, de Kënschtler aus der Stad d’Schläifmillen als Atelier zur Verfügung ze stëllen, an esou ass de Robert Mancini schonn 1983 an d’Schläifmille geplënnert an huet sech do säin Atelier ageriicht. 1987 gouf dunn d’ASBL Schläiffmillen gegrënnt an no an no sinn ëmmer méi Kënschtler op déi al Industriebrooch vun der Schläifmille geplënnert.
Bal ewéi eng kleng Idyll an der Stad bidden d’Frichë vun der Schläifmillen an der rue Godchaux haut Kënschtler a Leit op der Sich no Aarbecht en Doheem an eng Plaz, fir sech selwer ze verwierklechen.