D’CSSF ass en Établissement public, deen eng ganz Rei ënnerschiddlech Missiounen ze erfëllen huet. Eng vun deene sëllegen Aufgabe besteet dran, d’Acteure vun der Finanzplaz ze kontrolléieren, awer och d’Supervisioun vun de Finanzproduiten an d’Kontroll vum Handel op der Bourse zielt zu hiren Aufgaben.
D’CSSF huet awer net nëmmen d’Ofleef an d’Produiten am Bléck, mee och d’Mataarbechter vum Finanzsecteur, hir Qualifikatioun an d’Anhale vun de Gesetzer am dagdeegleche Schaffen.
Als onofhängeg Kontrollinstanz dréit d’CSSF derzou bäi, d’Vertraue vun de Consommateuren an d’Finanzplaz an an hir Produiten ze stäerken.
1999 gëtt an 12 Länner an Europa den Euro als nei Wärung agefouert. Dëst huet virausgesat, datt och Lëtzebuerg, genee ewéi déi aner 11 Staaten, eng den 1. Januar operationell Zentralbank huet mussen hunn. Gläichzäiteg ass den Europäesche System vun den Zentralbanken (ESZB) agefouert ginn. Den ESZB ëmfaasst esouwuel déi Europäesch Zentralbank (EZB) ewéi och all national Zentralbank, egal ob dat jeeweilegt Land den Euro agefouert huet oder net. D’Eurozon regruppéiert d’EZB an d’Länner, déi zum Euro-Wärungsgebitt gehéieren.
D’Lëtzebuerger Zentralbank, als Member vum Eurosystem, schafft mat drun, d’Präisstabilitéit sécherzestellen an de Wäert vum Euro als international unerkannte Referenzwärung niewent dem US-Dollar ze sécheren.
Luxembourg for Finance, besser bekannt als LFF, ass d’Agence fir d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Finanzplaz am Ausland. D’LFF ass eng ëffentlech-privat Partnerschaft tëschent der Lëtzebuerger Regierung an der Association of Luxembourg Financial Industries (PROFIL). D’Aufgab vun der Agence, déi 2008 gegrënnt ginn ass, ass et, d’Lëtzebuerger Finanzindustrie stänneg weiderzeentwéckelen, nei Geschäftsberäicher ze identifizéieren an d’Attraktivitéit vun der Finanzplaz am Ausland sécherzestellen an auszebauen.
Am September 2019 gouf op Initiativ vun der LFF d’Plattform Eis Finanzplaz lancéiert. Op eisfinanzplaz.lu an an de soziale Medie fënnt den interesséierte Bierger eng Hellewull vun Informatiounen iwwer d’Finanzplaz: Zuelen, Portraiten an Erklärungen zu Fachbegrëffer aus der Finanzwelt.
D’Uleies vun der Plattform ass et, de Grand public iwwer d’Wichtegkeet vun der Finanzplaz fir eis Ekonomie opzeklären, him d’Finanzplaz méi no ze bréngen a verständlech Informatiounen zu komplexen Theemen aus der Finanzwelt ze liwweren. An och un déi Jéngst gëtt geduecht. An enger Rei vu Videoe kréien d’Kanner vu Kanner d’Finanzplaz erkläert.
D’BEI ënnerstëtzt Betriber esouwuel aus dem ëffentleche wéi och aus dem private Secteur mat Prêten, der Bereetstellung vun Eegekapital oder a Form vu Garantië fir spezifesch Projeten.
Zënter der Grënnung am Joer 1958 huet d’BEI méi wéi eng Milliard Euro investéiert. Am Mëttelpunkt vun hirer Aarbecht sti Klima an Ëmwelt, Entwécklung, Innovatioun a Wëssen, kleng a mëttelgrouss Betriber souwéi Infrastruktur a Kohäsioun. De Klimaschutz steet bei all de Projeten am Mëttelpunkt.
D’BEI schafft enk mat aneren EU-Institutiounen zesummen, fir d’europäesch Integratioun no vir ze bréngen, d’Europäesch Unioun ze entwéckelen an d’Ziler vun der EU an iwwer 140 Länner ronderëm d’Welt ze fërderen.
Fir dësem ëmmer méi wichtegen Zweig vum Lëtzebuerger Finanzsecteur eng Stëmm an e Gesiicht ze ginn, ass am Joer 1998 d’ALFI (Association of the Luxembourg fund industry) gegrënnt ginn. Haut representéiert d’ALFI niewent 1.500 Investitiounsfongen eng Abberzuel vu Firmen a Betriber, déi am Secteur aktiv sinn. Dozou gehéieren Depotbanken, Administrateure vu Fongen, Transfertagenten, Distributeuren, juristesch Firmen, Beroder, Steierberodungsfirmen, Auditeuren a Comptabelen, spezialiséiert IT- a Kommunikatiounsfirmen.
„D’Efforte vun der Industrie sou ze leeden, datt Lëtzebuerg zur wichtegster Plaz fir Investitiounsfongen op der Welt gëtt“, esou definéiert d’ALFI selwer hir Missioun.