Médecins sans frontières (MSF) gouf 1971 zu Paräis vun engem Grupp Journalisten an Doktere gegrënnt. Haut ass et eng weltwäit Beweegung mat méi wéi 69.000 Leit, an hiren Numm gëtt an déi jeeweileg Landessprooch iwwersat: weltwäit „Doctors Without Borders“.
D’Ekippe schaffen dann och weltwäit a 74 Länner.
D’Vereenegung ass a 24 Sektiounen agedeelt an dëst an 20 Staaten an an de véier Regioune Latäinamerika, Südasien, Ostafrika an dem südlechen Afrika.
En internationale Büro zu Genf këmmert sech ëm d’Koordinatioun an ënnerstëtzt d’Zesummenaarbecht am Netzwierk.
All Joer gi fir Projete vun der Organisatioun méi wéi 3.000 Dokteren, Psychologen, Infirmièren a Fleeger, Hiewanen a Logistiker rekrutéiert.
Am Ganzen huet MSF am Joer 2022 eegenen Informatiounen no weltwäit ronn 65.000 Leit beschäftegt, dovun 91 Prozent an den Hëllefsprojeten. Néng vun zéng Mataarbechter kommen deemno aus den Asazlänner selwer.
Déi Lëtzebuerger Sektioun vun „Dokteren ouni Grenzen“ gëtt et zënter 1986.
Haut schaffen hei um Haaptsëtz an der Stad 35 Leit, fir déi Lëtzebuerger Bevëlkerung op déi humanitär Problematiken opmierksam ze maachen an ze sensibiliséieren, fir Fongen ze sammelen, fir d’Aktioune finanzéieren ze kënnen, fir déi éierenamtlech Mataarbechter, déi um Terrain schaffen, ze encadréieren a fir Studien ze ënnerstëtzen, wéi een dës Aktioune méi effizient gestalte kann.
MSF geréiert och Spideeler a Klinicken, si féieren Operatiounen duerch, bekämpfen Epidemien, leeden Impfcampagnen, dirigéieren Ernärungszenteren a bidden esouguer psychesch Fleeg an Hëllef un.
Et ginn iwwer 26.000 aktiv Spender zu Lëtzebuerg, 99 % vun de Ressourcë kommen aus dem private Beräich, 85 % vum Akommes ginn u sozial Missiounen an domat direkt erëm um Terrain agesat.
8 Membere sëtzen am Verwaltungsrot, et ginn 100 Member-Associéen an 80 éierenamtlech Mataarbechter.
Zënter 2009 deelt MSF Lëtzebuerg hir Erfarung mam Service du développement de la recherche médicale um Terrain, dank de Kompetenze vun der Unité de recherche opérationnelle zu Lëtzebuerg, déi „LuxOR“ (Luxembourg Operational Research) heescht.
De 17. Juni 2016 huet d’Organisatioun an enger Pressematdeelung bekannt ginn, datt se aus Protest géint déi europäesch Migratiouns- an Asylpolitik, déi hirer Meenung no Ausgrenzung an Ofschreckung als Zil huet, vun deem Moment u keng Sue méi géif bei den Institutioune vun der Europäescher Unioun an hire Memberstaaten ufroen.
Eegenen Informatiounen no loungen d’Recetten am Joer 2022 weltwäit bei 2,252 Milliarden Euro an d’Ausgabe fir Nouthëllefprojete bei 1,737 Milliarden Euro. 97,3 Prozent vun de Recettë stamen aus private Spende vu weltwäit méi wéi 7 Millioune Spenderinnen a Spender.
Médecins sans frontières ass eng privat Associatioun op internationalem Niveau.
D’Associatioun zielt haaptsächlech Dokteren a Fleegepersonal an hëlt natierlech och Memberen aus anere Beräicher op, déi hirer Missioun déngen. Si hale sech alleguer u follgend Prinzippien:
D’Dokteren ouni Grenzen hëllefen de Bevëlkerungen an Nout, den Affer vun Natur- oder mënschleche Katastrophen, an enger Krichssituatioun, ouni Diskriminéierung a puncto Rass, Relioun, Philosophie oder Politik.
Si schaffen an der Neutralitéit an an der Onparteilechkeet, si beusprochen am Numm vun der universeller medezinescher Eethik an dem Recht op humanitär Hëllef déi vollstänneg Fräiheet, fir hir Funktioun ausféieren ze kënnen.
Si engagéiere sech, d’Deontologie vun hirem Beruff ze respektéieren an eng vollkommen Onofhängegkeet am Bezuch op all Muecht, sief se politesch, wirtschaftlech oder reliéis, ze erhalen.
Éierenamtlecher schätzen d’Risike vun de Missiounen, déi se ausféieren, an se kréie keng Vergütung, ausser déi, déi d’Associatioun hinnen hirer Méiglechkeet no ka ginn.
En Artikel vum Tania Hoffmann