D’Oldtimer-Frënn ginn ëmmer méi jonk!

De Begrëff „Oldtimer“ gëtt, anescht wéi bei eis, an der englescher Sprooch net fir al Autoe gebraucht, do schwätzt ee vu „Classic Car“. „Oldtimer“ seet een an den engleschsproochege Länner héchstens emol zu engem eeleren Här – mee dat soll ee vläicht awer léiwer ënnerloossen …

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Och den Interessi fir historesch Autoe verbënnt een dacks mat Hären, déi an engem éischter méi fortgeschrattenem Alter sinn, mee dat ass beileiwen net méi sou wouer wéi nach virun e puer Joer. Well ëmmer méi jonk Leit entdecken hautdesdaags hir Léift fir eeler Autosmodeller, woubäi et net onbedéngt Luxuskarosse musse sinn: Och eng schuckeleg 2CV oder eng formschéin R4 ka vill Fuerspaass bréngen a suergt dobäi nach fir e gewëssene Coolness-Effekt am Kolleegekrees.

Onbestriddenen Haaptacteur an der Lëtzebuerger Classic-Car-Zeen ass d’LOF (Lëtzebuerger Oldtimer Federatioun), déi sech d’Erhalen an d’Promotioun vu klasseschen Autoen um gesetzlechen an um kulturelle Plang op hir Fändele geschriwwen huet. 1992 gegrënnt ass d’LOF een un de Weltverband FIVA ugeschlossenen nationalen Daachverband, an deem sech d’lëtzebuergesch Clibb an Associatiounen, déi sech mat alen Autoen, Motoen, Bussen an Traktere befaassen, zesummegedoen hunn. D’Federatioun hält de Kontakt zu de politeschen Autoritéiten a stellt eemol am Joer den Autojumble op d’Been, op deem sech all Amateure vun den automobille Klassiker treffen an hir rar Sammlerstécker presentéieren. Dernieft organiséiert d’LOF all Mount e sougenannten Oldtimer-Breakfast a bedeelegt sech mat engem Oldtimertour och um Télévie, bei deem Sue fir de Kampf géint Kriibs a Leukemie gesammelt ginn.

No engem Gesetz vum Februar 2016 ass en Auto en Oldtimer, wann en op d’mannst 30 Joer huet. Eng weider Konditioun leet fest, datt de Won am Zoustand muss sinn, wéi e gebaut gouf, dat heescht mat all sengen originalen Deeler. Wann dat de Fall ass, kritt den Auto de „Véhicule Historique“-Status a säi Besëtzer profitéiert vu verschiddenen Avantagen: Sou steet zum Beispill fir VH-Autoen nëmmen all zwee Joer e „Sandweiler“-Termin um Programm, amplaz datt schonn no engem Joer kontrolléiert muss ginn. Verschidden Assurancëgesellschafte bidden awer och schonn avantagéis Primmekonditiounen, wann den Oldie eréischt 20 oder 25 Joer huet.

Net manner wéi 9.300 klassesch Autoe sinn zu Lëtzebuerg ugemellt, vill stinn der awer och nach als Wäertanlag a Privatgaragen a fueren net op der Strooss, sou datt d’Zuel vun de klassesche Gefierer (Bussen, Camionen, Trakteren asw. abegraff) am Land op ronn 20.000 geschat gëtt.

Och déi héich Zuel vun themateschen Evenementer an Initiative weist, wéi beléift den Oldtimer zu Lëtzebuerg ass: Dat geet vun den Terminer, déi d’LOF an hirem Manifestatiounskalenner annoncéiert, iwwer Eventer, déi doriwwer eraus vu Gemengen, Banken a Privatleit organiséiert ginn, bis zu de Commercen, déi original Stécker verkafen, an de Garagen, déi sech op den Entretien vu klasseschen Autoe spezialiséiert hunn. Beandrockend sinn och de Succès vum Dikrecher „Conservatoire National de Véhicules Historiques“ an dee vun esou originellen Institutioune wéi dem Oldtimer-Restaurant V8 zu Jonglënster, wou een sech säi Menü direkt niewent enger BMW-Isetta vun 1958 oder enger Corvette vun 1959 ka schmaache loossen …

„Oldtimerbegeeschterung heescht, mat wéineg Moyenen eppes Flottes maachen“, seet de Lucien Franck, President vum Comité Véhicules Historiques vum ACL (Automobil-Club Lëtzebuerg). „Et kann een, wann ee wëll, selwer un sengem Auto schaffen an et huet ee besonnesch hei am Land vill Geleeënheet, sech mat Gläichgesënnten auszetauschen.“ Den Automobil-Club bitt alle Frënn vu klasseschen Autoen ënner senge Memberen dann och eng ganz Rëtsch vu Prestatiounen, dorënner en Oldtimer-Test am Diagnostic Center, speziell Maintenance an Entretiens-Formatiounen an de „Contrôle Technique“ an Zesummenaarbecht mat der SNCT. Doriwwer eraus invitéiert de Club all Joer am Mee op seng ACL Classic Tour, déi dëst Joer hiren zwanzegste Gebuertsdag feiert. Wéi bei allen Oldtimer-Touren handelt et sech dobäi net ëm eng Course, mee ëm e gemittlechen automobillen Ausfluch, bei deem virun allem de Gemeinschaftsgeescht an interessant „Bensinsgespréicher“ am Mëttelpunkt stinn.

En Artikel vum Patrick Calzi

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.