Lëtzebuerg ass houfreg op seng Kooperatiounspolitik. Säit den Achtzegerjoren ass d’Entwécklungszesummenaarbecht am Groussherzogtum en essenzielle Pilier vun der Aussepolitik. Zënter 2009 investéiert dat klengt Land 1 % vum RNB (Revenu national brut) an d’Entwécklungspolitik – dat si ronn 551 Milliounen Euro am Joer 2024 – a positionéiert sech domat prozentual gesinn ënner den Topp fënnef „Geber“-Länner vun der Welt.
Fir e méiglechst optimalen an nohaltegen Impakt ze hunn, fokusséiert sech Lëtzebuerg am Kader vu senger Kooperatiounsaarbecht op eng limitéiert Unzuel vu Länner. Engersäits – a virun allem – sinn dat aktuell déi sougenannten dräi Partnerlänner, zu deenen de Cap Vert, de Senegal a Laos gehéieren. Op där anerer Säit ass de Grand-Duché momentan awer och nach an eelef Projetslänner aktiv; dozou gehéieren Afghanistan, de Benin, déi besate palästinensesch Gebitter, de Burkina Faso, Costa Rica, El Salvador, de Kosovo, Mali, d’Mongolei, den Niger an de Vietnam.
D’Partnerlänner: Wat zeechent se aus?
D’Entwécklungszesummenaarbecht mat de prioritäre Partnerlänner fënnt a Form vu sougenannten indikative Kooperatiounsprogrammer (PIC: Programmes indicatifs de coopération) statt, déi bilateral sinn a sech iwwer e puer Joer erstrecken. Et handelt sech dobäi ëm Strategien, déi zesumme mat de lokalen Autoritéiten ausgeschafft ginn an déi festleeën, wéi eng Entwécklungsaarbecht Lëtzebuerg a wéi engem Land mécht an zu wéi engem Budget. De Fokus läit besonnesch op de Beräicher Waasserzougang a sanitär Ariichtungen, Educatioun, Ausbildung a berufflech Integratioun esouwéi Gesondheet a lokal Entwécklung.
D’Auswiel vun de Partnerlänner baséiert op klore Krittäre wéi zum Beispill, dass et eng Prioritéit fir déi am wéinegsten entwéckelt Länner (PMA: pays les moins avancés) gëtt, eng Iwwerschneidung mat den zentralen Ziler vun der Lëtzebuerger Aussepolitik besteet a vun enger laangwiereger Partnerschaft esouwéi engem historesche Lien ka geschwat ginn. Déi partnerschaftlech Zesummenaarbecht mat Länner vun dëser Kategorie kënnt zu engem Enn, wann déi lokalpolitesch Lag net méi mam westleche Wäertekodex kompatibel ass an deementspriechend d’Sécherheet vun den Hëllefsorganisatiounen op der Plaz net méi ze garantéieren ass – dat war am Joer 2023 beispillsweis fir den Niger de Fall, wou et zu engem Militärputsch komm ass.
Cap Vert
Den Ufank vun de Kooperatiounsbezéiungen tëschen dem Cap Vert an dem Grand-Duché ass op d’Enn vun den 1980er-Joren ze datéieren. 1993 gëtt de Cap Vert opgrond vun engem signéierten éischten allgemenge Kooperatiounsaccord en elementaart Partnerland vun der Lëtzebuerger Entwécklungspolitik. Domat ass den offizielle Grondstee fir eng nohalteg Zesummenaarbecht an de Beräicher Kultur, Wëssenschaft, Technik, Finanzen a Wirtschaft geluecht. Zesumme mat Portugal ass Lëtzebuerg aktuell de wichtegsten Entwécklungspartner vum Cap Vert.
Säit 2002 ginn d’Entwécklungsmoossnamen an den indikative Kooperatiounsprogrammer (PIC) festgehalen. Déi definéieren e klore Kader, an deem d’Projete vun der Lëtzebuerger Ambassade da realiséiert ginn. Den aktuelle PIC mam Titel „Entwécklung – Klima – Energie“ deckt den Zäitraum vun 2021 bis 2025. En ass spezifesch fir d’Situatioun vum Cap Vert konzipéiert ginn, deen engersäits ufälleg fir d’Auswierkunge vum Klimawandel ass a mat Waassermangel ze kämpfen huet, anerersäits awer gutt Bedéngunge fir d’Produktioun vun erneierbarer Energie opweist. De Budget ëmfaasst mëttlerweil 86 Milliounen Euro.
Laos
D’Demokratesch Volleksrepublik Laos ass 1997 als Partnerland vun der Lëtzebuerger Kooperatiounspolitik ausgewielt ginn. An deem Joer hunn déi zwee Länner am Kader vun der Generalversammlung vun de Vereenten Natiounen zu New York diplomatesch Bezéiungen opgeholl. En éischte Kooperatiounsprojet am Beräich Gesondheet ass direkt lancéiert ginn. Wéinst dem Fokus vun der Lëtzebuerger Kooperatiounspolitik op d’PMAe mécht de Groussherzogtum am Januar 2016 eng Ambassade an der Haaptstad Vientiane op.
Den éischte PIC gëtt am November 2003 ënnerschriwwen a bréngt e Budget vun 18 Milliounen Euro mat sech. Mëttlerweil ass déi bilateral Partnerschaft beim fënnefte PIC ukomm, dee bis 2026 wierksam ass an e staark erweiderte Budget vu 95 Milliounen Euro opweist. D’Zesummenaarbecht viséiert d’Bekämpfung vun der Aarmut an eng sozio-ekonomesch Entwécklung am Laos. D’Beräicher, déi am Fokus stinn, sinn d’Gesondheet, d’Educatioun, d’Aarbechtspotenzial vun der Bevëlkerung esouwéi och eng Entwécklung vum ländleche Raum. E besonneschen Akzent gëtt ausserdeem op d’Stäerkung vun enger verantwortungsbewosster Regierung gesat.
Senegal
De Startpunkt vun der Entwécklungszesummenaarbecht tëschent Lëtzebuerg an dem Senegal ass d’Joer 1987. Dës Bezéiung mam Zil, eng kontinuéierlech, nohalteg a positiv Transformatioun ze bewierken, ass 1998 duerch d’Ënnerschreiwe vun engem allgemenge Kooperatiounsaccord formaliséiert ginn. 2001 mécht de Grand-Duché seng „Mission de la coopération“ zu Dakar op. Dobäi handelt et sech ëm déi éischt direkt Representatioun vu Lëtzebuerg um afrikanesche Kontinent mam Zil, méi no un der lokaler Bevëlkerung ze sinn a gläichzäiteg d’Visibilitéit an d’Effikassitéit vun der Zesummenaarbecht ze zementéieren. 2007 kritt d’Mission de la coopération de Status vun enger Ambassade.
Fënnef PICe si mëttlerweil ënnerschriwwe ginn – deen éischten am Abrëll 2002, dee leschten den 19. Juli 2023 mat engem bemierkenswäerte Budget vun 154 Milliounen Euro. De PIC 5 huet eng kloer, laangfristeg Visioun: D’senegaleesesch Bevëlkerung soll opgrond vun engem verbesserten Zougang zu qualitativ héichwäertege soziale Grondservicer a -strukturen en Niveau vun allgemengem Wuelbefannen erreechen, deen et méiglech mécht, zum ekonomesche Wuesstum an zur nohalteger Entwécklung vun hirem Land méi aktiv eppes bäizedroen.
En Artikel vum Heng Barone